Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E Land seet sengem Groussherzog Äddi
Neiegkeeten

E Land seet sengem Groussherzog Äddi

Et hunn um Samschdegmueren däischter Wolleken iwwert eiser Haaptstad gehaangen,

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)
Neiegkeeten

What the Fakt – Eng ronn 50 vir den Dave Grohl (Foo Fighters)

Bekannt als ehemoolege Batteur vun Nirvana huet de Sänger a

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht
Neiegkeeten

D‘EU kritt de Bauch wéi a mir ass et scho schlecht

Wéi ech da gëschter Owend héieren a gelies hunn, datt

D’ULC zum Stornéiere vun Auslandsreesen a Vakanzen

D’ULC zum Stornéiere vun Auslandsreesen a Vakanzen

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz ULC erënnert Verbraucher dorunner, datt all nëtzlech Informatiounen zum Stornéieren vun Auslandsreesen op der Säit www.ulc.lu ze fanne sinn. Donieft ginn am Magasinn De Konsument vun Abrëll 2020 op e puer Säiten an an zwou Sproochen all Froen zum Stornéiere vun enger Pauschalrees, zum Remboursement vun engem Fluchticket, zur Reservéierung vun engem Hotelszëmmer a méi beäntwert.

Duerch déi aktuell Pandemie froe sech vill Reesend, ob si hir nächst Vakanz verréckelen oder souguer stornéiere sollen. Aus dësem Grond huet d’ULC e puer Reegelen zesummegefaasst. An dësem Kader gëtt drun erënnert, datt de Verbraucher am Fall vum Stornéiere vun der Pauschalrees duerch d’Pandemie net dozou verflicht ass, ee Bong fir eng zukünfteg Pauschalrees unzehuelen, mee op de Remboursement vum bezuelte Präis bestoen dierf.

Fir unzefänke muss tëscht 2 Situatiounen ënnerscheet ginn: Jee nodeems, ob een eng Pauschalrees (Kombinatioun aus zwou Leeschtungen, wéi beispillsweis Fluch mat Hotel) oder eenzel Leeschtunge vu verschidde Veranstalter bucht.

Am Fall vun enger Pauschalrees

D’Virschrëften zu Lëtzebuerg gesinn zënter Juli 2018 vir, datt eng Pauschalrees zu all Moment virum Depart ka stornéiert ginn. Heivir muss eng Entschiedegungen, ganz am Respekt vun den allgemenge Bedéngungen, offréiert ginn. D’Fraisen fir d’Stornéiere mussen konform sinn.

D’Situatioun ännert, wann um Reeszil ee Fall vun héijer Gewalt, wéi et op den Covid-19-Virus zoutrëfft, optrëtt. No de Bestëmmunge vun am Lëtzebuerger Verbrauchergesetzbuch agefouerte Gesetz iwwert Pauschalreesen kënne Reesend a Reesbüroen d’Rees ouni Strof stornéieren, wann „aussergewéinlech an onvermeidbar Ëmstänn, déi am oder an direkter Proximitéit zum Zil antrieden, erhieflech Auswierkungen op d’Duerchféiere vun der Pauschalrees oder op d’Befërderung vun de Reesenden un d’Zil hunn“ (Artikel L.225-10 (2)).

An esou Fäll huet de Reesenden d’Recht, fir ënnerhalb vu 14 Deeg ee komplette Remboursement ze erhalen. Der Europäescher Kommissioun no gëllen „erhieflech Risike fir déi mënschlech Gesondheet, wéi d’Optriede vun enger schwéierer Krankheet wéi Covid-19 um Reeszil oder a senger direkter Ëmgéigend am allgemengen als onvermeidlech an aussergewéinlech Ëmstänn“.

Dat ass allerdéngs keng rechtsverbindlech Ausleeung, sou datt am Fall vun engem Rechtssträit mam Reesbüro d’Geriicht vu Fall zu Fall entscheede muss. Offiziell Erklärungen vun den zoustännegen Autoritéiten, wéi z.B. d’Astufung vun engem Land als Risikozon duerch de Gesondheetsministère oder offiziell Schléissunge vun de Grenze vun engem Land, sinn an dëser Situatioun immens nëtzlech, fir d’Decisioun vun de Verbraucher ze rechtfäerdegen.

Ee subjektiivt Gefill vun Angscht geet hei awer net duer, fir d’Annuléieren ze rechtfäerdegen. De Reesenden huet Usproch op ee komplette Remboursement vun den entstane Käschte, wann de Veranstalter vun der Rees vu sech aus decidéiert, d’Rees am Ausland ze stornéieren.

Opmaacherbild: © Tim Gouw / Unsplash

Ähnlech Sujeten Annuléieren, Auslandsrees, Covid-19, Konsumenteschutz, Pandemie, Reesbüro, Remboursement, Stornéieren, ULC, Vakanz, Vakanzen, Verréckelen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel