Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Gutt Aussiichten an der Stad
Neiegkeeten

Gutt Aussiichten an der Stad

Um Mëttwoch war et emol ee besonnesche Rendez-vous deen de

Wat en Theater! Wéi gutt kenns du de Lëtzebuerger Theater?
Neiegkeeten

Wat en Theater! Wéi gutt kenns du de Lëtzebuerger Theater?

Den Theater kann zu Lëtzebuerg op eng laang Traditioun zeréck

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien
Neiegkeeten

„Äre Projet (m)am Naturpark!“ – Präisiwwerreechung vun de beschten Iddien

Am Naturparkzenter Esch-Sauer huet gëschter, am Bäisinn vun der Ministesch

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht

ULC-Petitioun kritt um Krautmaart gréng Luucht

D’Petitioun vum Konsumenteschutz (ULC) géint déi ongerecht an onsozial Bankfraise fir am Schalter getätegt Operatiounen (Geld Iwwerweisen, Abezuelen an/oder Ophiewen) ass den 30. Abrëll vun der Petitiounskommissioun an der Chamber fir gülteg erkläert ginn. Gezielt goufen 5.682 gülteg Ënnerschrëfte vu Bierger, déi d‘Petitioun vun der ULC ënnerstëtzt hunn.

Sënn an Zweck vun der Petitioun ass et Ännerungen am Gesetz vum 13. Juni 2017, dat sech op Bankkonte bezitt, erbäizeféieren. Méi Prezis ausgedréckt, d‘ULC verlaangt eng gesetzlech verankert Flicht fir déi Banken, déi sougenannt „Basis-Déngschtleeschtungen“ am Schalter zu däitlech verbesserte Konditiounen unzebidden. Eng Fuerderung déi och fir Geldautomate gëllt.

An der Petitioun (1182) fuerdert de Konsumenteschutz dann och d‘Gratuitéit vun de Servicer (Basis-Operatiounen) fir déi Mënschen, déi een als „vulnerabel“ bezeechent. Heifir bezitt sech de Konsumenteschutz op d‘EU-Direktiv zu de Bankkonten aus dem Joer 2014 (2014/92/EU).

D‘ULC seet alle Leit déi hir Petitioun ënnerstëtzt hunn Merci, a waart elo ongedëlleg op déi ëffentlech Unhéierung an der Chamber. Dës Geleeënheet wëll genotzt ginn, fir d‘Fuerderunge mat Argumenter ze stëtzen, respektiv ze begrënnen.

Matgedeelt vun der ULC, aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Bild: Thomas Breher / Pixabay

Ähnlech Sujeten Bankefraisen, Konsumenteschutz, Petitioun, Petitioun 1182, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel