Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris
Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki
Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki
De Mëttwoch (24.05.2017) mécht den Députéierte Marc Baum (déi lénk)
Et géif en dréngende Besoin dës humanitär Kampfpaus ëmzesetzen, esou
Sea-Eye schafft aktuell u sengem gréisste Projet säit deem de Veräi gegrënnt gouf. En erhält elo Ënnerstëtzung vun der UNO-Flüchtlingshëllef. Am September huet Sea-Eye de Kafvertrag fir säin neit Rettungsschëff ënnerschriwwen. D’Schëff, wat den Numm GHALIB KURDI droe soll, geet momentan fir den Asaz am Mëttelmier ëmgebaut.
D’Ausrëschte vun engem Schëff an dëser Gréisst ass eng gewalteg Aufgab, bei där d’UNO-Flüchtlingshëllef Sea-Eye elo mat enger Fërderung vu 25000 Euro zur Säit steet. D’UNO-Flüchtlingshëllef bedeelegt sech mat dëser Zomm un der Ariichtung vum Bordspidol vun der GHALIB KURDI. Am Asazfall brauchen déi gerette Mënsche medezinesch Éischtversuergung. Vill vun hinnen hunn sech op hirer Flucht Blessuren zougezunn, sinn krank ginn oder hunn misse Folter erleiden. Och schwanger Frae woen sech op der Sich no enger sécherer Plaz fir hiren ongebuerene Puppelchen op d’Route iwwert d’Mëttelmier a brauche medezinesch Versuergung.
Dat neit Bordspidol wäert déi Behandlung garantéieren an och op méiglech Coronavirus-Fäll u Bord virbereet sinn. “Mir sinn der UNO-Flüchtlingshëllef wierklech dankbar, datt si d’Finanzéierung vun dësem wichtege Projet ënnerstëtzen. Mir stellen deemnächst en neie Kooperatiounspartner vir, mat deem mir eis de wuessenden Erausfuerderunge stelle wëllen”, seet de Gordon Isler, Virsëtzende vu Sea-Eye e.V.
“All Diskussioun iwwert d’Fro, ob Mënschen aus Séinout ze rette sinn, ass onnëtz. Et ass e selbstverständlechen Akt an eis humanitär Verflichtung. D’Sea-Eye-Team leescht dës iwwerliewenswichteg, onschätzbar wäertvoll Hëllef”, esou de Peter Ruhenstroth-Bauer, Gerant vun der UNO-Flüchtlingshëllef.