Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: de fënneften Dag
online dating beirut who is park shin hye dating 2018

conservative dating

Um Freideg huet de gemëschten Doppel Molinaro/De Jong an der

https://moien.lu/bangladesh-dating-online/
online dating beirut who is park shin hye dating 2018

Nom Drock vu Bréissel stoppt Rumänien d‘Justizreform

Zanter Méint huet déi rumänesch Regierung de kalen Otem vun

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss
online dating beirut who is park shin hye dating 2018

„All Mënsch hei huet et gären a weess wéi et preparéiert gëtt“: D’Musahar iessen zur Nout Raten – a ginn dofir ausgeschloss

D‘Rat kraucht iwwer den Aarm vum Phekan Manjhi, dee versicht

money

ULC wëll sech dem Diktat vun de Banke mat enger Petitioun erwieren

Nieft de Finanzinstituter, och nach Kritik fir de Spidolsparking, d‘Taxien an den SNCT

ULC wëll sech dem Diktat vun de Banke mat enger Petitioun erwieren

Den ULC-President Nico Hoffmann war um Donneschdegmueren nees zolidd „gelueden“, wat fir de groussen Deel engem Dossier zouzeschreiwen ass, deen dreet zur onendlecher Geschicht ze ginn. Et geet ëm déi ominéis Bank-Fraisen an déi ergräifend Tatsaach, datt de Mënsch fir un dat Geld ze kommen, datt hie sech mat senger Hänn Aarbecht verdéngt huet, bezuele muss.

Fir deem eppes entgéint ze setzen, hat d‘ULC 2017 schonn emol eng Petitioun gemaach, sengerzäit nach op Pabeier, a mat ëmmerhin eppes iwwer 10.000 Ënnerschrëften. Si wollte vun der d‘Politik erreechen, datt si datt ganzt reguléiert an virun allem déi vulnerabel Persounen, also eeler Mënschen an/oder Leit mat reduzéierter Mobilitéit, vun dëse Fraisen a Schikane befreit.

Et geet, och wann een dat an der Chamber oder bei de Banken net esou wëll matkréien, nach Matmënschen, déi net am digitalen Zäitalter ukomm sinn, an dat och net méi wäerten. An da gëtt Mënschen, déi och am 21. Joerhonnert „eng Stäip“ brauchen, op et do ëm e Virement oder eng Abezuelung geet. Servicer, déi Banke sengerzäit nach iwwerholl an ugebueden hunn.

Haut wëllen d‘Banken de Client am léifste guer net méi viru Gesiicht kréien – Ausgeholl de Privat-Banking – an sinn an dësem och extreemst beméit d‘Leit zum Online-Banking „hinzeféieren“. Dat alles geet eemol ze wäit. Et wier et net géint de Fortschrëtt, mee deen dierf net géint de Mënsch agesat ginn. Hei fuerdert d‘ULC kloer an däitlech e Gesetz, dat sech dëse Fuerderungen unhëlt.

W Schotz Waasser an de Wäin

Iert elo gejaut gëtt, et géif Banken déi hire Clienten entgéint kommen. Jo där gëtt et, bei der BCEE déi zu 100% dem Steierzueler gehéiert a vun der Regierung verwalt gëtt, musse Mënschen déi eeler wéi 75 Joer sinn, näischt méi fir d‘Bankoperatiounen am Guichet bezuelen. Bei der Post kann een, wann et „sozial Grënn“ gëtt, eng Demande areechen, an da gëtt et och do zolidd méi bëlleg.

All déi leiden nach därmoossen ënnert der Kris déi sech selwer gesicht haten, datt wann et esou weider geet, een deemnächst wäert mussen zwee Euro ageheie wann een de Bancomat benotzt. Dee muss schliisslech och vun engem Mënsch gefëllt ginn. Wéi och ëmmer… am aktuelle Gesetz ass néiergeschriwwen, datt d‘Banken „raisonnabel Fraisen“ erhiewen dierfen. Dat bitt vill Spillraum.

Vum Finanzminister geet gefuerdert, datt dësen d‘Fraise festschreift an net der Liberaliséierung, déi angeblech ëmmer als méi bëlleg géif maachen, iwwerléisst. Bedauert gouf zudeem d‘Stierwe vun den Agencen. Ëmmer méi Cliente mussen iwwer Hippches bei Haapches fueren, fir da festzestellen datt et an der Agence guer kee Guichet méi gëtt, an opgefuerdert ass awer de Bankomat ze notzen.

Zumindest huet d‘Spuerkeess sech fir déi „entleeën Uertschaften“ – nee mir sinn nach ëmmer zu Lëtzebuerg an net an Norwegen ënnerwee – mobil Agencen zougeluecht. Datt kéint ee sech vun der Post allerdéngs och erwaarden, zumindest wann ee vun „do awen“ ass. Elo also déi nei Petitioun, déi um Site vun der Chamber steet, mee déi een och bei punktuellen Aktiounen ënnerschreiwe kann.

Spidolsparking, Taxi an SNCT

Viru gutt engem Joer, hat d‘ULC sech iwwert déi praktizéiert Präisser an de Parkinge vun de Spidäler geiergert. Hei war besonnesch d‘Spidol um Kierchbierg negativ opgefall, an no engem Treffe mat de Verantwortleche vun de Robert Schumann Spidäler (HRS) war sech eng vir all Säiten zefriddestellend Léisung erhofft ginn. Hoffnungen déi esou net sollten erfëllt ginn.

Och säitens dem Gesondheetsministère, an esouguer de Sozialministère haten sech ugangs Mäerz d‘lescht Joer fir eng „gesond Präispolitik“ ausgeschwat. Dir kënnt iech denke wat dobäi erauskomm ass, oder? Also och dësen Dossier konnt d‘ULC nach net „terminéieren“. A wéi bei de Banken, sinn et alt nees virun allem déi Vulnerabel, deenen d‘Laascht op d‘Schëllere geluecht gëtt.

Wat d‘Tariffer vun den Taxie betrëfft, esou muss een drun erënneren, datt et eng Reform ginn hat, déi faul Friichte gedroen huet. Beim Bilan am Mäerz d‘lescht Joer, huet den Infrastrukturminister François Bausch gesot, datt hien der „nächster Regierung de Wee géif fräi maache fir déi entspriechend Korrekture virzehuelen“. Ma hien ass déi nächst Regierung an de Wee ass fräi…

Zur SNCT „Präisgestaltung“ ass alles gesot. Woubäi déi Häre vun der ULC de Nol gären eppes méi déif aklappen. Si weisen drop hin, datt d‘Regierung behaapt: „de Minister wier net kompetent well et eng privat Firma ass“. Interessant, datt d‘Regierung iwwert d‘SNCA 75% vun de Parten hält, an d‘Majoritéit inklusive President am Verwaltungsrot huet. Awer näischt domatter ze dinn…

Foto: (v.l.n.r.) Guy Goedert, Direkter; Nico Hoffmann, President; Marcel Laschette, Generalsekretär; Guy Fettes, Tresorier. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Banken, Konsumenteschutz, SNCT, Spidolparking, Taxien, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel