Search

You may also like

Fake News am Viséier
International Neiegkeeten

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!
International Neiegkeeten

Ofschlossexamen 2019 – 2.667 Kandidate kréien hiren Diplom!

Fir d’Schüler aus dem Secondaire sinn d’Ofschlossexamen – endlech –

De Regierungsrot an der Zwéckmillchen
International Neiegkeeten

De Regierungsrot an der Zwéckmillchen

Ganz Europa ass nees am Covid19-Stress. Eis direkt Noperen huelen

5 Joer nom Paräisser Klimaofkommes hu mir de Klimanoutstand

5 Joer nom Paräisser Klimaofkommes hu mir de Klimanoutstand

Beim virtuellen UN-Klimasommet um Samschdeg, huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres vun der Weltgemeinschaft gefuerdert, de Klimanoutstand auszeruffen. De 46. US-President Joe Biden huet versprach, datt esou wien d‘Mandat offiziell iwwerdroe krut, d‘USA sech nees un dësem Klimaofkommes bedeelege wäerten.

Nodeems sech d‘EU-Memberlänner um Freideg dozou duerchgeronge kruten, beim EU-Sommet méi éiergäizeg Klimaziler ze beschléissen, an och dat Lëtzebuerger Parlament sech ee Klimagesetz vergënnt huet, war et gëschter um fënnefte Joresdag vum Paräisser Klimaofkommes den UN-Generalsekretär Antonio Guterres, dee beim UN-Klimasommet nach emol nogeluecht huet.

A senger Ried beim virtuellen UN-Klimasommet, huet den Antonio Guterres gemengt, datt de Klimanoutstand esou laang ze gëllen hätt, bis een d‘Klimaneutralitéit erreecht hätt. Eng grouss Erausfuerderung, wellt Klimaneutralitéit bedeit: déi mënschlech Produktioun vum Kuelendioxid (CO²) dierf keen Afloss méi op d‘Konzentratioun vun den Zäregaser an der Atmosphär hunn.

Elo ass awer de Klima der Welt net hire momentan gréisste Problem, mee de Covid19 deen déi ganz Wirtschaft duerchenaner rëselt. A Geld ass bekanntlech méi wichteg wéi Gesondheet, Klima an och Mënscherechter, firwat sech och just eng 70 Staats- a Regierungscheffen un der Videokonferenz deelgeholl hunn. Et ass jo gewosst, datt d‘Reduktioun vum CO²-Ausstouss eng Deier wäert ginn.

+1,5°C ass déi rout Linn

Wéi sech viru fënnef Joer drop verstännegt gouf, datt een d‘Äerderwiermung esou no wéi méiglech un der +1,5°C arrêtéiere muss, hat e vill „Verspriechen“ an „Zousoe“ ginn. Agehale gouf dovunner wéineg an den UN-Generalsekretär stellt dréche fest, datt kee sech dru gehalen huet an et souwisou net duer geet. Et feelt um Wëllen, der politescher Ambitioun, um Geld an der Participatioun.

Elo hätten awer schonn 38 Länner de Klimanoutstand erkläert, esou den Antonio Guterres, deen d‘Weltgemeinschaft opgeruff huet, et dëse Länner gläich ze maachen. D‘Welt fir net zum scheitere verdaamt. Et hunn awer och vill Stied a Regiounen de Klimanoutstand ausgeruff, esouguer d‘EU-Parlament hat am November 2019, de Klimanoutstand ausgeruff. Dat war awer éischte symbolesch.

Mat Symbolik awer kéim een net wäit, a wann net elo direkt ëmgeduecht gëtt, géif et bei der Äerderwiermung éischter op +3°C zougoen. De Problem wier bekannt, wat dëse fir Auswierkungen op d‘Mënschheet hätt och. Problemer awer déi vun der Wirtschaft net erkannt ginn, a wann aus Grënn vun der Profitmaximéierung net geléist kënne ginn. An dat geet politesch gestäipt.

An den Dag era liewen

Et ass – d‘Zuele beleeën et – erwisen, datt déi wirtschaftlech beschtens opgestallte G20-Länner an hire Konjunkturpäck ronn 50% méi Geld an d‘Beräicher stiechen, déi mat der Produktioun an dem Verbrauch vu Kuel, Ueleg a Gas ze dinn hunn, wéi dës Länner dat fir de Secteur „Klimafrëndlech Energie“ maachen. Dat wier, esou den Antonio Guterres, net akzeptabel. Mee wat soll hie maachen?

Hien hat gëschter awer d‘Chance, datt sech den Joe Biden, deen ab dem 20. Januar de 46. President vun de Vereenegte Staate sollt sinn, un der Videokonferenz bedeelegt huet. Dobäi hunn sech d‘USA net offiziell um UN-Klimasommet bedeelegt. Dem Joe Biden seng Ausso wier also éischter eng „privat“ oder zumindest informell Interventioun. Den Donald Trump hat jo den Accord zerrappt.

Ob de Joe Biden als US-President, wéi versprach ab dem éischten Dag vu sengem Mandat nees dem Paräisser Accord bäitriede kann, muss sech nach erweisen. Ob d‘USA eng féierend Roll am Kampf géint d‘Äerderwiermung kënnen anhuelen, wéi et de Joe Biden annoncéiert? Op dësen „Job“ huet d‘EU jo schonn ee Freideg en gewëssenen Usproch erhuewen.

mat indymedia/nyc/gla

Related topics Äerderwiermung, Antonio Guterres, Klimanoutstand, Klimawandel, UN-Klimasommet
Next post Previous post