Search

You may also like

Den däitsche Partner vum UN-Flüchtlingshëllefswierk bedeelegt sech u Finanzéierung vum Bordspidol
International Neiegkeeten

Den däitsche Partner vum UN-Flüchtlingshëllefswierk bedeelegt sech u Finanzéierung vum Bordspidol

Sea-Eye schafft aktuell u sengem gréisste Projet säit deem de Veräi gegrënnt

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen
International Neiegkeeten

Weltbank: Wann et am schéinsten ass, soll ee goen

Laut dem Communiqué vun der Weltbank, huet de President vun

Déierefleegerin am Zürecher Zoo vun Tiger ugefall
International Neiegkeeten

Déierefleegerin am Zürecher Zoo vun Tiger ugefall

Um Samschdeg kuerz no 13 Auer ass et an am

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert

UN-Hëllefsprogramm fir Syrien ëm 6 Méint verlängert

Mat engem Kompromëss konnt sech am UN-Sécherheetsrot a leschter Minutt fir eng Verlängerung vum UN-Hëllefsprogramm fir Syrien gëeenegt ginn. D‘Hëllefsgidder ginn elo statt iwwer véier, nëmmen nach iwwer zwee Iwwergäng un der tierkesch-syrescher Grenz an d‘Biergerkrichsland agefouert. Domatter läit de Text no um der russesche Positionnement.

Moskau, den alliéierte vun Damaskus hat zesumme mat Peking géint eng Verlängerung agéiert, an huet zu gudder Lescht dann awer nach mat engem eegene Kompromëss, zumindest agesinn, datt et net de richtegen Zäitpunkt, dem Land dës noutwenneg Hëllef ze verwieren. Zudeem hat Russland 2014 d‘Resolutioun, mat där et der UNO erlaabt ass Hëllefsliwwerungen an d‘Biergerkrichsland anzeféieren, matgestëmmt.

Entspriechend de leschten zur Verfügung stoenden Zuelen, si ronn dräi Millioune Mënsche vun dëser Hëllef ofhängeg. Am Text deen elo ugeholl ginn ass, gëtt den UN-Generalsekretär Antonio Guterres opgefuerdert, bis Enn Februar nei Virschléi fir „Sécherheetscouloiren“ ze ënnerbreeden. Dat wier noutwenneg, fir d‘Leit am syreschen Nordoste besser ze erreechen, esou datt och si gehollef kënne kréien.

Datt d‘Russen an d‘Chinesen den Text ugeholl hunn, ass op d‘Engagement vun de Belsch an den Däitschen zréckzeféieren. Si haten sech zesummegedoen an konnten en akzeptabele Kompromëss op den Dësch leeën. Dat verhënnert net, datt Moskau sech weiderhin drop behaapt, datt d‘Regierung vum Baschar al-Assad elo nees duerchaus an der Lag wier, d‘Hëllefsgidder selwer am Land un déi Noutleidend ze verdeelen.

mat indymedia/nyc

Foto: Während „déi Grouss“ am UN-Sécherheetsfro hir Feindséilegkeete géintenaner ausgespillt hunn, gouf nees zu Idlib gestuerwen. Et ass déi lescht Rebellenhéichbuerg an Damaskus wéi och Moskau wëllen hei nees d‘Kontroll iwwerhuelen. Esou koum et op en Neits zu Bombardementer. © The White Helmets

Related topics China, Kompromëss, Russland, Syrien, UN-Hëllefsprogramm, UN-Sécherheetsrot
Next post Previous post