Search

You may also like

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg
Kultur Neiegkeeten

Eng flott sportlech Rentrée fir d‘Damme vum SC Beetebuerg

De Summer ass elo „Geschicht“ a wa vu „Rentrée“ rieds

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn
Kultur Neiegkeeten

Esch 2022: Et muss sech elo och nees de Kultur zougewennt ginn

Zu Esch-Uelzecht ass ee beméit nees esou eppes Normalitéit ze

Déifferdeng: Vill Geld fir den Ausbau vum Stadhaus
Kultur Neiegkeeten

Déifferdeng: Vill Geld fir den Ausbau vum Stadhaus

Leschte Mëttwoch huet den Déifferdenger Gemengerot de Budget fir eng

UM-WEGE Deel 2 – Wa Konscht d’Entwécklung representéiert

Och beim zweeten Deel vun der interdisziplinärer Expo „UM-WEGE“ zu Helleng sinn d’Visiteuren an eng Welt vun de Richtungswiessel an Ëmleedungen gezu ginn. Wéi huet sech d’Situatioun mat der Pandemie weiderentwéckelt a wéi kann een eist Ëmdenken an eis nei Normalitéiten mat kënschtlereschen Elementer verpaken? Eng Äntwert op dës Froen gouf et vergaangene Weekend.

Op en Neits huet d’animato Asbl, zesumme mam Camille Kerger – deen iwwregens säi fantastesche Gaart fir dëst Evenement nach emol zur Verfügung gestallt huet – eng Kombinatioun aus Fotografie, Musek, Literatur an Danz zesummegestallt. Nodeems den Nico Helminger mam passenden Text zur Fro „Wéi geet et den Otemweeër?“ d’Aleedung gemaach huet, goung et weider bei de musikaleschen Deel.

Wärend der Visitt koum et ëmmer erëm zum Wiessel tëscht dem Nico Helminger, der Grupp Sing4You (mam Mariette Lentz, Joëlle Wiseler, Jeff Mack, Benedikt Wesener a Philippe Beaujot) an der Dänzerin Annick Pütz. D’Artisten sinn dobäi mat der Ëmgéigend verschmolz, hunn d’Natur an hir Performance agebonnen a soumat fir en harmonescht Gesamtbild gesuergt. Vu Lidder wéi „Greensleeves“ oder „Mein kleiner grüner Kaktus“ bis hin zu engem Queen-Medley hunn d’Museker esou richteg d’Häerz beréiert a fir e breet Grinsen gesuergt.

Ënnert der grousser Eech, wou beim éischten Deel vun der Expo Ufank August eng Klanginstallatioun ze fanne war, huet dës Kéier d’Yan Liù mat senger Guzheng traditionell chinesesch Musek mat erabruecht. Nodeems d’Annick Pütz sech dësem Wierk ugeschloss huet, ass een richteg an e meditativen Zoustand verfall.

Ofgerënnt gouf d’Fräiliicht-Evenement duerch Fotoe vum Sven Becker. Zuelräich monochrom Opnamen hunn eenzel Leit am Confinement gewisen, direkt niewendrun war den Datum an d’Zuel un Infizéierten vermierkt.

Schonn elo kann ee sech iwwert en drëtten a finalen Deel vun der Expo UM-WEGE freeën. Um 24. a 25. Abrëll 2021 gëtt dann de Fokus op d’Entwécklung vun der Pandemie iwwert ee Joer geluecht.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu UM-WEGE 2 © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics animato Asbl, Annick Pütz, Camille Kerger, Choreographie, Confinement, Danz, Deel 2, Entwécklung, Expo, Gesang, Guzheng, Helleng, Interdisziplinär, Konscht, Musék, Nico Helminger, Pandemie, Sing4You, Sven Becker, UM-WEGE, Yan Liù
Next post Previous post