Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel
International Neiegkeeten

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel

Mir verdanken et de Baueren op der ganzer Welt, datt

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
International Neiegkeeten

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer
International Neiegkeeten

Käerjeng erweidert säin Heemliwwer-Service fir Bierger tëscht 70 a 75 Joer

De Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng informéiert seng Bierger, datt

D‘Welt prouft den Opstand

UN-Generalsekretär rifft d‘Regierungen op der Welt op de leit nozelauschteren

D‘Welt prouft den Opstand

Op der ganzer Welt hunn es d‘Leit sat eng „géint si gefouert“ Politik weider hinzehuelen. Vum noen Osten iwwer Europa bis a Südamerika, kee Kontinent schéngt vun Opstänn verschount ze bleiwen. Doranner gesäit de Chef vun de Vereenten Natiounen e gemeinsamen Nenner an firwat hien dann elo och d‘Regierungen opgefuerdert huet den Demonstranten nozelauschteren.

A folgende Länner: Bolivien, Chile, Ethiopien, Irak, Libanon a Spuenien; sinn d‘Mënschen op d‘Strooss gaange fir géint hir respektiv Regierungen ze demonstréieren. An dës Lëscht ass net exhaustiv an och wann d‘Protester eegen Ziler verfollegen, esou huet den UN-Generalsekretär doranner Gemeinsamkeeten erkannt. Zu New York huet hien e Freideg seng Positioun virgeluecht.

UN-GeneralsekretäOnbeuecht de jeeweilegen nationale Besonneschkeeten, hunn all dës Manifestatiounen eppes gemeng: „Weltwäit gëtt et ee grousse Vertrauensverloscht tëscht de Bierger an der politescher ‚Elite‘, de soziale Vertrag ass bedreet. D‘Welt kämpft mat de Folge vun der Globaliséierung an den neien Technologien, déi d‘Ongläichheeten an der Gesellschaft verstäerkt hunn“, esou de Guterres.

Sech besënne wier gutt

An den Antonio Guterres wennt sech un all d‘Acteure vun de Protester. Vun de politesche Leader fuerdert hien „den Demonstrante mat hiren echte Problemer nozelauschteren“. D‘Welt misst sech fir eng „fair“ Globaliséierung, „sozial Gerechtegkeet“ a géint de Klimawandel mobiliséieren. D‘Leit wëllen datt hir Mënscherechter respektéiert a si sech un den Entscheedunge bedeelege kënnen.

UN-GeneralsekretäDat besonnesch bei Entscheedungen déi hiert Liewe betreffen. Verlaangt géif – an dat ass de Punkt an deem sech d‘Protester vereenen – gläich Konditiounen, sozial, ekonomesch a finanziell Systemer déi fir jidderee gläichermoosse funktionéieren. A Regierungen un d‘Flicht d‘Meenungs- am d‘Versammlungsfräiheet ze verdeedegen. Mat Knëppele léist sech keng Politik duerchsetzen.

Un d‘Adress vun den Demonstrante geet och en Appell. Den UN-Generalsekretär rifft si op sech e Beispill un Leit wéi de Mahatma Gandhi oder de Martin Luther King ze huelen a sech gewaltfräi fir de „Wandel“ anzesetzen. Woubäi och des historesch Leader d‘Gewalt net verhënnere konnten. Mee et ass richteg festzestellen, datt et fir Gewalt keng Rechtfäerdegung gëtt, egal vu wéi enger Säit.

mat indymedia/nyc

Foto: © United Nations

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Demnonstratiounen, Ongerechtegkeet, Protester, Regierungen, UN-Generalsekretär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel