Amtsuntrëtt vum Joe Biden: De Charles Michel erënnert un Demokratie a Fridden
Haut dierf den Joe Biden säin Amt als 46. President
Haut dierf den Joe Biden säin Amt als 46. President
Laut den Erhiewunge vum statisteschen Amt (STATEC) ass d‘Spiral vun der Deierecht nees a Bewegung geroden, déi besonnesch dat klengt a mëttlert Akommes, wéi och d‘Rentner wäert impaktéieren. Dës Spiral ass a Beweegung gerode wéi um Ufank vum Joer déi nei CO²-Steier agefouert ginn ass.
D‘Energiepräisser – eleng de Präis vum Diesel op der Pompel ass schonn zweemol gehéicht ginn – sinn am leschte Mount ëm ganzer 11% geklommen. Déi liberal Politik vun der Regierung huet och dofir Suerg gedroen, datt dës CO²-Steier sech net op den Index bestëmmende Wuerekuerf néierschléit. Esou gëtt séchergestallt, dat déi duerch dës Steier ervirgeruffen Deierecht, muss a Betruecht gezu ginn, fir d‘Berechnung vun der Upassung vun de Léin, Gehälter a Renten.
Beim Konsumenteschutz (ULC) ass een zolidd veriergert. Si denoncéieren eng Indexmanipulatioun sonnergläichen a fuerdert d‘Regierung op, all Präiserhéijungen integral am Indexwuerekuerf ze berécksiichtegen. Beim Konsumenteschutz gouf dann och nach gerechent: den Inflatiounstaux op de Mount gesinn, ass ëm +0,7% geklommen. Op d‘Joer gekuckt klëmmt den Taux vun 0,56% op elo 1,88%. Dat hätt awer och eppes mam verréckele vun de Wantersolden ze dinn, esou d‘ULC.
Ofgesi vun der Präisser aus dem Energieberäich, constatéiert de Konsumenteschutz, och en unzéie vun de Präisser an anere Wueresegmenter. D‘Beräicher „Liewensmëttel“ an „Déngschtleeschtunge“ wiere besonnesch betraff. Dës Präisentwécklung beonrouegt d‘Konsumenteschützer, well si eng Tendenz zur Hausse vun der Inflatioun duerstellt. Ee Grond méi fir d‘Regierung sech nees an d‘Gitt ze kréien. Oder anescht ausgedréckt, si sollen net un de Verbraucherindex piddele goen.
D‘ULC weist dann och nach galant drop hin, datt d‘Covid19-Pandemie an déi doduerch ausgeléiste sanitär a wirtschaftlech Kris muss berécksiichtegt ginn. Vill Salariéeën hätte jo och entweder duerch Kuerzaarbecht oder Entloossung, ee wesentlechen Deel vum Akommes verluer. Wann elo all déi Konsumente mat nach méi héijen Ausgabe belaascht ginn, wou d‘Akommes ëmmer manner gëtt, féiert dat direkt an eng sozial Kris. D‘ULC fuerdert kloer Mesuren zum Erhalt vun der Kafkraaft.
Illustratioun: © Christian Koeppke / unsplash