Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO
Neiegkeeten

Israelesch-syresche Grenzkonflikt beonrouegt d‘UNO

Well eng iranesch Drone vu Syrien aus an den israelesche

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
Neiegkeeten

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Ukrainer zelebréiere Visa-Ausnam

D'Land réckt méi no un d'EU

Ukrainer zelebréiere Visa-Ausnam

Honnerten Ukrainer hunn um Sonndeg d’Grenz tëscht hirem Land an der EU iwwerschratt fir d’Akraafttriede vun der Visa-Ausnam mat der EU – vir kuerz Openthalter – ze zelebréieren. Gefeiert ginn ass déi „definitiv Sortie“ vun hirem Land aus dem „russesche Räich“ esou de President Petro Porochenko. „D’Ausnam fir d’Visa’en fir d’Ukrain huet ugefaangen! Rum fir Europa! Rum fir d’Ukrain!“, huet de Porochenko getweet.

D’Moossnam u sech ass allerdéngs fir d’Ukrain signifikativ, wou ee pro-europäeschen Opstand 2014 fir den Ofgang vum pro-russesche President gesuergt hat. Säit deem si Moskau a Kiew net méi gutt op enaner ze spriechen. Besonnesch och säit der Annexioun vun der Krim duerch Russland an dem uschléissende bewaffente Konflikt am Oste vun der Ukrain tëscht pro-russesche Rebellen a Regierungstruppen.

Arees fir 90 Deeg

All Ukrainer, deen am Besëtz vun engem biometresche Pass ass, kann elo fir maximal 90 Deeg an ee Land vun der EU areesen. Egal op geschäftlech, touristesch, fir d’Famill oder Frënn ze besichen. Just schaffen däerf en an der EU net. D’Visa-Ausnam gëllt fir all d’Länner vun der EU mat Ausnam vu Groussbritannien, Irland, Island, Liechtenstein, Norwegen an der Schwäiz.

Am Laf vum Dag huet sech de Porochenko un d’Grenz mat der Slowakei beginn, wou hie symbolesch eng Dier zum EU-Memberland opgemaach huet. Déi Dier – een ukrainesche Pass duerstellend – war ausgeschnidden an engem risegen Tableau an deem déi grouss Monumenter, wéi den Eiffeltuerm, d’Sagrada Familia oder de Kollosseum duergestallt huet.

Mir hunn esou laang gewaart“, sot de Porochenko a géigewaart vum slowakesche President Andrej Kiska „Ech si sécher, dat dësen 11. Juni an der Geschicht vun der Ukrain als deen Dag an Erënnerung bleift, wou se endgülteg aus dem russeschen Imperium ausgetrueden ass an zréck an d’Famill vun den europäeschen Natiounen“.

Weider Reforme stinn un

Wëllkomm an Europa“, huet de Kiska him geäntwert „Ech wëll iech aluede mat de Reforme weider ze maachen.“ D’Frederica Mogherini, EU-Ausseministesch huet an enger Video-Botschaft matgedeelt: „Haut loosse mer d’Barrièren tëscht dem ukrainesche Vollek an de Bierger vun Europa falen (…) D’Ukrain huet Reformen ënnerholl déi seng Bierger gefuerdert hunn an d’EU huet säi Versprieche gehalen. Dat ass et wat een eng Win-Win Situatioun nennt.“

D’EU huet d’Visa-Ausnam no ville Méint mat Diskussiounen a Verspéidungen an de Reformen, déi awer vu Kiew ënnerholl gi sinn. Et ass hei dann och ëm ee Schlësselversprieche gaangen, dat mam Associatiouns-Accord tëscht der Ukrain an der EU 2014 gemaach gi war. Hei geet et ëm de politeschen Dialog an de wirtschaftlechen a kommerziellen Austausch.

Ech si säit zéng Joer vir déi éischte Kéier nees an d’Ausland an dat ass esou flott

Ulyana Golosyak, Ukrainerin a Polen

Den ukraineschen Ausseminister Pavlo Klimkin huet sech sengersäits iwwert déi éischt Flich vun Ukrainer ouni Visa a Richtung Warschau, Budapest a Frankfurt gefreet. „#Beviz -kee Visa – et geet lass“, huet hie getweet, iert hien iwwert d’Grenz mat Ungarn gaangen ass. Hien huet dunn Biller vu Migratiounskontrollzon gepost huet.

Mat Sécherheete begleet

Ech si säit zéng Joer vir déi éischte Kéier nees an d’Ausland an dat ass esou flott“, freet sech d’Ulyana Golosyak, eng Ukrainerin déi a Polen gaangen ass. Säi Mann huet si bis op d’Grenz begleet. „Hien huet sech gesot datt eppes kéint geschéien an datt ech misst ëmdréinen…“, erkläert d’Fra der AFP „…ech sinn esou frou iwwert d’Grenz ze dierfe mat dësem Pass“. Iwwert den Dag hunn sech honnerte Leit mam Fliger oder iwwert d’Strooss an d’Nopeschlänner gemaach. Laut dem konsulareschen Déngscht si just véier Leit op der Grenz zeréckgewise ginn.

D’EU huet d’Liberalisatioun vun de Visa’en mat Sécherheete begleet. Eng Klausel erlaabt eng schnell Aféierung vun der Visasflicht an Ausnamefäll. Dobäi kann et sech ëm staarke Migratiounsdrock oder enger erhéichten Zuel vun Ukrainer, déi net méi zréck wëlle wann déi erlaabten Openthaltsdauer erreecht ass.

mam Oleksandr Savochenko

Foto: Mënsche wénke mat Fändele vun der EU während engem Open-Air Concert um Europa-Square zu Kiev (© Sergei Supinski/AFP)

 

Ähnlech Sujeten EU, Petro Porochenko, Russland, Ukraine
Nächsten Artikel Virrechten Artikel