Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Alles op de Mound mat der Apollo 11!
https://moien.lu/destiny-2-matchmaking-slow/ does carbon dating work

hookup maryland

Um 16. Juli 1969 hunn d’USA Raumfart-Geschicht geschriwwen. Fir d’Missioun

most famous lesbian dating app
https://moien.lu/destiny-2-matchmaking-slow/ does carbon dating work

E leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz

Beim leschte Kaffisdësch virun der grousser Vakanz huet sech de

GayMat: Zesumme si mer méi staark
https://moien.lu/destiny-2-matchmaking-slow/ does carbon dating work

GayMat: Zesumme si mer méi staark

Fir déi 18. Editioun vun GayMat an déi fënneft „Marche

money

ULC-Petitioun géint Bank- a Postgebühren: D‘Politik ass gefuerdert

ULC-Petitioun géint Bank- a Postgebühren: D‘Politik ass gefuerdert

No der ëffentlecher Unhéierung vum 21. Juni, am Bezuch op d‘ULC-Petitioun géint déi horrend an onsozial Bank- a Postgebühren, um Krautmaart sinn elo déi politesch verantwortlech gefuerdert an um Zuch.

Mat dëser Petitioun hat d‘ULC bannent kuerzer Zäit 5.682 Ënnerschrëften erhalen. Et dierf och drop higewise ginn, datt de Konsumenteschutz scho virun 2 Joer esou eng ähnlech Petitioun un d‘Petitiounskommissioun vun der Chamber weidergeleet hat. Déi hat hirersäits ronn eng 10.000 Ënnerschrëfte kritt.

Mat der Petitioun vun dësem Joer, fuerdert de Konsumenteschutz eng Ännerung an Neiausriichtung vum Gesetz vum 13. Juni 2017 betreffend d‘Bankkonten, dat ënnert anerem zugonschte vun de Schutzbedierftegen an den eelere Matbierger, déi op manuell Schalteroperatiounen zréckgräifen.

Eng weider Fuerderung vun der ULC ass eng drastesch Senkung vun de Bank- a Postgebühre bei de Basisoperatiounen un de Schaltere fir d‘Clienten, méi Transparenz a fir all Mënsch eng verständlech Informatiounspolitik säitens de Banken, an d‘Installatioun vun engem Bankgebühresimulator.

Wann d‘Fuerderunge vum Konsumenteschutz bei deene meeschten uwiesenden Deputéierte gutt ukomm ass, esou deet sech d‘Regierung éischter schwéier domatter gesetzlech anzegräifen. Esou gouf nëmmen zréckbehalen, datt eng Aarbechtsgrupp mat allen Instanze soll agesat ginn.

Zil vun dësem Aarbechtsgrupp soll et sinn, eng entspriechend Charta auszeschaffen, mëttels därer d‘Schalterbanken sech verflichte géifen, e besseren a frëndleche Service fir de Client unzebidden. Sollt dat net Ziilféierend sinn, ka sech de Finanzminister eng Gesetzesännerung virstellen.

Bis dohinner huet d‘ULC am Bezuch op déi onsozial Bank- a Postgebühren hir Aufgab gemaach. Elo sinn déi politesch verantwortlech gefuerdert an um Zuch hei aktiv ze handelen. Sollt et awer an Zukunft an dëser Hisiicht kee Fortschrëtt ginn, ass d‘ULC bereet weider ze mobiliséieren.

Et kann sech nähmlech net ugoen, datt bei zwou ULC-Petitioune bal 16.000 Mënsche mat hirer Ënnerschrëft hiren Onmutt géintiwwer de Banken zum Ausdrock bréngen, well si mam Service onzefridde sinn, an déi politesch verantwortlech, sech mat un de Hoer erbäigezunnen Argumenter op e neits hirer Verantwortung géintiwwer dem Land a senge Bierger entzéien.

matgedeelt vun der ULC, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Bankfraisen, Bankgebühresimulator, Konsumentschutz, ULC, ULC-Petitioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel