Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: D‘Analyse vun der CGFP

D‘Wieler hunn entscheet! Hannert eis läit e kuerze Wahlkampf, bei

Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)
International Neiegkeeten

Serge Wilmes: Wierklech de richtege Kandidat ? (Lieserbréif)

Ass den Serge Wilmes wierklech déi richteg Persoun fir dem noutwendege Wandel

surprise
Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen
International Neiegkeeten

Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen

D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert, déi derzou solle bäidroen, datt de Schutz vun de Palestinenser, an deene vun Israel besate Gebidder verbessert gëtt. Vun der Entsendung vun Observateure bis zum Asaz vu Blohelmer…

Dës Recommandatioune sinn an engem Rapport enthalen, dee vun der UN-Generalversammlung gefuerdert gi war, nodeems et zu Gaza zu neier Gewalt komm war, an 171 Palestinenser zanter Enn Mäerz, duerch d‘Kugele vun israeleschen Zaldoten ëm d‘Liewe komm sinn. An de Chef vun der UNO ënnersträicht dann och, datt vir all dës Recommandatioune, eng Zesummenaarbecht tëscht Israelien a Palestinenser noutwenneg ass. Et ass net dovunner auszegoen, datt Israel do matmécht.

Am 14 Säite laange Rapport presentéiert den Antonio Guterres folgend véier Optiounen:

  1. eng méi „zolidd“ Präsenz vun der UNO um Terrain, mat Observateure fir d‘Mënscherechter, an Observateure fir politesch Ugeleeënheeten, déi de Punkt vun der Situatioun maache kënnen;
  2. eng Erweiderung vun der humanitärer Hëllef an der Entwécklungshëllef, fir d‘Wuel vun der Bevëlkerung ze sécheren;
  3. d‘Schafe vun enger ziviller Observatiounsmissioun, déi an de sensibelen Zone präsent soll sinn. Hei beispillsweis op den „Check-Points“ oder bei den israelesche Siidlungen. Déi sollen dann och e Mandat erhalen a Ried an Äntwert zum Schutz ginn;
  4. den Asaz vu Police oder Militär ënner UN-Mandat, fir de Palestinenser e physesche Schutz ze bidden.

Ouni d‘USA net ze maachen

En UN-Mandat fir eng Schutzmuecht bedierf enger Entscheedung vum UN-Sécherheetsrot, an deem d‘USA nees vun hirem Veto-Recht kéinte Gebrauch maachen, fir eng Mesure ze blockéieren, déi Israel net an de Krom passt. Et hatt 1994 eng kleng Observatiounsmissioun ginn, déi aus Europäer zesummegestallt gi war. Dës „Trupp“ war sengerzäit zu Hebron (Westjordanland) agesat ginn. Zanterhier verwerft Israel all Appeller fir eng international Präsenz an de sensibelen Zonen.

An enger Resolutioun déi am Juni ugeholl ginn ass, hat d‘UN-Generalversammlung Israel wéinst de palestinenseschen Affer veruerteelt an de Generalsekretär beoptraagt, eng Réi Recommandatiounen auszeschaffen, déi zu engem „internationale Schutzmechanissem“ zum Virdeel vun de Palestinenser soll féieren. Dee Punkt huet den Antonio Guterres gemeeschtert kritt, ëmsetze gëtt méi schwéier.

Geld ass och keent méi do

„Zivilisten als Zilscheif ze huelen, an dann och nach Kanner, ass inakzeptabel!“, schreift den UN-Generalsekretär am Rapport. Hien ënnersträicht, datt jiddereen, dee géint internationaalt Recht verstéisst, och muss zur Verantwortung gezu ginn. D‘Efforte vun der UNO, fir op d‘Wuel vun de Palestinenser opzepassen, musse verstäerkt ginn.

Den Antonio Guterres ass dann och besonnesch besuergt, wéinst der „Finanzkris“ déi d‘UN-Agence fir déi palestinensesch Flüchtlingen (UNRWA) mat vollem Effet getraff huet. Déi duerchlieft grad e budgetären Defizit, nodeems d‘Trump-Administratioun en Deel „Finanzhëllef“ op Äis geluecht huet an Sue sinn am Ament keng do, an et ass net gewosst wou ee se sollt hierhuelen.

Eidel Verspriechen

Säit Méint versprécht Washington e Friddensplang, fir den israelesch-palestinensesche Konflikt ze reegelen. Nodeems awer de Milliardär Enn 2017 déi „genial Iddi“ Jerusalem eesäiteg als Haaptstad vun Israel unzëerkennen, och ëmgesat huet, sinn d‘Palestinenser net méi esou gutt op d‘USA ze spriechen. Zudeem stierwen zanterhier nees bal all Dag Leit, an international gëtt dem Donald Trump seng „Entscheedung“ och net grad begréisst.

Op de Vereenten Natiounen zu New York warnt een virum ausbrieche vun engem neie Krich zu Gaza. Heit huet et säit 2008 schonn dräi mol zolidd a nohalteg gerabbelt. Béid Säite beschëllegen sech géigesäiteg de Konflikt ze sichen. Esou sinn op dësem Freideg alt erëm zwee Palestinenser duerch d‘Kugele vun israeleschen Zaldote gestuerwen, 270 goufe bei Manifestatioune blesséiert.

mat AFP

Foto: Den UN-Generalsekretär huet e Freideg sengt Recommandatioune fir de Schutz vun de Palestinenser virgeluecht. Zu enger Ëmsetzung wäert et net kommen, d‘Amerikaner hunn an dësem Kontext net wëlles dem Partner Israel an de Réck ze falen. © Yuri Kadobnov/AFP

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Gaza, Palestinenser, Schutz, UN-Generalsekretär
Nächsten Artikel Virrechten Artikel