Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht
Neiegkeeten

US-President verleet G7-Sommet an den Hiecht

Nodeems d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel, schonn eng physesch Participatioun um Sommet

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen
Neiegkeeten

Guide fir een Dag: Lëtzebuerg authentesch erliewen

Dir gitt gäre wanderen, mä eleng mécht et nëmmen hallef esou

En Diddelenger fir en Diddelenger
Neiegkeeten

En Diddelenger fir en Diddelenger

Nodeems de Wiessel vum Alex Bodry (LSAP) vum Krautmaart an

Gemeinsam Fuerderungen vun ULC an der Patientevertriedung

Gemeinsam Fuerderungen vun ULC an der Patientevertriedung

Eréischt viru kuerzem huet sech d’ULC Nouvelle Asbl an d’Patientevertriedung Asbl zesumme gesat fir iwwert den Transport vu Patienten, déi keng Noutfäll sinn, per Taxi oder Ambulanz ze diskutéieren. Béid Organisatioune wäerten zesummen un engem Positiounspabeier, sou wéi engem Katalog vu Verbesserungen a Virschrëfte fir de Beräich Ambulanztaxi schaffen.

Wat d’Fraise vum Parking beim Spidol ugeet, esou hoffe béid Säiten, datt nodeems den Tarif an engem vun de Stater Spideeler erofgesat ginn ass, och um nationalen Niveau eng Léisung ka fonnt ginn. Esou sollen d’Käschte fir Patienten a Visiteure vu Laangzäitpatienten beim Parke méi kleng ginn.

ULC an Patientevertriedung

© ULC

An dësem Kader hunn d’Organisatiounen decidéiert, sech an noer Zukunft och un d’Krankekeess ze riichten. Donieft wäert et an der neier Editioun vun der ULC-Broschür ëm déi grenziwwerschreidend Gesondheetsversuergung goen, déi Ufank nächst Joer der Ëffentlechkeet presentéiert gëtt.

Ähnlech Sujeten Ambulanz, grenziwwerschreidend Gesondheetsversuergung, Parking, Patientenvertriedung, Spidol, Taxi, Transport, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel