Search

You may also like

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage
Neiegkeeten

Déi Lénk: Besser Bezuelung an héich Qualitéit am Stage

De virleiende Gesetzesentworf zur Reegelung vun de Stage, déi d’SchülerINNEN

Treffe vun den däitschsproochegen Ausseminister zu Schengen
Neiegkeeten

Treffe vun den däitschsproochegen Ausseminister zu Schengen

Op Aluedung vum Minister Jean Asselborn, treffen sech haut zu

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“
Neiegkeeten

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“

D‘Aarbechtskonditioune bei der POST Lëtzebuerg ginn ëmmer méi schlecht: net

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen

ULC: Eng Charta zur Reegelung vu Cadeausbongen

Eng laangjäreg Fuerderung an d’Beméiung vun der ULC hisiichtlech enger eenheetlecher Reegelung fir Cadeausbongen hu schlussendlech zum Erfolleg gefouert.

Ënnert der Schiermherrschaft vum Verbraucherministère hu sech d’ULC, d’CLC (Confédératioun Luxembourgeoise du Commerce) an d’HORESCA op eng Charta gëeenegt, déi déi wichtegst nofollegend Punkten enthält:

  • Wéi eng Donnéeën mussen um Cadeausbong ugi sinn;
  • En Delai vun 2 Joer, bezéiungsweis méi laang, wat eng vun de Kärfuerderunge vun der ULC war;
  • Wat geschitt, wann de Wäert vum ausgewielte Cadeau méi niddreg ass, wéi deen um Bong beschriwwenen Geldbetrag;
  • Informatiounsflichte vum Aussteller vum Cadeausbong a verschiddene Fäll;
  • Schlichtungsméiglechkeete bei Oneenegkeeten.

Déi besote Charta mat den opgelëschten Verflichtungen a Reegelen gëtt an alle Geschäfter opgehaangen, déi sech un dëser Aktioun bedeelegen. Dës Charta berout op enger fräiwëlleger Basis.

Am Laf vum Mount September 2021 wäerten déi betraffe Parteien, also d’ULC, d’CLC an d’HORESCA, an Zesummenaarbecht mam Verbraucherschutzministère en État des Lieux maachen an eventuell iwwert weider Schrëtt beroden an entscheeden.

Matgedeelt vun der ULCChèques-Cadeaux

Related topics Cadeausbong, Charta, Chèque-Cadeaux, CLC, HORESCA, Reegelung, ULC, Verflichtung
Next post Previous post