Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Santé rifft Alerte Rouge aus!
how stuff works radiocarbon dating

D’Santé rifft Alerte Rouge aus!

Duerch d’Hëtzt rifft d’Santé elo den nationalen Aktiounsplang 2019 aus.

https://moien.lu/hook-up-sims-4/
how stuff works radiocarbon dating

https://moien.lu/lucky-blue-smith-dating/

Déi vun Israel virgeluechte „Beweiser“ zu engem geheime Plang vum

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden
how stuff works radiocarbon dating

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker,

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“

ULC: „D‘Wahlprogrammer an hir Verspriechen“

D‘Chamberwahle sti vrun der Dier, an och de Konsumenteschutz (ULC) huet sech d‘Programmer an déi doranner enthale Verspriechen eppes méi genee ugekuckt. Nodeems d‘ULC den 18. Januar vun dësem Joer de Parteien eng Rei Revendicatioune virgeluecht hat, elo also d‘Analys

Wéi et den ULC-President Nico Hoffmann ausgedréckt huet: „Mir ware gespaant wat sech vun eise Fuerderungen an de Programmer vun de Parteien nach erëmfanne léisst, a musse feststellen, dat de Schutz vum Konsument keng Prioritéit fir d‘Parteien duerstellt“. Dat festgestallt, muss de President awer eenzele Parteie gutthalen, datt e puer vun de Fuerderungen, opgegraff gi sinn.

Déi detailléiert Analys, gëtt dann och alle Membere vun der ULC, an der nächster Ausgab vum „de Konsument“ – déi an den nächsten Deeg zougestallt gëtt – ënnerbreet. Den Nico Hoffmann huet dann och direkt emol däitlech gemaach, datt d‘ULC als politesch neutral Organisatioun, keng Recommandatioun fir d‘Wahle mécht. Et gëtt awer grousse Wäert op d‘ULC-Fuerderunge geluecht.

Si sollte wëssen datt de Wieler och e Konsument ass

Eng grondleeënd Fuerderung ass a bleift d‘Schafe vun engem Verbraucherministère. „Vill Parteie gesinn zwar och an der nächster Legislaturperiod (…) d‘Weiderbestoen, respektiv den Ausbau vun engem Verbraucherministère vir. Dat kann ee begréissen, mee et bleift ze hoffen, datt et och ganz reell zu enger verstäerkter Beuechtung an Effizienz vum Verbraucherschutz komme kann“.

An et gëtt leider villes, datt dergéint schwätzt. Esou schéngen déi politesch Ambitiounen déi de Wahlprogrammer ze enthuele sinn, net wierklech am Aklang mat den Erwaardunge vum Konsument iwwertenaner ze passen. Keen deen sech géint déi asozial an iwwerdeiert Schalterfraise vun de Banken an der Post géif erhiewen. D‘ULC léisst hei net labber a wäert weider mobiliséieren.

Dofir gëtt vill gutt Grënn, woubäi sécher ausschlaggebend ass, datt kaum en Dag vergeet, wou sech net e Member bei der ULC iwwert déi onséileg Praxis vun de Banken an der Post beschwéiert. Hei muss un der Transparenz geschafft ginn, et sollt och ee „Verglach-Simulator“ geschafe ginn, deen dem Verbraucher déi tatsächlech (also och déi verstoppten) Käschte vun engem Bankkonto weist.

Wat d‘Politik „verpennt“ kann dem Verbraucher nëmme schueden

Eng weider Fuerderung vun der ULC: Sammelkloen. Hei mécht de Nico Hoffmann och kengem Hoffnung op Konzessiounen. „Lëtzebuerg brauch eng gesetzlech Reegelung fir Sammelkloen!“, esou den ULC-President, deen drun erënnert, datt dëse Punkt schonn am Regierungsprogramm enthale war, sech „ënnerwee“ awer iergendwéi an engem verstoppten Tirang muss verluer hunn.

Dat mat de Sammelkloen – eppes wat besonnesch d‘Industrie mordicus wëll verhënneren – hätt um Beispill „Dieselgate“ dem Lëtzebuerger Konsument eppes méi Rechtssécherheet ginn. Datt et nach net zu enger Legislatioun komm ass, huet dann och mat de Verflechtunge vu Politik a Wirtschaft ze dinn. D‘ULC huet dann emol VW „assignéiert“, mee Wolfsburg weess wéi een Zäit ka schënnen.

Hei loossen d‘Politiker am allgemengen – d‘Ausname bestätegen d‘Reegel – de Konsument am Ree stoen. Jidderee sollt seng Interessen „eleng“ an net an der Grupp akloen. De Grond: dat kann am Eenzelfall esou deier ginn, datt deen eenzelen sech dat net leeschte kann. Esouguer wann et mam Geld duer geet, den Opwand ass enorm. Dat ass Absicht, an trëfft als éischt déi „schwaach“…

D‘Kafkraaft stäerken, den Index erhalen an d‘Steierklass 1A ofschafen

Wann ee bei der ULC mat villem vun der Steierreform averstanen ass, esou gëtt et villes dat no Verbesserung jäizt. Esou feelt et engem u Versteesdemech, datt sech politesch Parteien zwar – fir déi meescht – enger Mindestlounerhéijung net verschléissen, awer un der ongerechter Steierklass 1 A festhalen. Dofir soll d‘Betribssteier weider erofgesat ginn, wat fir d‘ULC en Nonsens ass.

Et misst een d‘Kafkraaft, wann een se net verbessere kann, zumindest erhalen. An hei stellt den ULC-President fest, datt fir Menage mat niddregem Akommes, den Index déi bis ewell eenzeg Méiglechkeet ass, mat de Präiserhéijunge matzehalen. D‘ULC, schléisst sech der Fuerderung vun de Gewerkschaften an der Salariatskummer un, e Virschoss op d‘Indextranche anzeféieren.

An géint Kris am Logement, wier trotzt groussen Ukënnegunge wéineg geschitt. De Spekulanten a Promoteure gëtt einfach net genuch op d‘Fangere gekuckt. Aus de Wahlprogrammer geet wuel ervir datt et un Iddien net feelt, mee et stellt sech d‘Fro op et genuch politesche Courage gëtt, déi och ëmzesetzen. Hei muss d‘Politik beweisen, datt si de Fuerderunge vun de Wieler Rechnung dréit.

Eppes méi Respekt virum Alter kann net schueden

Datt et fir Mënsche mat enger klenger Pensioun bal net méi méiglech ass, sech op e rouege Liewensowend anzestellen, och datt suergt bei der ULC fir Kappzerbrieches. D‘Revendicatiounen si kloer. De Staat an d‘Gemenge mussen de Senioren – besonnesch deene mat „Hongerrenten“ besser ënnert d‘Äerm gräifen, wann déi op en Alters- oder Fleegeheem ugewise sinn.

Säit elo bal 15 Joer hätt et keng konsequent Rentenerhéijung ginn. Bedenkt een dann nach, datt et a villen „Haiser“ zeg verstoppte Käschte gëtt, kann ee verstoen, datt et eeler Mënsche gëtt, déi hirer Hänn kee Rot méi wëssen. Fir dës Etablissementer, fuerdert d‘ULC e „Simulator“ deen e reelle Verglach tëscht den Haiser zouléisst. Eng Transparenz déi vun de Gestionnairen net erwënscht ass.

„Et steet engem räiche Land wéi Lëtzebuerg net gutt zu Gesiicht, grad deenen eelere Bierger de läscht Sou aus der Täsch ze gräifen“, bedauert den Nico Hoffmann d‘Aart a Weis, wéi d‘Politik mat Mënschen ëmspréngt, déi e Liewe laang hire Bäitrag geleescht hunn, an esou och zum Wuelstand an dësem Land bäigedroen hunn. Déi nächst Regierung sollt dës Fuerderung behäerzegen.

Eng klenge Fazit

D‘ULC huet nach vill weider berechtegt Fuerderungen, an dofir kann een op dëser Plaz nëmmen derzou roden, sech der 10. Nummer vum „de Konsument“ unzehuelen. D‘Analys vun der ULC ass zoutreffend a gutt argumentéiert. Dat kann ee vun den Äntwerten déi d‘Parteien op hir Froe ginn hunn, esou net behaapten. Et sinn dann d‘Parteien aus dem lénke Spektrum, déi do d‘Nues vir hunn.

Foto: (v.l.n.r.) Guy Fettes (Tresorier), Guy Goedert (Administrateur), Nico Hoffmann (President), Marcel Laschette (Generalsekretär). © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, De Konsument, Konsumenteschutz, ULC, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel