Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

Wéi gutt kënns du duerch dës 12 Lëtzebuergesch-Testfroen?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kënns du duerch dës 12 Lëtzebuergesch-Testfroen?

Wéi all Woch presentéiere mir och haut en neie Lëtzebuergesch-Quiz!

Andauernd trëlls de iwwer Ofkierzungen! Weess du, woufir di heite stinn?
International Neiegkeeten

Andauernd trëlls de iwwer Ofkierzungen! Weess du, woufir di heite stinn?

Kaum eng Associatioun, Organisatioun oder Entreprise ouni Ofkierzung. Et geet

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale Krich mat Russland erwähnt. Hie werft Moskau vir, déi militäresch Presenz un der Grenz drastesch erhéicht ze hunn. Domatter kritt déi ugespaante Situatioun, déi zanter datt d‘Russen ukrainesch Krichsschëffer am schwaarze Mier gekapert hunn entstanen ass, nach eppes méi Dramatik.

Och den US-President dréit net zur Entspanung bäi. Hien huet géintiwwer dem Vladimir Putin den Toun gehuewen, an domatter gedreet, d‘Entrevue déi am Kader vum G20-Sommet an Argentinien virgesinn ass, ze annuléieren. Hie wëll awer nach de Rapport vu senge Beroder zur nationaler Sécherheet ofwaarden, deen anscheinend „Determinant“ soll sinn, esou d‘Washington Post.

„Vläicht kënnt et net zur Entrevue mam Meeschter vum Kreml“, huet hien am Interview gesot, kuerz nodeems dat Wäisst Haus d‘Renconter tëscht de Presidente bestätegt hat. „Ech hunn dës Aggressioun net gären. Ech wëll keng Aggressiounen“, ënnersträicht den Donald Trump, deen ëmmer nees beschëllegt gëtt, ze vill conciliant mat Moskau ze sinn.

Dat ass kee Kannergebuertsdag

D‘Ukrain a Russland liwweren sech den Ament déi geféierlechst Ausenanersetzung zanter Joren. Nodeems déi russesch Küstewaach en Sonndeg dräi ukrainesch Krichsschëffer gekapert huet, déi an d‘Territorialgewässer vun der Federatioun agedronge wieren, gëtt der internationaler Communautéit en handfeste Konflikt ugedreet.

„Ech wëll net datt ee mengt, datt wier e Kannergebuertsdag. D‘Ukrain steet der Bedreeung vun engem totale Krich mat der russescher Federatioun géinteniwwer“, esou de Petro Porochenko op dräi ukraineschen Televisiounschaînen, zur beschter Sendezäit um Dënschdegowend. Laut dem ukrainesche President, hätt sech d‘Zuel u Panzer an de russesche Militärbase verdräifacht.

De Petro Porochenko huet zudeem ugefouert, datt et am Mier vun Azov, ëmmer méi russesch Krichsschëffer gëtt, an och op der Krim d‘Truppe verstäerkt gi wieren. Et ass dat eleiten dann och déi éischt Konfrontatioun zanter der Annexioun vun der Krim, an dem Ausbroch vum Konflikt am Osten, wou pro-russesch Separatisten a Regierungstruppen sech bekämpfen.

Provokatioun oder Aggressioun?

Beschëllegt illegal déi russesch Grenz iwwerschratt ze hunn, sinn 12 ukrainesch Matrousen – vun de 24 déi e Sonndeg Prisonéier gemaach goufen – bis de 25. Januar an Untersuchungshaft gesat ginn. Dat huet d‘Geriicht vu Simferopol (Krim) entscheet. Déi aner Matrousen hunn e Mëttwoch Rendez-vous mam Riichter. Observateure ginn dovunner aus, datt och si an Haft bleiwe mussen.

Zum „Zesummestouss“ am schwaarze Mier ass komm, wéi déi ukrainesch Krichsschëffer versicht hunn, d‘Strooss vu Kertch ze iwwerquieren, fir an d‘Mier vun Azov ze gelaangen. Dëst Mier ass vu gréisster wirtschaftlecher a strategescher Importenz, well heiriwwer de ganzen Export vu Fruucht a Stolprodukter aus dem Oste vun der Ukrain leeft.

Déi russesch Küstewaach, déi vum Sécherheetsdéngscht FSB ofhängeg ass, soll mat Gewalt zwou Vedetten an ee Remorqueur vun der ukrainescher Marine gestoppt, a beschëllegt hunn, illegal a russesch Gewässer agedrongen ze sinn. Moskau qualifizéiert de Virfall als Provokatioun, an d‘Ukrain denoncéiert eng Aggressioun. Si wëllen hir Schëffer an d‘Matrousen zréck.

Keen Abonnent ënnert dëser Nummer

Dem Petro Porochenko wier et net gelongen, de russesche President un den Telefon ze kréien: „ech war gezwongen déi däitsch Kanzlerin ze froen, mam Vladimir Putin iwwert dëse Virfall ze schwätzen“, esou den ukrainesche President. Als Äntwert op d‘Aktioun vun de Russen, huet dat ukrainescht Parlament e Méindeg, d‘Krichsrecht fir déi betraffe Grenzregiounen agefouert.

Eng Moossnam déi vum Argument gedroe gëtt, datt een enger méiglecher Invasioun duerch russesch Buedemtruppe géinteniwwer steet. Dës Siicht deelt Moskau net, a warnt déi ukrainesch Regierung virun all „oniwwerluechtem Geste“. De Vladimir Putin huet matdeele gelooss, datt hie seng Suergen dem Angela Merkel duergeluecht, a si gebueden huet Drock op Kiew auszeüben.

D‘Krichsrecht, datt ab Mëttwoch an enger Dose Regiounen a Kraaft trëtt, erlaabt den ukraineschen Autoritéiten, während engem Mount d‘Bierger ze mobiliséieren, d‘Aktivitéit vun de Medien ze reguléieren, a Versammlungen am ëffentleche Raum ze beschränken. An den Ae vum Vladimir Putin „ass et evident, datt dat ganzt en Zesummenhang mat der Presidentschaftswahl steet“.

Internationaalt Recht

Moskau sengersäits gëtt un „a strikter Konformitéit mam internationale Recht“ gehandelt ze hunn, a beschëllegt Kiew, no engem Pretext ze sichen „mat deem d‘Sanktioune verschäerft solle ginn“, déi d‘EU an d‘USA säit 2014 géint Russland agefouert hunn. Wat „nei“ EU-Sanktioune betrëfft, esou soll dës Fro bei enger Reunioun am Dezember zu Bréissel behandelt ginn.

Washington, datt e Méindeg nach eng „illegal Aktioun vu Russland“ denoncéiert hat, huet en Dënschdeg d‘Europäer opgeruff, d‘Ukrain méi a besser ze ënnerstëtzen. Notamment iwwert déi ugefouert Sanktioune géint Russland, déi nach ëmmer net an hirem vollen Ëmfang ëmgesat gi sinn.

„Déi amerikanesch Regierung huet eng staark Positioun ergraff fir d‘Ukrain ze ënnerstëtzen, a mir geséichen et gären, datt aner Länner méi maachen (…) fir datt d‘USA dës Froen net eleng kläre mussen“, betount d‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert.

„Frankräich riicht en Appell u béid Parteien, sech enger Berouegung vun der Situatioun unzehuelen, a jiddereen sech um Rimm rappt“, esou d‘Deklaratioun vum franséischen Ausseminister, Jean-Yves Le Drian, no engem Entretien mam Sergueï Lavrov. Russland beusprocht d‘Kontroll iwwert d‘Strooss vu Kertch, den eenzege Passage tëscht dem schwaarze Mier an dem Mier vun Azov.

mam Lilia Boudjourowa an dem Maria Panina/AFP

Foto: Déi gekapert ukrainesch Krichsschëffer sinn an den Hafe vu Kertch (Krim) geleet sinn, wou se vun der russescher Küstewaach ënner Verschloss gehale ginn. 24 Matrouse goufe bei dëser Aktioun verhaft. 12 si vum Geriicht an Untersuchungshaft gesat ginn, eng Entscheedung fir déi aner 12 Matrousen, soll e Mëttwoch getraff ginn. © STR/AFP

Ähnlech Sujeten Angela Merkel, Krichsschëffer, Krim, Mier vun Azov, Petro Porochenko, Russland, Schwaarztmier, totale Krich, Ukrain, Vladimir Putin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel