Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wie kann eis Foussgängerzone retten?
Money Neiegkeeten

Wie kann eis Foussgängerzone retten?

Et kënnt engem bal vir, wéi wann d’Diskussioun all puer

Life Of Agony – Den 8. November an der Kulturfabrik!
Money Neiegkeeten

Life Of Agony – Den 8. November an der Kulturfabrik!

Den Owend vum 8. November gëtt nees haart, wëll an

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Money Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

money

ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten

ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten

A jéngster Vergaangenheet krut de Konsumenteschutz (ULC) ëmmer méi Reklamatiounen eran, datt mam Zoumaache vu Bank- a Postfilialen och d’Geldautomate verschwannen. Esou gëtt d’Ophiewe vu Sue schwéier gemaach.

A senger Äntwert vum 3. Januar 2020 op eng parlamentaresch Fro stellt de Finanzminister kloer, datt een net virhätt, d’Recht op Boergeldbezuelung anzeschränken, och net duerch d’Aféierung vu Maximalbeträg. Ëmsou méi muss allerdéngs d’Viraussetzung erfëllt sinn, datt d’Verbraucher iwwert ausräichend Zomme vu Boergeld verfüge kënnen an zu hirem eegene Konto Zougang mussen hunn.

An dësem Zesummenhang weist d’ULC dorop hin, datt am Februar eng weider Postfilial zu Réimech hir Dieren zougemaach huet. Hir Unzuel soll weiderhi landeswäit op 15 Etablissementer zeréckgeschrauft ginn.

Virun allem eeler Mënschen hu Problemer mam elektronesche Bezuelen a kënnen esou just virun der wuessender Digitaliséierung kapituléieren. Grad fir si ass de Besëtz vu Boergeld liewesnoutwenneg an een Element vu sozialer Integratioun. Och am Beräich vun handwierkleche Betriber, wéi beispillsweis bei Bäckereien oder Metzlereien ass Boergeld vu groussem Interessi.

Wann d’Politik de BiergerInnen och an Zukunft d’Ofhiewen an de Besëtz vu Boergeld zouséchere wëll, da muss een och dofir suergen, datt d’Verbraucher ouni Krämpes hir Suen ofhiewe kënnen. Schonn elo ass dëst an den nach bestoende Bank- a Postfilialen net méi de Fall.

Aus dësem Grond fuerdert de Konsumenteschutz, datt d’Zuel vu Geldautomaten net weiderhin ofhëlt, mee datt een an Zukunft nees an all Uertschaft, wou eng Bank- a Postfilial ofgebaut ginn ass, weiderhi Geldautomaten anzeriichte sinn.

Ofgesi vun den uewe genannte Problemer fuerdert d’ULC vun der Regierung, bezéiungsweis dem Finanzminister, déi sougenannt comptes de paiement vum 13. Juni 2017 endlech am Interessi vun eelere Mënschen, de sozial Schwaachen a Persoune mat Behënnerung nozebesseren. Och d’Gratuitéit vu Basisoperatiounen um Schalter sollen erméiglech ginn, amplaz weiderhin daf ze spillen.

Ähnlech Sujeten Bank- a Postfilialen, Boergeld, Finanzminister, Geldautomaten, Konsumenteschutz, Maximalbetrag, ULC, zoue Filialen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel