Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens
Neiegkeeten

Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens

D‘EU a Groussbritannien haten et um Méindeg zu gudder Lescht

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen
Neiegkeeten

Bréissel verdächtegt Ryanair géint d‘Konsumenterechter ze verstoussen

En Donneschdeg huet d‘EU-Kommissioun d‘Autoritéiten, déi sech ëm de Konsumenteschutz

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk
Neiegkeeten

„Upcycling“: Konscht als zäitgenëssescht Handwierk

An der Galerie „Beim Engel“ wou sech d‘Saison 2017/18 mat

ULC: Eng nei Broschür zum Locatiounskontrakt

ULC: Eng nei Broschür zum Locatiounskontrakt

An der neier Broschür sollen essentiell Froen, souwuel vum Locataire, wéi och vum Proprietär beäntwert ginn. Souwuel d’Rechter an d’Flichte vu béide Parteie sollen heibäi opgezielt ginn, sou wéi och rechtlech Virschrëften zur Kënnegung vum Locatiounskontrakt an d’Folgend, déi eventuell dorausser resultéieren. Mat einfachen Duerstellunge sollen déi grondleeënd Aspekter am Bezuch op de Prozess ugeschwat ginn.

Den ULC weist drop hin, datt et hir Aufgab ass de Locataire am Kader vun de vertragleche Bezéiunge mam Proprietär ze beroden an se ze ënnerstëtzen. De Konsumenteschutz ass allerdéngs net dozou berechtegt den ëmgekéierte Wee ze fueren, fir de Proprietär iwwert déi vertraglech Bezéiungen zum Locataire ze beroden an ze ënnerstëtzen.

Ee Proprietär, den am Fall vun engem Sträit mam Locataire Ënnerstëtzung braucht, kann sech un een Affekot wennen oder sech mat engem juristeschen Accueil/Informatiounsservice a Verbindung setzen.

D’Broschür, déi mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministere fir Landwirtschaft, Wäibau a Verbraucherschutz erstallt ginn ass, ass um Haaptsëtz vun der ULC (55, rue des Bruyères, L-1274 Houwald) fir 5€ ze kréien. Membere vun der ULC kréien hiren Exemplaire gratis per Post op Nofro ënnert der Telefonsnummer 49 60 22-202, respektiv 49 60 22-402.

Ähnlech Sujeten Konsumenteschutz, Locatioun, ULC, Wunneng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel