Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi
Neiegkeeten

Spurlos verschwonnen: de saudesche Journalist Jamal Khashoggi

Nodeems de saudesche Journalist Jamal Khashoggi an der Tierkei beim

Lëtzebuerger Jongbaueren – d’Zukunft vu muer
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Jongbaueren – d’Zukunft vu muer

Lescht Woch huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

geek
Den neie Star Wars Trailer weist vill Neies – A bréngt nei Froe mat sech!
Neiegkeeten

Den neie Star Wars Trailer weist vill Neies – A bréngt nei Froe mat sech!

Am Dezember ass et sou wäit: Star Wars Episode VIII:

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés

Eng ULC-Berodungsstell an der Chambre des Salariés

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz deelt mat, datt de 15. Januar 2019 d’ULC-Berodungsstell am Sëtz vun der CSL (2-4 rue Pierre Hentges, 1726 Lëtzebuerg/Bouneweg) seng Dieren opmëscht.

D’ULC-Beroder empfänken d’Verbraucher Dënschdes Moies vu 09:00 bis 13:00 Auer, sou wéi Donneschdes Nomëttes vun 13:00 bis 17:00 Auer. Verbraucher kënnen sech mat Froen an Themen an dësem Beräich, sou wéi Streidegkeeten un dëse Service wennen. Wien nach kee Member ass ka sech op der Plaz beim Konsumenteschutz aschreiwen.

Beäntwert a behandelt gi Froen a Streidegkeeten am Kader vun Akeef, bezéiungsweis Verträg fir Gebrauchsgidder oder Déngschtleeschtungen, Garantiefroen, Schwieregkeeten am Bauwiesen, beim Lounen asw.

Den ULC-Haptsëtz läit op folgender Adress: 55, Rue des Bruyères. Iwwert d’Telefonsnummer 49 60 22-1, Faxnummer 49 49 57 oder Email info@ulc.lu ass de Konsumenteschutz ze erreechen. Weider Informatiounen ginn et ënnert www.ulc.lu.

ULC

Ähnlech Sujeten Berodung, Chambre des Salariés, Konsumenteschutz, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel