Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!
International Meenung Neiegkeeten

Russland-Affär: Den FBI ergräift de Roger J. Stone Jr!

Festgeholl an géint Kautioun nees op fräie Fouss gesat, d‘Schléng

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida
International Meenung Neiegkeeten

Hurrikan Michael: De „Mich“ zerleet de Nordoste vu Florida

Mat engem Wand, deem seng iwwerméisseg Gewalt fir schwéierst Schied

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris
International Meenung Neiegkeeten

Helsinki: Informelle Meeting vun de Justiz- an Inneminister beréit iwwert Flüchtlingskris

Nodeems déi europäesch Inneminister bei hirem klenge Sommet zu Helsinki

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)

Wann e Kand méi Maturitéit huet wéi Staats- a Regierungscheffe kann et engem Angscht ginn

UN-Klimasommet: Et dierf nees gelu ginn (eng kommentéiert Analys)

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet déi uwiesend Elite vun der Weltpolitik ugewisen hire Liewensstil ze änneren an déi schwedesch Knetzel, Greta Thunberg, huet wonnerbar Kloertext geschwat. Déi al Männer a Fraen hu brav applaudéiert, den Ënnergang soll manéierlech oflafen…

Gutt dat mam „Ënnergang“ ass deenen nächste Generatiounen hire Problem, an esoulaang d‘Politik vun der Industrie a Wirtschaft bestëmmt gëtt, een Dabo deen aneren erschéisst an déi Vereenten Natiounen ëmmer méi no „Spillschoul“ ausgesinn, wéi datt se gewëllt wier als Institutioun déi ee respektéiert opzetrieden, bleift et bei verbalen Zousoen an eidele Verspriechen. Ass alles verluer?

Net wierklech. Gutt der Dommheet vun engem Jair Bolsonaro oder Donald Trump, wéi och nach aneren, kann ee näischt entgéintsetzen. Si hunn et virgezunn de Klima op der Säit ze loossen (mat der Ausnam vum Trump dee gemaach huet wéi wann hien dem Inder géif nolauschteren). Dofir hu sech dann awer nach virum Lancement vum Sommet 66 Länner zur CO²-Neutralitéit bekannt.

Klimasommet

Hinnen hu sech 10 Regiounen, 102 Stied an 93 Entreprise ugeschloss. Dat mat der CO²-Neutralitéit sollt bis 2050 erreecht ginn. Dat ass nach laang, an déi jonk Mënschen déi Haut deenen ale gieregen a muechtbesiessenen „Herrscher“ de Spigel virhalen, sinn dann och „al“ a mussen hire Kanner an nofollegende Generatiounen erklären, firwat och dëst „Verspriechen“ net konnt agehale ginn.

E Wettlaf a keng Leefer

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet och verbal beschtefalls ee stompegt Messer am Grapp. Zum Optakt vum Klimasommet zu New York gouf et dann och déi üblech Wuerthülsen: „D‘Klimakris ass ee Wettlaf dee mir am Ament verléieren. Mee et ass och ee Wettlaf dee mir gewanne kënnen“. Dat et dofir eventuell och Leefer brauch, muss een dem Portugis nach erklären.

Sécher ass et wichteg a richteg vum Antonio Guterres ze fuerderen, datt déi Weltgemeinschaft sech zesummen ustrenge muss, fir et zu enger substantieller Reduktioun vun den Zäregasemissiounen ze bréngen. A grad esou flott ass et, datt um Klimasommet d‘Länner „hir Projeten“ zum Klimaschutz virstellen… woubäi et net emol d‘Hallschent vun den 136 Staats- a Regierungscheffe present sinn.

Déi wësse scheinbar datt si bis 2050 längst „Vergaangenheet“ sinn a si wëllen op Käschte vun der Mënschheet bis dohinner vum „Liewe“ profitéieren. Dat wier u sech mat „egoistesch“ ofgedoen an net weider schlëmm, wann et dobäi net ëm Zukunft vun der Mënschheet géif goen. Huelen déi vläicht un datt ee mat der Natur verhandele kann? Mat der Natur kann een net verhandelen!

Et muss elo eng ënnerholl ginn

Bei der UNO ass de Problem „Äerderwiermung“ spéitstens zanter de 70er Joren en Thema. Mir all hunn eise Planéit verknascht, benotzt an ausgenotzt, an elo ass kee bereet „opzeraumen“. Wann den Antonio Guterres da seet: „D‘Zäit ass knapp, mee et ass nach net ze spéit“, dann huet hien eis scho belunn. Villes läit am Uergen a léisst sech net méi gutt maachen… an den Amazonas brennt weider.

Eenzege Liichtbléck bei dësem Klimasommet: eng 16 järeg selbstbewosst a streidereg opgeluechte Knetzel, d‘Greta Thunberg. Hat ass d‘Hoffnung vun enger Generatioun déi net méi gewëllt ass sech vu verlugenen, op den eegene Virdeel fokusséiert Politiker, formatéieren ze loossen. Si wëllen net méi zu Produktiounssklaven a Konsumjunkie verkommen, verlaangen Nohaltegkeet a Fridden.

An d‘Greta Thunberg trëfft den Nol wéi gewinnt op de Kapp: „Wéi kënnt dir et woen ze gleewen, datt een ‚dat‘ léise kann andeems een esou weider mécht wéi bis ewell? Dir sidd nach ëmmer net ‚erwuesse‘ genuch ze soe wéi et tatsächlech ass. Dir loosst eis am Stach“. Dobäi waren all déi al Männer a Fraen déi him hei nolauschteren, ugetrueden d‘Welt fir d‘Mënsche besser ze maachen.

Keng Plaz fir perséinlech Interessen

An déi bësseg Klimaaktivistin, Sproochrouer vun enger Generatioun déi „Legioun“ ass, warnt déi vun der Realitéit ofgekoppelt Staats- a Regierungscheffen: „Mir stinn um Ufank vun engem massiven Ausstierwen an alles wouriwwer dir schwätze kënnt, ass Goss an d‘Märercher vun engem éiweg währende Wirtschaftswuesstem – wéi kënnt dir et woen?“ An dat Meedchen huet esou Recht.

KlimasommetOb si sech dem Problem bewosst sinn? Voll a ganz, wat der Saach allerdéngs net entgéint kënnt, well déi wou do Protestéieren (nach) keng „Wieler“ sinn. Dorop huet d‘Greta och eng Äntwert: „Déi zukünfteg Generatiounen hunn iech am A a wann dir iech derzou entscheet eis am Stach ze loossen, wäert et iech ni verzie ginn! Mir wäerten iech dat net duerchgoe loossen!“.

A wéi eescht dem Greta Thunberg ass, huet et dann och um Méindeg zesumme mat 16 jonke Leit aus 12 Länner ënner Beweis gestallt. Si hunn – an och wann näischt derbäi erauskënnt – zu New York bei de Vereenten Natiounen eng Klo zum Klimawandel agereecht. Mee fir d‘Mënscherecht gëtt sech op der UNO längst net méi agesat. A vu Kanner léisst ee sech keng Virschrëfte maachen.

mat indymedia/nyc

Foto: (live coverage video exerpt / © UN)

Ähnlech Sujeten Antonio Guterres, Fridays for Future, Greta Thunberg, UN-Klimasommet, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel