Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister
Neiegkeeten

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

„Rock’n’Roll ass definitiv näischt fir al Leit, dat ass bewisen.

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un
Neiegkeeten

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un

Während muer Méindeg den éischte Grupp vu Butzen nees de

surprise
Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro
Neiegkeeten

Mam neien Audi A8 fräihänneg an de Büro

Enn leschter Woch gouf am Garage Losch an der Diddenuewener-Strooss

E Sonndeg gëtt nees un der Auer gedréit

Ass et muer fir d‘lescht datt mir d‘Zäit ëmstellen? Entscheet ass bis ewell nach näischt.

E Sonndeg gëtt nees un der Auer gedréit

Zäit kënnt an Zäit geet, mee brauch een déi Zäitëmstellung zum Wanter an am Fréijoer? Fir déi grouss Majoritéit vun de Residenten ass d‘Äntwert däitlech: Nee! An esou denken déi meescht an Europa. Eng Ofschafung vun der Summer-/Wanterzäit hunn d‘EU-Deputéiert scho beschloss, mee zu Lëtzebuerg waart ee mat der Entscheedung, op wéi eng Zäit eis Noperen sech verstännegen.

E Sonndeg ass et nees esouwäit, wann den Zär dräi Auer uweist, ass et der eréischt zwou. Dat Alles well een an der 80er Jore geduecht huet, et géif derzou bäidroen Energie anzespueren. Datt sech dat och op d‘Organismen (beim Mënsch an dem Déier gläichermoossen) auswierkt gouf wuel séier festgestallt, mee aus „wirtschaftleche“ Grënn ass dru festgehale ginn. 2021 soll elo Schluss sinn.

De Wee dohinner war wäit. Eng éischt Propose d‘Zäitëmstellung ofzeschafen hat et 2018 ginn, 2019 nach eng Kéier… am Mäerz hunn sech d‘EU-Deputéiert dunn endgülteg fir d‘Enn vun der Summer-/Wanterzäit ausgeschwat. 2021 soll also dat Gefréckels un der Auer ophalen. Fir datt dat awer ka geléngen, wier et gutt sech op eng gemeinsam Zäit, also Wanter oder Summer, festzeleeën.

Fransouse fir Summerzäit

Mat déi éischt déi eng ëffentlech Consultatioun lancéiert haten, waren eis franséisch Noperen. Zwou Millioune Bierger hu matgemaach an 83,74% vun hinnen, hunn sech favorabel fir d‘Ofschafung ausgeschwat. 59% vun hinne geséichen et gären, wann een dat wat mir aktuell als Summerzäit kennen, géif als Fixzäit unhuelen. Dat mécht awer nëmmen da Sënn, wat dat fir jidderee gëllt.

An Däitschland ass een dogéint der Usiicht, datt d‘Wanterzäit eis besser entsprécht. Dëse Rhythmus entsprécht de Verhältnisser, déi ënner Berécksiichtegung vun den natierleche Liichtaflëss fir eise Schlof/Waachrhythmus am gënschtegsten ass. Dat géif sech och positiv op d‘Konzentratioun an d‘Opmierksamkeet auswierken. D‘Kanner léiere besser an der Schoul an et gëtt manner Accidenter.

Elo ass et dann awer och nees esou, datt d‘Wanterzäit fir ganz Europa keng gutt Iddi ass. Wat fir eis gutt ass, kéint an Osteuropa op d‘Käschte vun der Gesondheet goen. Experte schwätzen sech dann och géint eng eenheetlech Zäit an Europa aus. An et geet jo schonn dräi Zäitzonen, mat deenen ee bis ewell eens ginn ass. Da kéint een d‘Wanterzäit och nees als déi „Normalzäit“ iwwerhuelen.

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Auer, Summerzäit, Wanterzäit, Zäitëmstellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel