Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: Offiziell Ouverture 677. Schueberfouer
dating website in swaziland Neiegkeeten

tinder dating philippines

Et war erëm un der Zäit a bei beschtem Summerwieder

fantasy dating
dating website in swaziland Neiegkeeten

Doudesstrof a Saudiarabien: Kanadesche Premierminister besuergt

De kanadesche Premierminister, Justin Trudeau, huet en Donneschdeg am Bezuch

geek
Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen
dating website in swaziland Neiegkeeten

Digitalisatioun am Interessi vum Bierger an der Wirtschaft fërderen

Am Kader vum Neijoerschdagspatt um Ministère fir Digitalisatioun, hunn um

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“

Deen éiergäizegste Projet vun de Vereenten Natioun gëtt vu Wëssenschaftler als net realisabel bezeechent

UN-Agenda 2030: „Ee Vull fir d‘Kaz“

17 sozial-, wirtschaftlech-, ëmwelt- a friddenspolitesch Ziler sinn an der Agenda 2030 vun der UN enthalen. Domatter ass dëst dee bis ewell éiergäizegste Projet dee sech déi Vereenten Natioune jee virgeholl hunn. Elo huet dee vun der UN agesaten onofhängege Rot vu Wëssenschaftler, dësem Projet keng gutt Zensur ausgestallt. Verännert sech d‘Politik net rapid a riguros geet sech dat net op.

Esou en „onofhängegt Uerteel“ ass schonn iwwerraschend, grad ewéi d‘Prozedur. Well eigentlech iwwerpréiwen och op de Vereenten Natioune Politiker selwer ob si hir Verspriechen anhalen. Gutt si ginn dobäi vun „UN-Experten“ begleet, wat awer elo net sonnerlech vill un der Bewäertung ännert.

Am Fall der UN-Agenda 2030 wäert sech den UN-Generalsekretär Antonio Guterres scho geduecht hunn, datt een d‘Evaluatioun vun dësem Projet net eleng „politeschen Acteuren“ iwwerloosse kann an huet Wëssenschaftler beoptraagt sech deem unzehuelen. An déi hunn elo deen alleréischten a wahrscheinlech leschte Weltnohaltegkeetsbericht virgestallt. Gutts sicht een doranner vergiewens…

Esou huet de Schwäizer Professer Peter Messerli vun der Universitéit Bern, a senger Funktioun als Vizepresident vun dësem wëssenschaftleche Rot, däitlech festgestallt: déi haideg Entwécklungs- a Wirtschaftspolitik ass net nohalteg. Interessant, dee Fakt ass zanter iwwer 30 Joer nogewise ginn.

Elo wier et dann och nach esou, datt d‘Fortschrëtter déi d‘Gesellschaft an d‘Wirtschaft an de leschte ronn 20 Joer erziilt hunn, a Gefor sinn. Woubäi déi allerdéngs nëmmen duerch Milleniumsziler vun der UNO erreecht goufen. Esou wéi een elo nees ënnerwee ass, gëtt d‘Aarmut nees verschäerft an d‘Ëmwelt onwidderrufflech zerstéiert. D‘Ongläichheet hëlt zou an d‘Natur „kippt“ regelrecht ëm.

Laut de Wëssenschaftler misst ee sech besonnesch am Kontext vun Energie an Ernierung massiv ëmstellen. De Fleeschkonsum misst reduzéiert ginn an d‘Subventionéiere vu fossille Brennstoffer misst direkt ophéieren. Grondsätzlech net verkéiert, mee wéi ee Politiker soll dat vertrieden?

Schonn an zwou Wochen treffen sech d‘Staats- a Regierungscheffen zu New York. Si wëllen dann en éischten Tëschebilan zu där 2015 lancéiert Agenda 2030 maachen. Ugesiichts deem wat hei vun de Wëssenschaftler virgeluecht ginn ass, missten déi sech zu (drastesche) Moossname verleede loossen. Dat, esouvill ass sécher, wäert garantéiert net geschéien. Hei ass vill ze vill Geld am Spill.

mat indymedia/nyc

Foto: © Monica Suarez Galindo/PNUD Peru

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Klimawandel, UNO, Vereente Natiounen, Weltnohaltegkeetsbericht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel