Search

You may also like

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit
Neiegkeeten

Italienesche Staatspresident spillt op Zäit

Nodeems de Regierungschef Giuseppe Conte e Mëttwoch fir unzefänken dem

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet
Neiegkeeten

De Weltklimarot warnt viru Réckgang vun der Liewensmëttelsécherheet

Ee kierzlecht verëffentlechte Sonnerbericht vum Weltklimarot IPCC warnt elo virun

Schëfflenger Kavalkad: Eppes fiicht a kill, an awer gutt gelaunt
Neiegkeeten

Schëfflenger Kavalkad: Eppes fiicht a kill, an awer gutt gelaunt

Natierlech hätt sech och den Organisateur vun alljäerlecher Kavalkad, den

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“

Déi nei ULC-Broschür zum „Wunne fir jonk Mënschen“

D’Këschten si gepaakt, eng nei Etapp fänkt un: Déi éischt eege Wunneng ass een entscheedende Schrëtt fir d’Selbststännegkeet vu jonke Mënschen, egal ob et sech ëm ee Student, Beruffsufänger oder Aarbechtssichenden handelt.

D’Präisser um Immobiliëmaart maachen de Schrëtt an d’Eegestännegkeet zu Lëtzebuerg oft immens schwéier. Fir jonken Erwuessener bidden sech trotzdeem, entspriechend der sozialer, perséinlecher a finanzieller Situatioun no, divers Méiglechkeeten. Äntwerten op all Froe ginn et elo mat der ULC-Broschür „Wunne fir jonk Mënschen“.

Déi informativ Broschür, déi mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Vebrraucherministère erméiglecht konnt ginn, kritt een um Sëtz vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz (55 rue des Bruyères, 1274 Houwald). Membere vun der ULC kréien op Ufro (Tel. 49 60 22-202 oder 49 60 22-402) een Exemplaire gratis zougeschéckt. Donieft fënnt een d’Material och op der Internetsäit www.ulc.lu fir erofzelueden.

Related topics Broschür, Éischt Wunneng, Immobilien, Informatioun, Jonk Erwuessener, Lëtzebuerger Konsumenteschutz, Plënneren, Selbststännegkeet, ULC, Wunne fir jonk Mënschen
Next post Previous post