Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
Money Neiegkeeten Stories

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
Money Neiegkeeten Stories

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

Steierreform 2.0
Money Neiegkeeten Stories

Steierreform 2.0

Se stieche matten an de Koalitiounsgespréicher, an d‘CGFP fuerdert vun

money

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

ULC Generalversammlung setzt politesch Akzenter

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico Hoffmann um Mëttwoch an der Generalversammlung vum Konsumenteschutz ugesat huet, a Grënn dofir gëtt et der masseg. De Problem vum Agencestierwen, d‘Petitioun zu de Bank- a Schalterfraisen esou wéi de legislative Prozess fir eng Sammelklo féieren ze kënnen, stoungen a stinn och weiderhin am Mëttelpunkt.

Hale mir nach kuerz fest, datt d‘ULC eng 44.000 Memberen zielt, fir déi 27 Mataarbechter sech Dag fir Dag asetzen. Mat der neier Regierung huet d‘Land endlech e Verbraucherschutzministère kritt. D‘Ministesch, Paulette Lenert (LSAP) war entschëllegt, woufir et eng seriéis Ursaach ginn huet. Op hiren Avis zu de Sammelkloe komme mir da méi spéit zeréck. Et dierft interessant sinn…

De Nico Hoffmann ass natierlech op déi vill Aktivitéiten – och am Kontext vun de Chamberwahlen – ze sprieche komm. Iwwert d‘Joer ewech huet och regelméisseg Entrevue mat de Ministère ginn, bei deenen et ëmmer drëms gaangen ass, d‘Interesse vun de Konsumenten op eng konstruktiv, mee net manner kritesch Aart a Weis ze verdeedegen. An un Theme feelt et dem Konsumenteschutz net.

De Fanger „an“ d‘Wonn leeën, och wann et wéi deet…

Ugesiichts dem iwwerdimensionéierten Afloss dee Wirtschaft a Finanz op dat politescht Geschäft huet, war gutt a richteg, datt d‘ULC fir d‘Chamberwahlen e Fuerderungskatalog virgeluecht hat, a muenches dovunner huet dann och an de Programmer vun de Parteien néiergeschloen. E bessere Konsumenteschutz ass jo och am Sënn vun de politesche Vetrieder, an dat Parteiiwwergräifend.

D‘Schafe vun engem Verbraucherschutzministère war am Kontext vun de Chamberwahlen déi wuel wichtegst Fuerderung. Déi, dat wësse mir haut, huet d‘ULC ëm- an duerchgesat kritt. En éischte wichtege Schratt ass domatter gemaach ginn, an de Nico Hoffmann wëll dësem Ministère och déi néideg Zäit zougestoen, déi noutwenneg ass, sech mat der Matière vertraut ze maachen.

Et ass datt, esou den ULC-President eng ëmmer méi Komplex Matière, an de Konsument ass séier iwwerfuerdert a wirtschaftlech kaum an der Lag sech eleng géint Mëssbrauch, Bedruch a falsch Verspriechen ze wieren. Dofir ass et dann och wichteg, datt de Volet Liewensmëttelsécherheet eng grouss Plaz am Ministère zougestane kritt. Dat geet awer nëmme wann et ausräichend Personal gëtt.

Liewensmëttelsécherheet an eng Petitioun déi et a sech huet

„De Konsument huet e fundamentaalt Recht op eng gesond Ernierung an Liewensmëttelsécherheet, wëll Gesondheet a Sécherheet sinn datt héchste Gutt vun all Bierger“, betount den ULC-President. Verständlech, datt dee Punkt fir de Konsumenteschutz däitlech prioritär ass géintiwwer allen anere wirtschaftlechen Iwwerleeungen an Interessen. Datt geet awer nëmme wann och kontrolléiert gëtt.

Nieft dem Recht op gesond Ernierung, huet de Konsument – an de Bierger am allgemengen – och d‘Recht mat Würd behandelt ze ginn. Dat begräift an, datt hie Basisdéngschtleeschtungen an Usproch huele kann, ouni datt him de leschte Wak aus der Täsch gezu gëtt. Besonnesch d‘Banken, an hei och nach déi wou dem Staat gehéieren, spillen hir Muecht géint déi vulnerabelst Leit aus.

Deem entgéintzewierken ass net einfach, wann sech den Haaptaktionär aus der Verantwortung zitt, an dat mam Argument et kéint et sech net a wirtschaftlech Ugeleeënheete vu private Firmaen amëschen. Dofir gouf et en Petitioun, an déi huet genuch Ënnerschrëfte kritt, firwat et dann elo och zu enger Unhéierung um Krautmaart kënnt. Wann dann nach legiferéiert géif ginn, wier et perfekt.

Keen Internet an/oder e klengt Akommes? Pech…

„De Mënsch hätt sech gefällegst dem Diktat vun de Banken ze ënnerwerfen“ huet emol e Bänker zum Ausdrock bruecht, dee sech elo zu Bréissel vehement dofir asetzt datt d‘Boergeld ofgeschaaft gëtt. Dat gesinn se beim Konsumenteschutz diametral anescht, an den Ierger ass ëm esou méi grouss, wéi festzestellen ass, datt d‘Banken ëmmer méi Geld fir ëmmer manner Service fuerderen.

An esou wäert d‘ULC sech och weiderhi mobiliséieren an d‘Konsumenten iwwert déi onsozial Politik vu gewëssen Institutiounen um Lafenden halen. Et ass awer richteg, datt eeler Mënschen an/oder Persoune mat ageschränkter Mobilitéit, wa se de Courage hunn et unzefroen, am Guichet keng Fraisen ze bezuelen hunn. Woubäi d‘Banken hir Leit kennen, an déi net sollte biedele mussen.

Leit

Den ULC-President Nico Hoffmann, ass op e neits iwwert déi „droleg“ Geschäftspraxis vun de Banken hiergefall, huet d‘Regierung un hir Verantwortung géintiwwer de Konsumenten erënnert an der Assemblée verséchert, datt een och 2019 d‘Rechter vun de Konsumenten, wéi och d‘Kafkraaft vun de Bierger wäert verdeedegen. Hien hofft zudeem, datt et zäitno zu engem Gesetz kënnt mat deem Sammelkloen zoulässeg gemaach solle ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Deeselwechte Virworf mussen sech d‘Banke (an deels och d‘Assurance) gefale loossen, wa rieds geet iwwert Informatiounspolitik. Transparenz geet anescht. Am Gesetz vum 13. Juni 2017 ass eng vollstänneg Transparenz vun de Fraise virgesinn, an zanter dem 1. November gëtt et um Site der CSSF e „Comparateur“, deen awer wäit hannert den Erwaardungen a Ufuerderunge geleeën ass.

Iwwer Sammelkloe muss legiferéiert ginn

E weidere Punkt dee beim Konsumenteschutz ganz uewen op der „TO-DO“ Lëscht steet: de Volet Sammelkloen. Hei ass d‘ULC erfreet doriwwer, datt am Regierungsprogramm d‘Aféierung vun de Sammelkloe virgesinn ass. Am Kontext vun der éischter Entrevue mat der Ministesch, Paulette Lenert, goufen dann och Neel mat Käpp gemaach, an eng zäitno Ëmsetzung an Aussicht gestallt.

„Mir hoffen elo just, datt net nees op de EU-Won gewaart gëtt, mee et kuerzfristeg zum engem Gesetz kënnt“, esou de Nico Hoffmann e Mëttwoch. Hien huet och drun erënnert datt d‘EU-Kommissärin fir de Konsumenteschutz, Vera Jourova, viru gutt engem Joer e Projet fir eng EU-Direktiv virgestallt. Géif et déi schonn, hätt ee den Dieselskandal juristesch scho Vläicht am Grëff.

Un dësem Punkt léisst och beschtens beweisen, wéi wichteg et ass Sammelkloen zouzeloossen an deem e gesetzleche kader ze ginn. Et géif derzou bäidroe geschiedegte Konsumenten en Block zu hirem Recht ze verhëllefen. Dat den Handel an d‘Industrie dat mat alle Mëttele verhënnere wëllen ass kloer. D‘ULC erwaart dann och vum Ministère an dësen Dossier agebonnen ze ginn.

Kafkraaft, Index a Steierpolitik …

Eng vun de Missioune vum Konsumenteschutz ass et och d‘Kafkraaft vun de Bierger ze erhalen, déi vu villen Trägerorganisatiounen (hei haaptsächlech d‘Gewerkschaften) mat vill Opwand geschafe gëtt. Gleeft een de Prognose vun der Statec, läit den Inflatiounstaux bei 2,13%. Déi lescht Tranche gouf et am August 2018, an nach ëmmer bezunn op de Statec, sollt déi nächst Enn Joer fälleg sinn.

„Fir déi allermeescht Konsumenten ass den automateschen Indexsystem ganz oft deen eenzegen, wann och nëmme ganz klénge Rattrapage fir esou ongeféier de Kafkraaftverloscht auszegläichen“, esou de Nico Hoffmann. D‘ULC fuerdert dann, datt et am Kontext vun enger gudder Konjunktur nees zu enger Virschosstranche an Héicht vun 1,5% kënnt. Dat wier zumindest de richtege Wee.

Bei der Steierpolitik sollt sech dës Regierung elo och enger gerechter a méi sozialer Steiertabell unhuelen. Déi ass elo säit 8 Joer net méi der Inflatioun ugepasst ginn, och wann, an dat dierf een esou behaapten, déi lescht Reform schonn an déi richteg Richtung gaangen ass. Bedauerlech ass datt et net zur versprache Steiergerechtegkeet komm ass. Hei muss dréngend nogebessert ginn.

Beim Logement muss sech och eng afale gelooss ginn

De Nico Hoffmann ass a senger Ried och op dat leedegt Thema „Logement“ agaangen. Et Sujet dee jo all d‘Parteien am Land beschäftegt. An um Terrain läit dann och nach villes am Uergen an et géif schonn eppes zum Gudde veränneren, wann de Staat de Spekulanten, Immobilienhaien an soss onangenehm Promoteuren endlech d‘Handwierk géif leeën. Si sinn eng Gefor fir d‘Gesellschaft.

Wat déi kontinuéierlech Hausse vun de Präisser um Wunnengsmaart u Schued uriicht ass bekannt. Datt dunn och nach entscheet gouf d‘TVA beim Loyer vun 3% op 17% unzehiewen, ass och nees grad de „modeste Menagen“ eng weider Laascht operluecht ginn. Fir jonk Leit, déi hiert Liewe grad opbauen, oder eng elengerzéiend Persoun, sinn esou Decisiounen e Schlag an d‘Gesiicht.

Esou kënnt een dann och bei der ULC zum Schluss, datt déi ëffentlech Hand (Staat a Gemengen) sech muss méi engagéieren, déi richteg Acteuren zesummeféieren a virun allem och säi Virkafsrecht verstäerkt notze muss. Wunne wier schliisslech e Mënscherecht, an ouni bezuelbare Wunnraum kann deem net Rechnung gedroe ginn. Hei gëtt dann och villes versprach, dat muss agehale ginn…

E kuerze Fazit

Déi uewe genannte „Suergen“ sinn déi „grouss Dossieren“ déi de Konsumenteschutz um Feier huet, an déi sollte kengem d‘Gefill vermëttelen, datt „Klengegkeeten“ vernoléissegt géifen. Dat war an ass net de Fall. Beim Konsumenteschutz ass de Bierger tatsächlech gutt opgehuewen a gëtt och entspriechend eescht geholl. Hei Member ze sinn, heescht eng kleng Zomm gutt ugeluecht ze hunn.

Et ass dann och erfreelech, datt d‘Dotatioun vum Staat eppes gehéicht ginn ass. D‘Hoffnung ass grouss, datt d‘Paulette Lenert, déi iwwert d‘Fachkompetenz an dësem Beräich verfüügt, am Dialog mat der ULC dem Konsumenteschutz dee verdéngte Stellewäert zougesteet. Déi Geschicht mat de Sammelkloe muss dann och wéi versprach, zügeg an Ugrëff geholl ginn.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bankfraisen, Konsumenteschutz, Nico Hoffmann, Sammelkloen, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel