Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Kommissioun géint Falschinformatioune virgoen
Neiegkeeten

EU-Kommissioun géint Falschinformatioune virgoen

Falschinformatiounen (Fake-News) gëtt net eréischt zanter der Aféierung vum Internet,

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
Neiegkeeten

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“
Neiegkeeten

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

Haut mussen d‘Geschäfter hir Dieren um 19 Auer zoumaachen!

Haut mussen d‘Geschäfter hir Dieren um 19 Auer zoumaachen!

Den Thema „Ëffnungszäiten“ bleift aktuell an den OGBL erënnert drun, datt haut d‘Geschäfter – zumindest am Prinzip – sollten hir Dieren um 19 Auer zoumaachen.

Entspriechend de Gesetzer zu den Ëffnungszäiten, mussen um Virowend vun engem Feierdag, d‘Geschäfter hir Aktivitéiten um 19 Auer astellen. Ausname geet et laut Gesetz eenzeg fir de Virowend vu Chrëschtdag, Neijoerschdag an Nationalfeierdag. Eng weider Ausnam besteet fir all déi Entreprisen, an deem de Kollektivvertrag eng Klausel enthält, an där d‘Ëffnungszäiten op 20 Auer ausgedehnt ginn.

Beim OGBL bedauert een dann och, datt et awer ëmmer méi Betriber ginn, déi net gewëllt sinn sech un déi vum Gesetz virgeschriwwen Ëffnungszäiten ze halen. Si verwieren domatter bewosst a virun allem aus renger Profitsucht de Mataarbechter dee Schutz deenen hinne per Gesetz zousteet. Mee domatter net genuch: d‘Gewerkschaft erkennt an dëser „Aarbechtsweis“ och de Versuch vum Patronat, déi gewerkschaftlech Verhandlungsrechter ze ënnergruewen.

Nodeems den OGBL sech zu dësem Thema scho virun enger Woch geäussert hat (an am Mäerz hat ee sech misse bekloen) hunn eng Rei Entreprisen a Betriber sech mat der Gewerkschaft drop verstännegt, eng entspriechend Klausel an de Kollektivvertrag opzehuelen, déi et hinne soll erlaben un de Virowenter vun engem Feierdag bis 20 Auer d‘Dieren opzehalen. Dozou gehéieren de Cora, Match an Auchan. Si wëllen dat och entspriechend bezuelen.

Op där aner Säit insistéiert d‘Patronat am Eenzelhandel op déi integral Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten. Et sollt iwwerhaapt keng Zäit festgeluecht ginn an am léifste wier et deene meeschten, si dierften hir Geschäfter all Dag ouni Ausnam ronderëm d‘Auer ophalen. An do gëtt et an der Regierung schonn deen een oder aneren, dee sech dësem Gedanke kéint uschléissen. Wou do dann awer Beruff a Famill kompatibel sinn ass net gewosst.

A well d‘Patronat offensichtlech och a konjunkturell gudden Zäiten, dem Salariat d‘Botter op der Schmier net ze vergënne schéngt, mussen d‘Gewerkschaften aktiv ginn. Esou den OGBL, deen d‘Geleeënheet notzt fir eng fortschrëttlech Reform vum Gesetz zu den Ëffnungszäiten ze fuerderen. Et misst zudeem och endlech ophalen, datt Jänni a Männi beim Minister ouni grouss Erklärungen eng Ausnameregelung erwierke kënnen.

Esou wéi et aktuell gehandhaabt gëtt, wier et net méi zoulässeg a beim OGBL hu se déi haart Bandagen ugeluecht. Esou heescht aus der Escher Zentral, datt sech d‘Gewerkschaft d‘Recht virbehält, géint all Betrib dee géint d‘Ëffnungszäitegesetz verstéisst virzegoen. Besser wier et natierlech, wann de Konsument géif Verantwortung iwwerhuelen, an no 19 Auer net méi géif akafe goen. Mee de Konsument ass och en Egoist…

Géifen sech méi Mënschen net nëmme verbal méi fir hir Matbierger asetzen, mee hir Spréch och an d‘Dot ëmsetzen, a wieren sech méi Leit bewosst firwat et sënnvoll bis wichteg ass gewerkschaftlech organiséiert ze sinn, da bréicht et dëse ganzen Aktionismus wahrscheinlech net. Mee wéi esou oft, hei scheitert de Mënsch um Mënsch an dofir ass et wichteg dësem nees an Erënnerung ze ruffen, datt de Geschäfter hir Ëffnungszäiten de Mataarbechter hir Aarbechtszäite sinn.

Ähnlech Sujeten Eenzelhandel, Ëffnungszäiten, Kollektivvertrag, OGBL, Reformen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel