Search

You may also like

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Eng Falsch Informatioun gëtt net richteg well ee se widderhëlt

Et gëtt esou villes iwwert dat ee sech als aviséierte

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi
Kultur Neiegkeeten

Vereedegung vun engem Offizéier bei der Lëtzebuerger Arméi

Gëschter ass net nëmmen den neie Stabchef vun der Lëtzebuerger

Jong klëmmt all Dag bei d’Spidolsfënster, fir no u Covid-erkrankter Mamm ze kucken
Kultur Neiegkeeten

Jong klëmmt all Dag bei d’Spidolsfënster, fir no u Covid-erkrankter Mamm ze kucken

Nodeems dem Jihad Al-Suwaiti seng Mamm positiv op Covid-19 getest

Helleng: Eng Expo vun den Ëmweeër

Mat der Ausstellung UM-WEGE konnt de Weekend d’Kultur a senger ganzer Diversitéit erlieft ginn. Duerch de multidisziplinäre Projet sinn net nëmmen d’Artisten spannend Ëmweeër agaangen. Och de Publikum konnt Inspiratioun sammelen, mat alle Sënner déi verschidde Wierker erliewen a sech an aner, deelweis och ongewéinlech Denkweisen matzéie loossen.

Ëmweeër – Net den direkte Wee, heiansdo méi laang, an awer oft noutwenneg, fir sech ze beräicheren, den eegenen Horizont ze erweideren an méi oppen un d’Zil ze kommen. Mat der aktueller Situatioun si mir all gezwongen eis ëmzestellen an nei Weeër anzegoen, wat mat dëser villsäiteger Ausstellung ënnert fräiem Himmel kënschtleresch opgegraff ginn ass.

Organiséiert gouf dat Ganzt vun der animato Asbl – et war iwwregens den éischte Projet an et kann ee sech op weider Erliefnisser freeën – zesumme mam Camille Kerger an dem Kulturministère. Am strikte Respekt vun den aktuellen Hygiènesmesuren goung et op eng Rees vun den Interaktiounen tëscht der Natur, der Architektur, dem Danz, der Musek, der Literatur an der Konscht. D’Kultur, déi mir zënter Méint vermëssen, konnt op engem Punkt zesummegefaasst ginn.

Ëmweeër

En éischten Deel an 8 Akten

Nodeems d’Karin Kremer, Presidentin vun animato, de Verlaf erkläert an op den anstännege Beholl wärend der 90-minütteger Visitt opmierksam gemaach huet, goung koum et zur Aventure fir d’Gehéier. Inspiréiert um John Cage sengem „Branches“ huet ee sech vläicht ufanks gefrot, wisou d’Museker mat Blieder raschelen oder u Kaktuspicken zupfen. Wie seng Aen zougemaach huet, konnt awer spieren a verstoen, datt et ëm d’Musek vun der Natur geet.

De Museker a Komponist John Cage war staark un der Philosophie interesséiert an huet d’Ausso opgestallt, datt all Objet an der Natur speziell Geräischer entstoe léisst, wouduerch eng natierlech Klangkonscht entsteet.

Am Gaart huet d’Visiteuren dunn eng Klanginstallatioun vum Edmond Oliveira. Am Virdergrond stoung d’Klimagerechtegkeet an Ausschnëtter vun Opnamen, an deenen den Ëmweltaktivist Brice Montagne Lëtzebuerger Deputéiert gefrot huet, ob si den IPCC-Rapport vun 32 Säite gelies hunn. Keen konnt d’Hand hiewen, de Klimanoutstand bleift. An och wärend der aktueller sanitärer Kris klammen d’Temperature weider.

Begleet gouf dës Statioun vum Stefan Scheib um Kontrabass, dem Katharina Biehler als Sängerin, dem André Pons-Valdez op der Gei an dem Guy Frisch op de Perkussiounsinstrumenter. Nodeems all Museker individuell presentéiert huet, wéi villfälteg dat jeeweilegt Instrument genotzt ka ginn, huet den internationalen a speziell fir dëse Projet zesummegesate Grupp zesumme musizéiert.

Ëmweeër

D’Jill Crovisier interagéiert mat der Natur © Shari Pleimelding / moien.lu

D’Wiesselwierkung tëscht Mënsch an Natur

Just wéineg Meter weider huet d’Jill Crovisier zur Musek vun der Natur – Wand, Äscht déi sech mat beweegt hunn, de Klang vu Schrëtt iwwert d’Wiss – mat senger Ëmwelt interagéiert. Dobäi huet déi professionell Lëtzebuerger Dänzerin op déi spontan Beweegunge reagéiert, mat de Beem interagéiert an ass duerch verschidde Stiler de Wee no vir gaangen. D’Kombinatioun aus méi haarden an doucen Amenter, immenser Dynamik, Rou an Energie huet net nëmmen zum Staunen, mee och zum matfillen verleet.

Matgefillt huet een och dem Nico Helminger säin Text, dee mat Humor an enger Grëtz Absurditéit d’Geschicht vun engem Virus erzielt huet, deen d’Bevëlkerung wuertwiertlech an d’Knéie gezwongen huet. Den Erreeger huet sech nämlech op enger Héicht vun 80 cm besonnesch wuel gefillt, wouduerch de Mënsch gezwonge war ze krauchen. Den oprechte Gang gouf bestrooft, bizar sanitär Moossname goufen ergraff an et huet ee sech iergendwéi missen un déi schwéier Situatioun upassen.

Wéi d’Liewen an noer Distanz zur Äerduewerfläch wuel ausgesinn huet, konnt d’Jill Crovisier ënnert der Trauerweid weisen. Schliisslech huet d’Artistin sech awer dem System widdersat, ass opgestanen an huet d’Freed um oprechte Gang um Bam ausgelooss.

Nom ofschléissenden Optrëtt vum véierkäppege Museksgrupp konnt all Visiteur individuell déi verschidde kënschtleresch Wierker, déi am Kader vun der Expo UM-WEGE am Park verdeelt gi sinn, bewonneren.

Ëmweeër

“Heilige Corona” vum Dagmar Weitzel © Shari Pleimelding / moien.lu

T’ass nach net eriwwer

Wa vun engem éischten Akt geschwat gëtt, mussen natierlech och weider Deeler nokommen. Ma, no dësem éischte Projet leschte Weekend, kann ee sech schonn elo op den zweeten Deel um 5. a 6. September zu Helleng freeën. D’Wahrscheinlechkeet ass grouss, datt d’Reservatioun och an engem Mount nach obligatoresch ass. Wann Dir d’Evenement op kee Fall verpasse wëllt, ka sech iwwert kergerc@pt.lu fir den Newsletter umellen.

„Aller guten Dinge sind drei“, sou heescht et. Geplangt ass, datt am Fréijoer 2021 den drëtten Deel stattfanne wäert. Hei wäert de Fokus op der Entwécklung vun der Situatioun wärend (an hoffentlech no) der Pandemie leien, erkläert d’Karin Kremer.

An der Billergalerie kritt Dir en Androck zur multidisziplinärer Ausstellung, den Optrëtter an de Konschtwierker © Shari Pleimelding / moien.lu

Related topics André Pons-Valdez, animato Asbl, Annette Pleimelding, Ausstellung, Camille Kerger, Danz, Ëmweeër, Expo, Fabienne Goerens, Guy Frisch, Helleng, Jill Crovisier, John Cage, Karin Kremer, Katharina Bieler, Konscht, Kulturministère, multidisziplinäre projet, Musék, Natur, Nico Helminger, Stefan Scheib, UM-WEGE
Next post Previous post