Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn
Neiegkeeten

Flächebrand zu Los Angeles: honnertdausend Mënsche mussen hir Haiser opginn

Op en Neits ass Kalifornien vun engem risege Flächebrand betraff

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!
Neiegkeeten

D’Linn 26 fiert nees ab dem 7. Januar 2019!

D’Stad Lëtzebuerg informéiert de Publique doriwwer, datt ab dem 7.

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter
Neiegkeeten

What the Fakt – den europäeschen Dag vun den Talenter

An den europäesche Länner steet de 25. Mäerz ganz am

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess

D’ULC weist sech entsat iwwert d’Decisioun vun der Spuerkeess

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) ass entsat iwwert d’Ukënnegung, datt schonn Enn Mäerz d’Schléissung vun 11 BCEE Agencë queesch duerch d’Land virgesinn ass. D’Resultat heivu wäert eng immens bedenklech Ausdënnung vum Filialennetz, ënnert anerem an de ländleche Géigende vum Land sinn. Laanscht d’Musel an am Norde bleiwe just nach zwou (Réimech a Gréiwemaacher), bezéiungsweis dräi Filialen iwwereg.

Virun allem vir eeler Mënschen an d’Persoune mat reduzéierter Mobilitéit wäert dat erhieflech Konsequenzen hunn. Si ginn elo gezwonge bei den Online-Operatiounen Hëllef bei der Famill, Noperen a Frënn ze sichen, wëll si beispillsweis fir d’Bezuele vu Rechnunge systematesch op d’Hëllef vun Drëtten ugewise sinn.

Grad vun der staatseegener Spuerkeess hätt d’ULC esou en radikal an onsozial Politik net erwaart.

Begrënnt gëtt d’Schléissung vun den zuelräichen Agencen och mam Ausbau vun der Digitalstrategie. Just wäert dës de betraffene Mënschen, déi op d’Hëllef vu Schalterbeamten ugewise sinn, näischt nëtzen. Hëllefsleeschtunge ginn hinne just iwwer Telefon oder online offréiert an hei bäisst sech d’Kaz an de Schwanz. Besonnesch eeler Clienten a Mënsche mat Behënnerung sinn oft op déi effektiv Ënnerstëtzung duerch Schalterbeamten ugewisen a kënne mat dëser digitaler Hëllefsstellung näischt ufänken.

D’Spuerkeess, déi zu 100 % dem Staat gehéiert, gëtt domat praktesch zum Virreider vun enger radikaler an onsozialer Schléissungspolitik ouni Récksiicht op d’Bedierfnisser vu senge Clienten. D’ULC kritiséiert dës Manéier op dat Schäerfst a fuerdert déi Responsabel vun der Spuerkeess op, d’Schléissung an onsozial Rationaliséierungsmoossname réckgängeg ze maachen.

Dës Weideren appelléiert d’ULC un d’Regierung, a besonnesch un den neie Finanzminister, Verantwortung ze iwwerhuelen, fir dëse skandaléise Prozess vun der staatlecher BCEE nees ze annuléieren.

Matgedeelt vun der ULC – Iwwersat vum Shari Pleimelding/moien.lu

Opmaacherfoto: BCEE – Spuerkeess

Ähnlech Sujeten 11 Filialen, BCEE, Digitalstrategie, Finanzminister, Lëtzebuerger Konsumenteschutz, Regierung, Schléissung, Skandal, Spuerkeess, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel