Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Muss d‘EU op Distanz zur Tierkei goen?
sandy hook up in heaven gay dating bahrain

https://moien.lu/emerson-lake-and-palmer-fanfare-for-the-common-man-single/

De Mustafa Kemal Atatürk huet 1923 mat der Ofschafung vum

https://moien.lu/hawaiian-word-for-hook-up/
sandy hook up in heaven gay dating bahrain

Zu Lëtzebuerg ginn et honnerte vu Soen a Legenden! Wéi gutt kenns du se?

Jidderee kennt déi grouss Soen, Mythen a Legenden, déi sech

dislike
Russesch Geheimdéngscht Informatioune fir den Trump Junior
sandy hook up in heaven gay dating bahrain

Russesch Geheimdéngscht Informatioune fir den Trump Junior

En Dënschdeg huet dem Donald Trump säin eelste Bouf agestane,

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik

UN-Mënscherechtsrot: „Nei“ Membere suerge fir Polemik

De Bahrain, de Kamerun an d‘Philippinnen sinn e Freideg vun der UN-Generalversammlung, an de Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen „gewielt“ ginn. Eng Wahl allerdéngs, bei där et kee „Choix“ ginn huet, an déi vu Mënscherechtsorganisatiounen als „lächerlech“ denoncéiert ginn ass.

En Drëttel vun de Sëtz, vun dësem 47 Käppege Rot (OHCHR) deen zu Genève baséiert ass, huet missen nei besat ginn. Dat fir e Mandat vun dräi Joer (2019-2021). Néideg war eng Majoritéit vu 97 Stëmmen, vun den 193 Länner déi d‘UNO als Memberen zielt.

D‘Presidentin vun der UN-Generalversammlung, Maria Fernanda Espinosa Garces, hat bei der Erëffnung vun der Seance drun erënnert, datt all Memberland d‘Recht huet sech fir e Mandat am UN-Mënscherechtsrot opzestellen. E Freideg hat et dann 18 Kandidature fir 18 Mandater ginn. Alleguerte goufe mat wäitaus méi Stëmmen ugeholl, wéi déi gefuerdert Majoritéit.

Fir déi éischte Kéier zanter der Kreatioun vun dësem Rot am Joer 2006 – deen zum Zweck huet, d‘Mënscherechter an der Welt ze fërderen an ze schützen – haten sech d‘Regiounen déi vum Vott betraff waren, am Virfeld gëeenegt, firwat et keng Konkurrenz tëscht de Länner gouf.

Zum Wahlresultat

Ënnert de Länner déi als Memberen „gewielt“ goufen, sinn der och déi fir Polemik suergen. Mee si hunn wäitaus méi Stëmmen erhalen, wéi et noutwenneg gewiescht wier. Esou kommen de Bahrain an d‘Philippinnen op 165 Stëmmen, de Kamerun erhält der 175.

Aner „dubiéis“ Kandidate, hunn sech och op eng zolidd „Zouso“ gefreet. Esou Erithrea (160), Somalia (170) an de Bangladesch (178). D‘Wahl vun den 18 Kandidaten, ass mat „standing ovations“ beim Ofschloss vun der Sëtzung begréisst ginn.

Eng ganz Armada vun ONGen aus Europa, USA a Kanada (UN-Watch, Raoul Wallenberg Center for Human Rights, Human Rights Foundatioun, avm.) hunn an engem Communiqué däitlech gemaach, datt déi sechs genannte Länner net qualifizéiert si fir am OHCHR ze siegéieren. Dës Länner hätten an dëser „Domän näischt Opweises dat e Mandat rechtfäerdegt“.

Null Kredibilitéit

„Et war e lächerleche Vott ouni Konkurrenz“ denoncéiert de Louis Charbonneau, vun Human Rights Watch (HRW) de Virgank. „Esou Ofstëmmunge verklären d‘Wuert ‚Wahlen‘ zur Farce“ ënnersträicht hien seng Positioun, an erënnert drun, datt Russland sengerzäit net an den OHCHR gewielt konnt ginn, well et Géigekandidature ginn hat.

„An deem Länner, wou erwisenermoosse géint Mënscherechter verstouss gëtt, favoriséiert ginn, an duerch d‘Opstelle vu grad esouvill Kandidate wéi der benéidegt ginn, setzt ee sech dem Risiko aus, dat bësse Kredibilitéit vum UN-Mënscherechtsrot, op d‘Spill ze setzen. Vun Effikassitéit kann do net méi Rieds sinn“, esou HRW.

Interessant, och d‘Nikki Haley – nodeems d‘USA am Juni de UN-Mënscherechtsrot verlooss hunn – hat eng Meenung: „Op e neits hu Länner, déi wéineg Opweises am Beräich vun de Mënscherechter hunn, sech ouni Oppositioun fir e Mandat opgestallt (…) D‘Absence vu Reegelen, déi et esou Länner géif verbidden sech opzestellen, zerstéiert d‘Organisatioun an ënnersträicht, datt d‘USA Recht haten dëse Veräin ze verloossen“.

Ouni Wierder…

D‘Spriecherin vum Maria Fernanda Espinosa Garces, stoung am Kräizfeier vun de Journalisten, déi zum „Virfall“ vill Froen haten. Op d‘Beschëllegung, datt et sech hei faktesch „net ëm Wahle“ ka gehandelt hunn, vu datt alles am Virfeld „ofgeschwat“ gi war, wollt si net agoen.

„Et ass kloer, datt sech d‘Welt erwaart, datt sech d‘Membere vun internationalen Organismen un e gewëssen Ensembel vu Normen ze halen hunn, déi den Organismen entspriechen, fir déi si e Mandat erhalen hunn“, esou d‘Monica Villela Grayley.

Wéi déi 18 Mandater verdeelt gi sinn: 5 Mandater huet Afrika zougestane kritt (Burkina Faso, Kamerun, Erithrea, Somalia an Togo), 5 Mandater och fir d‘Zon „Asien-Pazifik“ (Bahrain, Fidji, Bangladesch, Indien a Philippinnen), 2 Mandater erhält Ost-Europa (Bulgarien an Tschechesch Republik), 3 Mandater ginn u Latäinamerika-Karibik (Argentinien, Bahamas an Uruguay) an 3 Mandater erhält och Westeuropa (Éisträich, Italien an Dänemark).

mam Philippe Rater/AFP

Foto: De Sëtz vun der OHCHR zu Genève. Am UN-Mënscherechtsrot sëtze säit e Freideg nach méi Länner mat um Dësch, déi sech e „Numm“ wéinst Verstéiss géint Mënscherechter gemaach hunn. Si hunn hir Plaz erhalen, well et virum Vott zu engem „Arrangement“ komm war. © Fabrice Coffrini/AFP

Ähnlech Sujeten Human Rights Watch, Maria Fernanda Espinosa Garces, Monica Villela Grayley, UN-Generalversammlung, UN-Mënscherechtsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel