Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Serge Wilmes: D’Ongläichgewiicht blockéiert d’Stad
bloodborne friend matchmaking Neiegkeeten

why do dating sites charge

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Eko-liberaler Majoritéit daacht näischt. Dëser

https://moien.lu/celebs-go-dating-2018-jonathan/
bloodborne friend matchmaking Neiegkeeten

Gemengerot Esch: Vu Bamhaiser déi kommen an engem Buet dee geet

Et war eng gutt gefëllten Dagesuerdnung déi de Schäfferot um

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag
bloodborne friend matchmaking Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Ab-op-d’Woo-Dag

Mir wëssen net esou richteg op mir laachen oder kräische

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel

Vu reliéis fanatesch bis rietsradikal: déi schänterlech Gesellen hu keng gutt Absichten

Ultrakonservativen Nationalist Favorit bei Parlamentswahlen an Israel

Wann haut an Israel d‘Wahlbüroen hir Dieren opmaachen, an d‘Israelien hir „nei“ Volleksvertrieder fir d‘Knesset bestëmmen, wäerten déi meescht ënnert hinnen sech tëscht dem Benjamin Netanyahu senger Likud an dem Benny Gantz senger Kahol Lavan entscheeden.

Interessant bei dëser Wal: de Benjamin „Bibi“ Netanyahu muss zweiwel gehat hunn, wat d‘Chance vu senger Partei betrëfft, an hien huet dann och net nëmmen eng nach méi radikaler – wann och eppes méi klenger – Partei zwee Ministermandater versprach, nee hien huet sech esouguer mat de Medien ofginn. Medien déi vu lénke Journaliste beherrscht ginn, firwat hie keng Interviewe gëtt.

Et ass allerdéngs egal wéi eng politesch „Tendenz“ e Journalist huet. Oft geet et schonn duer op de Verstand ze héieren, fir dem amtéierenden israelesche Premierminister op d‘Féiss ze trëppelen. Et ass schliisslech hien deen annoncéiert, israelesch Siidlungen am Westjordanland annektéieren ze wëllen. Fir dat gutt ze fannen, muss een als Journalist och iergendwéi radikaliséiert sinn…

Jiddesche Faschismus ass och Faschismus

Wien esou Gedanke verbreet, fënnt an der israelescher Gesellschaft awer net nëmme bei de reliéise Gruppen Unhänger. An et wier eng Iwwerraschung wann de Likud net als stäerkst politesch Kraaft am Land aus de Walen ervirgeet. Woubäi een dem Benny Gantz säi „Blo-Wäisst“ Bündnis net dierf ënnerschätzen. Ëmmerhi muss een drun erënneren, datt de „Bibi“ ënner Korruptiounsverdacht steet.

Mee si hunn e gären hire Premierminister, dee wann et e Virdeel bréngt, net zéckt sech mat erkläerte Faschisten (Bolsonaro an Orban) op gehellegtem Buedem ze weisen. An esou sicht hien sech och seng politesch Koalitiounspartner aus: reliéis rietsnational bis rietsextrem, dat si Kritären déi fir eng Allianz als „akzeptabel“ ze bewäerte sinn. Dat gëtt an Israel och kaum kritesch begleet.

Wéi sech elo déi 6,3 Millioune wahlberechtegt Israelie wäerten entscheeden? Schwéier ze soen, mee entscheet ass och hei nach näischt. Gewielt gëtt ab 7 Auer an dat bis 22 Auer. Et besteet keng Wahlflicht, woubäi et anersäits net wierklech e gudde Grond gëtt sech h erauszehalen. Bleift nach ze notéieren, datt jiddereen ouni Problem sollt kënne matmaachen, de Wahldag ass Feierdag.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: Peggy a Marco Lachmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Benny Gantz, Israel, Kahol Lavan, Likud, Parlamentswahlen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel