Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt
International Stories

Joresbilan: Der „Post Lëtzebuerg“ geet et gutt

D‘Post, déi bekanntlech aus dräi Servicer besteet: Courrier, Finanz an

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“
International Stories

„Europa muss seng eege Sécherheet an de Grapp huelen“

Haut soll d’EU seng detailléiert Propositioun fir d’Finanzéierung vun enger

dislikemoneysurprise
Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt
International Stories

Mammenhaus vu Google huet wéinst EU-Geldstrof manner verdéngt

Gëschter huet „Alphabet“, d‘Mammenhaus vu Google, seng Resultater vum zweeten

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner um elektresche Stull

En Amerikaner, deen et virgezunn huet duerch en déidlechen elektresche Schlag ze stierwen, ass um Donneschdegowend am Tennessee um elektresche Stull higeriicht ginn.

Den Dout vum 63 Joer alen Edmund Zagorski ass um 19:26 Auer (00:26 Auer europäesch Zäit), am Héichsécherheetsprisong vun Nashville, festgestallt ginn. Esou seet et de Communiqué vun der Administratioun fir d‘Prisongen, vun dem Bundesstaat. Den elektresche Stull, deen nëmmen nach an néng Bundesstaaten zougelooss ass, war zanter 2013 net méi agesat ginn.

Laut der Affekotin vum higeriichte Mäerder, Kelly Henry, wiere seng lescht Wierder: „A lass et geet“ gewiescht. Bei der Pressekonferenz no der Exekutioun, huet d‘Affekotin beschriwwen, wéi den Edmund Zagorski um Stull festgebonne ginn ass, fir ze verhënneren, datt hie sech während der Elektrokutioun opbeemt. U senge Foussgelenker, Schwämm, déi mat enger Salzléisung duerchnässt waren, fir de Stroum besser „fléissen“ ze doen…

E „leschte“ Wonsch?

Den Edmund Zagorski war 1984 zum Dout veruerteelt ginn, well him konnt nogewise ginn, zwee Männer den Hals opgeschnidden ze hunn, nodeems hien se ugelackelt hat, fir hinnen Drogen ze verkafen. No 34 Joer am Doudestrakt, sollt hien am Oktober mat der „Gëftsprëtz“ higeriicht ginn. Am leschtem Ament awer, huet den zum Dout Veruerteelten et virgezunn sech op den elektresche Stull ze setzen.

Am Fall vun der Gëftsprëtz, esou d‘Argumentatioun vum Edmund Zagorski sengen Affekoten, sinn „déi lescht 10 bis 18 Minutte vu sengem Liewen den absoluten Horror“, während am Fall vun der Elektrokutioun, et just während 15 bis 30 Sekonnen zu enger net auszehalender Péng kënnt.

Am Staat Tennessee, ass et de Persounen, déi virun 1999 veruerteelt goufen, erlaabt, tëscht den zwou Methode vun der Hiriichtung ze wielen. De Gouverneur Bill Haslam, hat dem Veruerteelten eng „Otempaus“ gegënnt, fir de Servicer d‘Zäit ze ginn, den elektresche Stull virzebereeden. De Stull, deen zanter 2007 net méi am Asaz war, huet dëse „Service“ den 12. Oktober getest. Fir seng „lescht Moolzecht“, hat sech den Edmund Zagorski Schwéngsféiss bestallt.

Eng human Hiriichtung?

Laut engem Sondage aus 2015, si 54% vun den Amerikaner der Usiicht, datt den elektresche Stull, eng „gräisslech an ongewinnten“ Aart a Weis vun der Hiriichtung ass. Déi hunn d‘Amerikaner progressiv ofgeschaaft, nodeems Exekutiounen net esou verlaf sinn, wéi et eigentlech virgesinn ass. Esou war 1997 de Kapp vun engem Veruerteelte bei enger Hiriichtung a Florida a Brand geroden.

Virun der Hiriichtung vum Donneschdeg, war den elektresche Stull nëmme fir 14 Exekutioune vu ronn 900, déi am ganze Land säit 2000 duerchgefouert goufen, agesat ginn. Mee an dësem Kontext soll ee bedenken, datt „de Choix vum Edmund Zagorski, villes zum Scheitere vun der Gëftsprëtz als probat Hiriichtungsmëttel ausseet“ kommentéiert den Direkter vum Informatiounszenter iwwert d‘Doudesstrof, Robert Dunham, dem Veruerteelten seng Entscheedung.

D‘Gëftsprëtze sinn déi heefegst Hiriichtungsmethod an den USA. Eng Aart a Weis déi vehement kontestéiert gëtt, well den Asaz vun der Droge, déi de Veruerteelte soll anästheséieren, nëmme „bedéngt“ Wierkung weist, firwat sech den „Ofgang“ zum totalen an net ëmkéierbaren Horrortripp entwéckelt.

Hiriichtung „à la Carte“?

Fir de Robert Dunham ass et wichteg zréckzebehalen, datt de „Choix“ vum Edmund Zagorski faktesch betruecht kee war. Fir hie war et „eng direkt Konsequenz vun der makaberer Exigenz vum ieweschte Geriichtshaff, déi den zum Dout Veruerteelten operleet, eng ‚Alternative‘ virzeschloen, wann eng Hiriichtungsmethod am Bezuch op d‘Verfassung ‚grausam‘ ass“.

Wéi den Edmund Zagorski sech fir den elektresche Stull „entscheet“ huet, hat hie preziséiert, datt hie kengeswees fir d‘Elektrokutioun ass. „Ech wëll net der Tortur vun der Injektioun ausgesat ginn“ hat de Veruerteelten den Autoritéite geschriwwen. „Ech consideréieren datt esouwuel d‘Gëftsprëtz wéi den elektresche Stull, géint meng Rechter verstoussen“.

Den Edmond Zagorski hat um Donneschdeg e leschte Recours versicht, mee deen ass vun de Riichter zréckgewise ginn…

mat AFP

Foto: D‘Hiriichtungskummer am Riverbend Héichsécherheetsprisong zu Nashville. (Archivbild – Dezember 2013) © AFP

Ähnlech Sujeten Edmund Zagorski, elektresche Stull, Gëftsprëtz, Hiriichtung, Tennessee, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel