Kongress vun der KPL: Dës EU kann een net reforméieren
E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress,
E Sonndeg hat déi Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) hire Kongress,
Zesumme mat de Lëtzebuerger Museker vun De Läb well de
Am September 2020 huet de Lëtzebuerger Büro vum Europäesche Parlament
D’Erdeele vun den Taxibetribslizenzen ënnerläit säit dem Akraafttriede vum Gesetz eleng dem Transportministère. Dobäi goufen och Moossnamen agefouert, déi zu engem méi geréngen CO2-Ausstouss vun den Taxie féiere sollen. Dobäi konnt de Ministère eng Reduzéierung vun 200 Gramm CO2 pro Kilometer am Joer 2016 op 130 Gramm CO2 pro Kilometer feststellen, wouriwwer ee sech ganz zefridde weist. Och „d’Verjüngung“ vun den Taxigefierer weist, datt een den Service steigere wéilt.
An dësem Kader muss een awer och feststellen, datt um 1. September 2016 déi komplett Liberaliséierung vun de Präisser fir Taxifaarten ëmgesat ginn ass. Zil wier et, duerch d’Konkurrenz d’Präisser erof gedréck ze kréien. D’ULC muss feststellen, datt genau de Géigendeel agetrueden ass. Laut STATEC si vu September 2016 op Dezember 2018 d’Tariffer nämlech ëm 6,6 % am Duerchschnëtt geklommen, Tendenz steigend. Domat ass d’Haaptzil vun der Reform net erreecht ginn.
De momentanen Informatioune vum Konsumenteschutz no variéieren d’Präisser fir eng Distanz vun 10 km tëscht 22,50 € a 45 €. De Reiz op een Taxi zeréckzegräife gëtt doduerch net gesteigert, an dat gëllt virun allem fir déi jonk Generatioun. Et wier ubruecht, sech emol Gedanken dozou ze maachen.
Leider muss een esou zouginn, datt d’Viraussoe vun der ULC sech domat bestätegt hunn. D’Erfarung weist, datt eng Liberaliséierung vun de Präisser bal ëmmer zu enger Präiserhéijung féiert. Nach ëmmer waart de Konsumenteschutz op eng nei Etüd zur Evolutioun vun den Taxipräisser, déi scho viru Méint vun de Membere vum „Observatoire de la formation des prix“ verlaangt ginn ass.
Dofir fuerdert d’ULC elo, datt kuerzfristeg am Beräich vun den Taxifaarten Neel mat Käpp gemaach ginn, sou datt an Zukunft zu Lëtzebuerg nees méi bëlleg Präisser ugebuede ginn. Bis ewell ka Lëtzebuerg ee vun den deiersten Taxiwiese weltwäit virweisen. Den neie gesetzleche Virschléi vum Transportministère sti si gespaant entgéint.