Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident: Zäit fir den Ofschid
Money Neiegkeeten

https://moien.lu/online-dating-sites-for-widows-widowers/

Griicheland, Migratioun a Brexit… Un der Spëtzt vun der EU-Kommissioun

good profile picture for dating
Money Neiegkeeten

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

Mat verbëtzen ophalen: Elo!
Money Neiegkeeten

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass

money

ULC a KPL si sech eens

ULC a KPL si sech eens

De leschte Méindeg huet et um Sëtz vun der KPL zu Esch-Uelzecht eng Entrevue tëscht dem Exekutivcomité KPL an de Verantwortleche vun der ULC ginn. Deelgeholl hu vun der KPL de President Ali Ruckert, de Gilbert Simonelli an d‘Vibi Reuland, allebéid Member vum KPL-Exekutivcomité. Fir d‘ULC waren Uwiesend, de President Nico Hoffmann, de Generalsekretär Marcel Laschette an den Direkter Guy Goedert.

Bei dësem Treffen, datt op Initiativ vun der Konsumenteschutzorganisatioun stattfonnt huet, ass ëm d‘Recht op Boergeld, déi méiglech Auswierkunge vun der Aféierung vun engem Negativzëns op d‘Akommes an d‘Erspuernesser vun de Lounofhängegen a Rentner, haaptsächlech awer ëm d‘Erhéijung vun de Bank- a Postgebühre gaangen. An d‘Vertrieder vun der ULC hunn un hir Campagne an d‘Initiative géint déi héich an onsozial Fraisen erënnert.

Mat Erfolleg goufen zwou Ënnerschrëftenaktiounen organiséiert. Déi zweet (13. Juni) als Petitioun, déi dann och iwwer 5.600 Ënnerschrëften erhalen huet an zu enger Unhéierung an der Chamber gefouert huet. An Obwuel bannent 40 Deeg esouvill Bierger hiren Onmutt iwwert déi héich an onsozial Fraise verkënnt hunn a fuerderen datt dat zréckgeholl muss ginn, weigeren sech Regierung a Parlament bis ewell Faarf ze bekennen.

Bei der Entrevue hunn d‘Vertrieder vun der ULC nach emol däitlech gemaach, datt si verlaangen déi héich Fraise beim Abezuelen, Iwwerweisen an Ofhiewe réckgängeg ze maachen. Et soll zudeem de Mënschen ab 65 Joer, esou wéi och Persoune mat spezifesche Besoinen erméiglecht ginn, hir Basisoperatioune gratis um Schalter ze tätegen. A well d‘Banken sech net fräiwëlleg dozou bereet erklären, fuerdert d‘ULC vun der Regierung hei ze legiferéieren.

D‘Vertrieder vun der KPL hunn dann och nach emol ënnerstrach, datt si d‘Erhéijung vun de Bank- a Postgebühre kategoresch refuséieren a gläichfalls drop bestinn, datt déi zréckgeholl ginn. Dat och ugesiichts den héijen Nettobeneficer déi d‘Banke verbuchen. Der ULC ass verséchert ginn, datt een och weiderhin hannert hinne steet an si goufen ermontert hir Campagne verstäerkt fortzesetzen.

Matgedeelt vun der KPL, fräi aus dem Däitsche iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Bankefraisen, Boergeld, Konsumenteschutz, KPL, Postfilialen, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel