Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
20 Joer Euro: Ass wierklech alles méi deier ginn?
Neiegkeeten

20 Joer Euro: Ass wierklech alles méi deier ginn?

Wéi den 1. Januar 1999 den Euro agefouert gouf, war

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
Neiegkeeten

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

Terror a Somalia fuerdert bal 100 Affer
Neiegkeeten

Terror a Somalia fuerdert bal 100 Affer

Bei engem Attentat mat enger Autobomm sinn an der somalescher

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

ULC: Ënnerschreift d’Petitioun géint onsozial Bankfraisen!

Am Januar 2019 huet den ULC an der Chamber eng Petitioun agereecht, mam Ziel d’Gesetz vum 13. Juni 2017 zu de Bankkonten ze änneren. Fir méi genau ze sinn verlaangt de Konsumenteschutz, datt déi gesetzlech verankert Flicht fir d’Banken, déi sougenannt Basisleeschtungen um Schalter, also Iwwerweisungen, Anzuelungen an Ofhiewe vu Suen, zu däitlech reduzéierte Fraisen unzebidden! Dës Fuerderung soll och fir d’Ofhiewen um Automat gëllen.

Driwwer hinaus gëtt d’Gratuitéit vun de genannte Schalteroptioune fir Clienten ab 65 Joer an deenen, déi ënnert enger Behënnerung leiden, bezéiungsweis irgendwéi op d’Hëllef vun enger Persoun um Schalter ugewise sinn, anzeféieren.

D’Petitioun vun der ULC (Nr. 1182) ass elo online a kann op der Säit vun der Chamber, ënnert der Rubrik „signer une pétition“ elektronesch ënnerschriwwe ginn. Alternativ besteet och d’Méiglechkeet d’Petitioun beim Sëtz vum ULC um Houwald unzefroen an ze signéieren.

Bis ewell hu schonn 4.000 Persounen d’Petitioun ënnerschriwwen. Dofir riicht de Konsumenteschutz een Opruff un all Verbraucher, déi d’Nr. 1182 nach net ënnerschriwwen hunn, dëst ze maachen, fir esou op déi néideg Zuel vu 4.500 Ënnerschrëften ze kommen. Just dann kann d’Fuerderung vum ULC an der Chamber virgedroen an behandelt ginn. Déi lescht Méiglechkeet fir ze signéieren ass de 4. Abrëll 2019.

Ähnlech Sujeten Bankfraisen, Chamber, Gratuitéit, Konsumenteschutz, Petitioun, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel