Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung
Neiegkeeten

De Briten hiren Austrëtt geet an d‘Verlängerung

D‘Theresa May huet am House of Commons d‘Parlamentarier opgeruff dach

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer
Neiegkeeten

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

Endlech mol positiv Noriichten aus dem Haus vum Gezwitscher! Twitter

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?
Neiegkeeten

Brasilien: Éischt Massaker an de Favelaen?

De Jair Bolsonaro, Diktaturnostalgiker an erkläerte Faschist, hat während senger

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“

45 Deputéierte fir 7 Parteien hunn en Dënschdeg an der Chamber hiren Eed ofgeluecht

Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De President vun der Piratepartei huet sech virun der Vereedegungszeremonie ville Froe vun de Journaliste misse stellen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Kandidaten aus dem Nordbezierk, kuerz iert si zum Eed opgefuerdert goufen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Kandidaten aus dem Bezierk Zentrum, kuerz iert si zum Eed opgefuerdert goufen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Kandidaten aus dem Ostbezierk, kuerz iert si zum Eed opgefuerdert goufen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Dee „neie“ vun der Piratepartei: de Marc Goergen huet den Dag gutt iwwerstanen, a muss sech elo op an d‘Aarbecht stierzen. Zu hirer zwee wäert hinnen déi och net ausgoen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Kandidaten aus dem Südbezierk, kuerz iert si zum Eed opgefuerdert goufen. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Wieler hunn de François Benoy an d‘Chamber verfracht, en erfrëschend neit Gesiicht an de Reie vun déi gréng. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Fir de Sven Clement, als jéngste Member vun der Chamber, war et e ganz flotten Dag, och wann hien, eegener Ausso no, eppes méi opgereegt war, wéi bei senger Hochzäit. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De Paul Galles (CSV) an de Jeff Engelen (ADR), sinn zwee vun de neie Gesiichter um Krautmaart. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Sëtzung vun der Iwwerpréiwungskommissioun gouf Presidéiert vun Diane Adehm (CSV), d‘Sam Tanson (déi gréng) war d‘Rapportrice. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch am „tête-à-tête“ mam Ausseminister Jean Asselborn. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De Premierminister Xavier Bettel (DP) huet d‘Seance offiziell erëffent. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Op der „Regierungsbänk“ war d‘Stëmmung och, wéi soll ee soen, ganz entspaant. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Fir de Gast Gibéryen (ADR) a seng Partei war et gëschter en historesche Moment. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De Gast Gibéryen (ADR) an de Mars di Bartolomeo (LSAP), dee fir dësen Dag de Stull vum Chamberpresident zur Verfügung gestallt huet. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
(v.l.n.r.) Sven Clement (Piraten), Roberto Traversini (déi gréng) a Josée Lorsché (déi gréng). © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Entspaanten Atmosphär tëscht dem Marc Spautz (CSV), Gilles Roth (CSV) an dem Etienne Schneider (LSAP). © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Engersäits d‘Octavie Modert (CSV) am Gespréich mam Roy Reding (ADR), anersäits de Marc Spautz (CSV) an den Etienne Schneider (LSAP) am Austausch. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
(v.l.n.r.) Gast Gibéryen (ADR), Marc Spautz (CSV), Claude Wiseler (CSV) a Gilles Roth (CSV) beim Smalltalk. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
(v.l.n.r.) Sven Clement (Piraten), Jean-Marie Halsdorf (CSV), Aly Kaes (CSV) an de Marco Schank (CSV). © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De Marc Angel, d‘Lydia Mutsch an de Jean Asselborn (alleguerte LSAP). © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
De Jeff Engelen (ADR) am Gespréich mam Fernand Etgen (DP). © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Si wësse scho wéi et geet: den David Wagner (l) an de Marc Baum vun déi lénk. © Martine de Lagardère/moien.lu
Um Krautmaart huet et gëscht geheescht: „Je le Jure!“
Houfreg an zefridden: de Marc Goergen (Piraten) huet sech drop gefreet, datt et elo endlech lassgeet. © Martine de Lagardère/moien.lu

A geléister a kollegialer Atmosphär, hunn sech gëschter um Krautmaart d‘Volleksvertrieder vu siwe politesche Partien, fir den éischten Akt vun der neier Legislaturperiod zesummefonnt. Ënnert der Presidence vum Gast Gibéryen (ADR) a de waachsamen Aen, vum Sven Clement (Piraten) an dem François Benoy (déi gréng) ass d‘Vereedegungszeremonie vollzu ginn.

