Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?
International Meenung Neiegkeeten

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?

Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u

money
Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter
International Meenung Neiegkeeten

Logement: de „Big Business“ mat de Konzepter

Datt d‘Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart éischter „Katastrophal“ ass, datt ass

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!
International Meenung Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Alice a säi Wonnerland entstane sinn!

Et war haut viru genau 154 Joer, datt dem britesche

Den UN-Mënscherechtsrot gouf nei opgestallt (Analys)

China a Russland hu sech daper geschloen, Saudiarabien krut der dofir op d‘Oueren

Den UN-Mënscherechtsrot gouf nei opgestallt (Analys)

Bei de Vereenten Natioune geet ëm Universalitéit, firwat all souveräne Staat och dierf dem Veräi bäitrieden. Dat heescht datt och Diktaturen oder soss autoritär a vun Autokrate geleete Länner zu New York wëllkomm sinn. Konditioune muss keen erfëllen, fir un der UN-Generalversammlung participéieren ze dierfen… hei dierf all Dabo mam Schong op d‘Pult schloen.

Net esou beim UN-Mënscherechtsrot, dee jo nach jonk ass an eréischt 2006 geschafe gouf. Wéi dee gegrënnt gouf, haten dichteg Leit de Gedanken, datt och wierklech nëmmen déi Länner, wou sech weltwäit – also och am eegene Land – fir de Schutz an d‘Fërderung vun de Mënscherechter asetzen, ee vun de 47 Sëtzer sollten zougestane kréien. Esou war et an eng UN-Resolutioun festgehale ginn.

Mee wéi dat esou Usus mat den UN-Resolutiounen ass: keng Sau hält sech drun, an d‘Verstéiss ka kee Mënsch opzielen. Wat als d‘Gewësse vun der Weltbevëlkerung geduecht war, ass streng geholl ee Witz, och wann de sozialistesche Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn do eng aner Siicht wäert wëlle verdeedegen. Mee et geet u sech duer sech unzekucken, wien hei effektiv Member ass.

Een traurege Club

Elo gouf dësen traurege Club erneiert, an et stoungen direkt eng ganz Rei Kandidaten zur Auswiel, déi bezunn op Mënscherechter zum „allerleschte Wouscht“ ze ziele sinn. An et kann een et dréinen a kéiere wéi ee wëll, esou wéi sech den UN-Mënscherechtsrot opstellt, kéint een et och direkt si loossen. Esou hunn dann elo China, Pakistan a Russland, déi bis haut net an Erfarung bruecht hunn, wat mat „Mënscherechter“ iwwerhaapt gemengt ass, ee Sëtz zougedroe kritt.

Bei Kuba kann een Zweiwel hunn, mee wann d‘USA (Guantanamo, institutionaliséierte Rassismus, pragmateschen Ëmgang mat Folter, asw.) dierfen um Dësch sëtzen ass et dach eigentlech voll egal. Fir Europa sëtze Frankräich a Groussbritannien mat un Dësch an och d‘Ukrain (?) huet sech kënnen ee Sëtz gräifen. Wat Kiew „fir“ Mënscherechter soll gemaach hunn, wollt kee kommentéieren…

E klengen Erfolleg konnten déi vill Mënscherechtsorganisatiounen, déi sech massiv agesat haten, fir (wéinstens) dat Schlëmmst ze verhënneren, dann awer nach fir sech verbuchen. China a Russland konnten net verhënnert ginn, dofir awer dem Donald Trump seng am arabesche Raum gréissten an enksten Alliéiert: Saudiarabien. China hat iwwregens elo och net de risegen Zousproch – also net wéi „een dat gewinnt ass“ – a krut „nëmmen“ 139 vun 193 Stëmmen.

Kee Bock op reliéis Fanatiker

Fir dem Jamal Khashoggi seng Mäerder gouf et dës Kéier keng Plaz um Mënscherechtsdësch vun de Vereenten Natiounen. Dat saudescht Kinnekräich, datt nach ëmmer am déifste Mëttelalter schéngt gefaangen ze sinn, erwisenermoossen de weltwäit reliéisen Terror finanzéiert, wat vun den USA toleréiert gëtt, well Saudiarabien vill Waffe keeft an den Äerzfeind vum Iran ass.

Dobäi huet d‘Kinnekräich de Prënz aus dausend an enger Nuecht an d‘Renne geschéckt. Hien de Mohamed ben Salmane (MbS) – niewebäi dee wou de Mord um Khashoggi ugeuerdent huet – soll als Reformer optrieden: d‘Frae solle méi Rechter kréien. Gutt Wielen ass keent dovunner, mee si dierfen elo selwer mam Auto fueren an sech Männer-Fussball live am Stadion ukucke goen.

Ausser de schlechte Manéiere géinteniwwer „Kritiker“ an dem Fakt, datt hei nach ëmmer Mënschen erhaangen an/oder mindestens gefoltert ginn, wann se net „no Virschrëft“ liewen, dierften och déi ni weider verfollegt Mënscherechtsverletzungen am Jemen bei der Wal eng Roll gespillt hunn. Esou sëtzen déi dann emol net mat um Dësch, wat awer nëmmen ee klengen Trouscht ka sinn.

Et ass net anescht gaangen

Datt Russland a Kuba et ouni grousst Gespréich un de Mënscherechtsdësch gepackt hunn, huet och domadder ze dinn, datt hir jeeweileg Lännergruppen – Osteuropa fir Russland a Latäinamerika fir Kuba – grad emol esouvill Kandidature virgeluecht hunn, wéi hinne Sëtzer zougestane gouf. Dat war ee clevere Schachzuch, well d‘UN-Generalversammlung net emol eng wiel zougestane krut.

Wann elo déi weltwäit aktiv Mënscherechtsorganisatiounen an dëser „Wahl“ eng Mëssuechtung vu gültege Reegelen erkennen, dann hunn se ganz offensichtlech Recht. Mee Recht hunn a Recht kréien ass bekanntlech zweeërlee. Mee och Lëtzebuerg an aner Länner déi sech als Verdeedeger vun de Wittfraen a Weesekanner verstinn, wiele ganz bewosst a kloer aktekundeg „Problemlänner“.

Argument: E Mënscherechtsrot an deem nëmme Länner mat „wäisser Vest“ sëtzen, déi iwwer Mënscherechtsverletzunge bei „deenen aneren“ debattéieren, géi kee Sënn maachen. De Rot géif esou zu engem exklusive Club ouni Interessi fir de Rescht vun der Welt. Wann een et allerdéngs esou op de Punkt bréngt, da kann een den UN-Mënscherechtsrot eigentlech nees ofschafen…

Illustratioun: © Christian Lue / unsplash

Ähnlech Sujeten Mënscherechter, UN-Generalversammlung, UN-Mënscherechtsrot, Vereenten Natiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel