Search

You may also like

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen
Business Neiegkeeten

Et gëtt nees méi Leit déi no enger Schaff sichen

E Mëttwoch huet d‘ADEM déi neisten Zuelen zur Beschäftegung zu

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)
Business Neiegkeeten

Fënnef Deeg „Feierpaus“ fir Nordsyrien (mat Analys)

De „Besuch“ vum US-Vizepresident Mike Pence beim tierkesche President Recep

Video-Serie “EU BLIND DATE
Business Neiegkeeten

Video-Serie “EU BLIND DATE

Am September 2020 huet de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC

Konstruktiv Ënnerriedung tëscht der ULC an der CLC

Am Kader vun enger rezenter Ënnerriedung tëscht dem Konsumenteschutz (ULC) an de Vetrieder vun der Direktioun vun der Handelsconfederatioun (CLC), ass sech iwwert verschidden Themen, déi béid Organisatioune betreffen ënnerhale ginn.

Bei dëser Entrevue ass et ënnert anerem ëm déi allgemeng schwiereg Lag, vun den am Gewerbe- an Handelssecteur tätege Geschäfter an Entreprise an Zäite vun der Coronaviruskris, esou wéi ëm de Gesetzprojet zu de Sammelkloe gaangen. Wat de Kontext vun de Sammelkloe betrëfft, esou hu béid Interessevertriedungen ënnerschiddlech Usiichten am Bezuch op d‘Verëffentlechung vun engem am Kader vun der Sammelklo geschwaten Urteel, wat d‘Sammelklo expressis verbis zouléisst.

Fir de Konsumenteschutz muss dës Verëffentlechung um Ufank vun enger Prozedur stoen, fir datt all eventuell betraffe Konsumenten d‘Méiglechkeet erhalen, sech der Sammelklo unzeschléissen. Bei der Handelsconfederatioun CLC ass ee géigesätzlecher Meenung, an d‘Verëffentlechung kann eréischt zum Schluss vun enger Sammelklo-Prozedur stoen. D‘CLC begrënnt dat mam Hiwäis op de Schued deen d‘Reputatioun vun der beklote Firma dobäi onrechtméisseg erleide kéint.

Zu de weideren Theme bei dësem konstruktiven Treffen, huet och d‘Charta zur Reglementéierung vun de Geschenk- an Akafsbonge gezielt. Och iwwert d‘Benotze vum Boergeld an de Geschäfter, wéi den Ëmgang mam Onlineshopping gouf sech ausgetosch. Am weidere Verlaf vun der Entrevue hu sech d‘Gespréichspartner drop verstännegt, sech zukünfteg reegelméisseg zu engem Informatiounsaustausch ze treffen, fir bestoend Problemer op pragmatesch Aart a Weis ze léisen.

Illustratioun: Sina W. / pixabay

Related topics CLC, Entrevue, Handelsconfederatioun, Konsumenteschutz, ULC
Next post Previous post