Interessant, den Ëmgang ënnert den Deputéierte war trotz engem, fir déi eng oder aner Partei, net esou gléckleche Wahlausgang, ganz frëndlech. Et ass sech ëmäermelt ginn, gudde Frënn huet een och eng Bees ginn, an et gouf gegeckst a gelaacht. Eng Rentrée wéi am Billerbuch, a wann et elo Schnittercher an e Cremant ginn hätt, wier engem guer net méi opgefall dat een an der Chamber war.

Krautmaart

(v.l.n.r.) Sven Clement (Piraten), Gast Gibéryen (ADR) a François Benoy (déi gréng). Si hate gëscht um Krautmaart d‘Heft an der Hand, an hunn de Kollegen den Eed ofgeholl. © Martine de Lagardère/moien.lu

De CSV-Parteipresident Marc Spautz huet sech ganz lacker mam Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) ënnerhalen, d‘Lydia Mutsch (LSAP) war och ganz entspaant, de Fernand Kartheiser (ADR) an de Claude Wiseler (CSV) haten och e puer Wuert virenaner iwwreg. Grousst Interessi haten d‘Medien awer un deene „Neien“, ergo d‘Piraten. Si hu gëschter hir Entrée an d‘Chamber genoss.

Wann et richteg ass, datt de Sven Clement – ëmmerhin de jéngsten an dësem héijen Haus – eppes méi sollicitéiert war wéi de Marc Goergen, esou stounge béid „Newcomer“ awer am Mëttelpunkt vun der neier Legislaturperiod. Si hunn sech de Froe vun de Journaliste gestallt an mat den neie „Kollegen“ éischt Kontakter geknäppt. Si dierften et zudeem kaum erwaarden dat et lass geet.

Eng „kuerz“ Dagesuerdnung

Iert et dann zur Vereedegung konnt kommen, huet als éischt emol missen eng „Kommissioun“ constituéiert ginn. De Gast Gibéryen a seng zwee Assesseuren, Sven Clement a François Benoy, déi de „provisoresche Büro“ bilden, hu 7 Kandidaten ausgeloust fir d‘Iwwerpréiwungskommissioun zesummenzestellen. Dunn ass d‘Sëtzung ënnerbrach ginn, an d‘Kommissioun konnt siegéieren.

Där hire Rôle ass et d‘Resultater vun der Wal vum 14. Oktober ze validéieren. Si huet sech och der Reklamatioun vum Kandidat Robert Mehlen (ADR) ugeholl, an där hien d‘Annulatioun vun de Chamberwahle gefuerdert huet. D‘Iwwerpréiwungskommissioun konnt awer an dëser Saach wéineg verriichten, si ass, esou seet et d‘Chambersreglement, einfach net zoustänneg.

Krautmaart

D‘Iwwerpréiwungskommissioun huet bestanen aus: Diane Adehm, Presidentin (CSV), Sam Tanson, Rapportrice (déi gréng), Roy Reding (ADR), Aly Kaes (CSV), Roberto Traversini (déi gréng) Michel Wolter (CSV) a Viviane Reding (CSV).

A während dann d‘Kommissioun d‘Wahlresultater an d‘Legitimitéit vun den Deputéierte validéiert huet, hunn déi Volleksvertrieder, déi an der Chamber bliwwe waren, d‘Zäit genotzt, fir mat der Famill an Frënn e puer Erënnerungsfotoen ze maachen, fir dëse memorabele Moment festzehalen. Kuerz duerno ass et dann ënnert dem geblëtz vun de Fotografen zur Vereedegung komm.

Déi „al“ Regierung huet sech dat ganzt a Rou ugekuckt, woubäi der hei awer puer „gefeelt“ hunn. D‘Corinne Cahen an de Pierre Gramegna (béid DP) mee och d‘Carole Dieschbourg an de François Bausch waren anerwäerts gefrot. Mee vu datt si hir Mandater bestätegt kruten, dierft ee si och nees op gewinnter Plaz erëmgesinn, esouwäit se nees an der Regierung Verantwortung iwwerhuelen.

Foto: Um Krautmaart goufen en Dënschdeg 45 Deputéiert vereedegt. Wann elo déi nei Regierung zesummegestallt ass, kann et och nees mat der politescher Aarbecht viru goen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamber, Deputéiert, Krautmaart, Legislaturperiod, Regierung, Vereedegung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel