Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Musel?
trieste dating

Wéi gutt kenns du d’Musel?

D’Musel ass e wichtege Floss fir Lëtzebuerg. Dat wëssen net

dating guys red flags
trieste dating

Jean Asselborn: Lëtzebuerg soll hëllefen, de Fridden am Sahel nees hierzestellen!

De Lëtzebuerger Aussen- an Europaminister Jean Asselborn huet bei der

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann
trieste dating

Fuelbox III – d’Lëtzebuerger Konschtzeen weist erëm wat se kann

Vum 11. bis den 28. Oktober fënnt een zu Stroossen

D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer

D‘ULC fuerdert absolut Transparenz vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer

Opgrond enger parlamentarescher Ufro betreffend d‘Transparenz vun den Tariffer an den Alters- a Fleegeheimer, bezitt d‘ULC nach emol Positioun zum genannte Sujet.

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) huet widderholl kritiséiert, datt bei de Renten – déi netto ëfters ënnert 3.000 Euro leien – längst net all eeler a fleegebedierftegt Mënschen an der Lag sinn, déi ufalend Pensiounskäschten an den Alters- an/oder Fleegeheimer ze begläichen. Dozou kommen och nach d‘Niewekäschte fir d‘Wäsch, den Telefon, de Coiffeur, d‘Tëlee a Gedrénks, déi aus der eegener Täsch ze bezuele sinn.

Vum Familljeministère gouf erkläert, datt zumindest an deenen Alters- a Fleegeheimer déi sech an ëffentlech-rechtlecher Hand befannen, d‘Tariffer käschtendeckend musse festgeluecht sinn. Dat selwecht gëllt wuel och fir déi „privat“ Gestionnairen. An Härtefäll kënnt den nationale Solidaritéitsfong fir ee méi oder wéineger groussen Deel vun de Pensiounskäschten op.

Eng Ausso déi d‘ULC nëmme bedéngt berouegt, well d‘Konsumenteschutzvereenegung dovunner ausgeet, datt längst net all d‘Awunner vun Alters- an/oder Fleegeheemer eng Demande beim nationale Solidaritéitsfong areechen, an dat obwuel hir finanziell Situatioun „prekär“ ass. Dozou kënnt, datt bei all Indextranche – wéi elo nees fir Enn 2019 ugekënnegt – d‘Alters- wéi d‘Fleegeheemer an der Regel hir Präisser dann och nees erhéijen.

Ass d‘Pensioun awer méi kleng wéi dat wat all Mount fir d‘Pensioun vum Haus verlaangt gëtt, klëmmt d‘Diskrepanz mat all Indextranche weider un. Dofir fuerdert d‘ULC schonn eppes méi laang, déi vëlleg Transparenz vun de Pensiounstariffer – inklusiv allen Niewekäschten – well een d‘Pensionären net weiderhin iwwert déi effektiv Onkäschten am onklore léisst.

Wéi déi zoustänneg Familljeministesch der ULC an enger Entrevue erkläert huet, géif si dëse Standpunkt vun der ULC deelen an huet sech verflicht zäitno fir e Vergläichsportal ze suergen, an deem all déi zu Lëtzebuerg verrechent Pensiounstariffer mat den Niewekäschten opgelëscht sinn. Dat mam erkläerten Zil fir vollstänneg Transparenz ze suergen.

Dofir erënnert d‘ULC d‘Familljeministesch un hiert Verspriechen a wéisst elo gären, wéini dëst Vergläichsportal online geet a wéi eng Leeschtunge mëttels dësem Instrument konkret verglach kënne ginn.

Foto: Envato

matgedeelt vun der ULC, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Alterheem, Familljeministesch, Fleegeheem, Konsumenteschutz, Tariffer, Transparenz, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel