Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen
Money Neiegkeeten

Editorial: Eng Welt voller Mësstrauen

75 Joer no de bis haut eenzegen Atomwaffenasätz (Hiroshima &

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Leschte Bali-Tiger virun 81 Joer erschoss

De 27. September 1937 gouf op der klenger indonesescher Insel

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News
Money Neiegkeeten

ESPON suergt fir Tatsaache an net fir Fake News

Um Donneschdeg haten de Staatssekretär Camille Gira (déi gréng), an

money

ULC… de Fiels an der Brandung

De Konsumenteschutz ass a bleift gutt opgestallt. Am aktuelle Kontext sollt ee sech uschléissen.

ULC… de Fiels an der Brandung

E Freideg huet de Konsumenteschutz ULC säi „Bilan“ presentéiert. Wann et a ville Beräicher gutt Nouvelle gëtt, esou huet et nach ze vill Problemer. De politesche Courage kënnt géinteniwwer den duerchaus berechtegte Fuerderunge vun der Asbl absolut net zum Virschäin. Der Regierung ass de Schutz vun der Finanzplaz a ganz besonnesch de Banke mat Publikumsverkéier, helleg…

D‘ULC, déi ronn 44.000 (Famillje-)Memberen zielt ass net bekannt e Blat virun de Monde ze huelen, an de President Nico Hoffmann, ass dann och mat gewinnter Rhetorik op déi gréissten Dossieren agaangen (moien.lu geet muer Sonndeg méi am Detail drop an) mee huet emol fir unzefänken d‘Akzenter aus dem Aktivitéitsbericht presentéiert. An un Aarbecht huet et net gefeelt.

27 fest Mataarbechter (12 Fraen a 15 Männer) si beim Konsumenteschutz ugestallt, an de Bob Schmitz ass de permanente Vertrieder vun der ULC zu Bréissel. Déi hunn 44.242 telefonesch Appeller, 11.215 e-Mailen a 4.859 intern Berodunge geréiert. 5.192 Dossiere goufen opgemaach. Als „Laureat“ bei de Litigen: de Konstruktiounssecteur an de Logement mat insgesamt 2.742 Fäll.

Bedauerlech – wa leider net verwonnerlech – de Constat, datt nees d‘Automobilsbranche an den Telekommunikatiounssecteur ganz besonnesch Ustrengungen ënnerhuelen den Uschloss net ze verpassen. Hei vergeet kaum en Dag ouni datt der ULC nei Doleance vun de Membere virgeluecht ginn. Brisant bleiwen och d‘Streidegkeete mam Finanzsecteur, an der politescher Gewiichtung.

Natierlech huet och d‘ULC sech dëst Joer wéinst der Covid19-Pandemie op eng nei Situatioun missen astellen. Et ass vill Homeoffice gemaach ginn a wärend dem Etat de Kris hunn och si missen op Kuerzaarbecht zeréckgräifen. Dank den neien Technologie konnt awer den Demande vun de Membere Rechnung gedroe ginn. D‘Presenz am Internet ass entspriechend ausgewäit ginn.

D‘Zäitschrëft „de Konsument“ ass 10 mol publizéiert ginn an och dräi thematesch Broschüre goufe fir d‘Memberen ausgeschafft. Et huet Entrevue ginn: déi mam Konsumenteschutzministère waren net zefriddestellend, dofir sinn déi politesch Ënnerriedunge mat den diverse Parteie besser verlaf. Et gouf elo och eng zäitno Consultatioun mat der zoustänneger Chamberkommissioun ugefrot.

Et soll jo elo iwwert d‘Sammelkloe legiferéiert ginn, ee Gesetz ass um Instanzewee, mee leider gëtt hei de Wirtschaftsacteuren an net de Konsumenten „Rechnung gedroen“. Et dierf drop higewise ginn, datt esouwuel de Konsumenteschutzministère wei de Wirtschaftsministère vun der LSAP geréiert ginn, wat de Verbraucher, déi och Wieler sinn, schonn eppes méi ze bedenke sollt ginn.

De schänterleche beholl vu POST a Spuerkeess (Bankfraisen, Schléissung vun den Agencen, asw.) bleift op der Dagesuerdnung. Firwat sech Entreprisen, déi am Besëtz vum Staat – also quasi dem Bierger, de jo Konsument ass – sinn, esou beméien den eegenen Image duerch den Dreck ze zéien, erkläert sech net. Dës Entreprise aus dem ëffentlechen Déngscht, sabotéieren déi sozial Kohäsioun.

Wéi agaangs bemierkt, den Detail zu de wichtegsten Dossieren, kritt dir muer Sonndeg ugebueden.

Foto: Den ULC-President Nico Hoffmann, huet nees d‘Neel op de Kapp geschloen. Well d‘Zäiten net déi bescht sinn, bleift de Joersbäitrag (gëllt ëmmer fir de ganze Menage) och 2021 bei 70 Euro. © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Aktivitéitsbericht 2019, Konsumenteschutz, Konsumenteschutzministère, Nico Hoffmann, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel