Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen
International Neiegkeeten

London verlaangt vu Washington „méi wäit ze goen“ fir Moskau ze bremsen

D‘USA a Groussbritannien musse „wierklech“ méi no unenaner réckele fir

USA: Nei Sanktioune géint Russland
International Neiegkeeten

USA: Nei Sanktioune géint Russland

Déi niddreg Kummer vum US-Kongress huet en Dënschdeg bal eestëmmeg

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien
International Neiegkeeten

Dës Kaart weist der, wéi Lëtzebuerg géing ausgesinn, wann et seng al Territoiren erëm géif kréien

An der Geschicht gëtt et wuel näischt méi Spannendes, wéi

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten

Amerikaner loosse Kritik iwwert sech ergoen

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten

Mat der Unerkennung vun de Golanhéichten als souveräänt Gebitt vun Israel, huet den Donald Trump op e neits d‘Weltcommunautéit widder de Kapp geschloen. Esou ass et gëschter zu enger Sonnersëtzung vum UN-Sécherheetsrot komm, bei där d‘Amerikaner zimlech isoléiert waren.

Hei waren sech dann och déi meescht doriwwer eens, datt dës eesäiteg „Entscheedung“, dem Staat Israel d‘Golanhéichten zouzespriechen, e klore verstouss géint internationaalt Recht ass, e Broch vu verflichtenden Un-Resolutiounen. Esou huet den däitschen UN-Ambassadeur, Christoph Heusgen, argumentéiert, datt Sécherheetsinteressen, egal wéi drénglech, keng Annexioun rechtfäerdegen.

Den däitsche Botschafter hat schonn en Dënschdeg fir „Gespréich“ gesuergt. Nodeems den Noost-Sonnerbeoptraagte vun de Vereenten Natiounen, de Russ Nikolai Mladenoff gemengt huet: „déi lescht 48 Stonnen hu gewisen, wéi wahnsinneg no een engem Krich ass“, ass dem Christoph Heusgen den Hutt héich gaangen, an huet de Membere vum UN-Sécherheetsrot d‘Lewitte gelies.

Esou huet den däitschen UN-Ambassadeur, als Äntwert op 14 Rieden déi vum Blat ofgelies goufen gemengt:„Dës Berichter vum Sonnerbeoptraagte gehéieren zu den depriméierensten Übunge vum Sécherheetsrot, firwat leet dir net är Rieden op d‘Säit, a sot mir wéi dir gedenkt déi bestoend Resolutioun ëmzesetzen?“ An den amerikaneschen UN-Botschafter huet hien net ausgelooss.

„Onsen amerikanesche Kolleg huet eis grad gesot, si géifen elo nach géint d‘Golanresolutioun verstoussen, nodeems si scho Jerusalem als Haaptstad unerkannt hunn a géint déi Resolutioun verstouss hunn. (…) Resolutiounen si bannent Recht, an hei ass rieds vum Broch vun der internationaler Uerdnung“. Dës Ausso huet dann och vill Leit am Sécherheetsrot iwwerrascht.

Nach emol nogeluecht

Et war de Palestinenser Ryad Mansour, deen den däitschen Ambassadeur beim Wuert geholl, an seng Blieder op d‘Säit geluecht huet. Dem Christoph Heusgen seet dësen: „Dir representéiert dat mächtegt Däitschland. Ech bieden iech, suergt dir dach dofir, datt dës Resolutiounen ëmgesat ginn, an ech halen op meng Riede virzeliesen“. Esou koum et dann endlech emol zur Diskussioun…

D‘Sonnersëtzung vum UN-Sécherheetsrot ass du vu Syrien ugefrot ginn, an de Südafrikaner Jerry Matjila huet de Memberen ze verstoe ginn: „Dës eesäiteg Aktioun dréit net derzou bäi, dem Konflikt am Noen Osten eng friddlech Léisung zouzeféieren“. Dat awer war d‘Argument mat deem den amerikaneschen US-Ambassadeur an den US-Ausseminister d‘Unerkennung verdeedegt hunn.

Esou huet béid Männer, de Jonathan R. Cohen an de Mike Pompeo sech drop behaapt, datt d‘US-Regierung d‘Unerkennung vun den 1981 annektéierte Golanhéichten als e Bäitrag betruechten, deen e Fridden am Noen Oste wahrscheinlech mécht. De Mike Pompeo leet no a mengt: „Dëse Schratt besäitegt d‘Onkloerheeten, iwwer wéi weider virzegoen ass“. Dat klengt net wierklech friddlech…

An et ass gëschter am UN-Sécherheetsrot zur Eskalatioun komm, nodeems den däitschen UN-Ambassadeur den Antrag vu Syrien mat „zynesch“ treffend ëmschriwwen huet. E Regimm dee säin eegent Vollek ëmbréngt, sech och net un internationaalt Recht hält a Krichsverbrieche begeet, wier net wierklech gëeegent, op dëser Plaz aneren e verstouss géint geltend Recht virzewerfen.

Emotional „labil“

Mat esou enger Ausso trëfft ee fir gewéinlech e Wonne Punkt, an de syresche Vetrieder ass dann och aus der Këscht gesprongen. De Bashar Jaafari huet dem däitschen Ambassadeur Schëmmel a Bless vernannt, eppes vun „Schan iwwer Däitschland“ gebraddelt an d‘Geschichtsbicher beméit, andeems hien un d‘Verantwortung fir den Dout vu 85 Millioune Mënschen erënnert huet.

Hei huet vill Emotioun matgespillt, a wien de „Knäppchen“ entdeckt huet, spillt nawell gären domatter. Esou – wie wonnert et – den israeleschen Ambassadeur Danny Danon, dee schonn en Dënschdeg dem Christoph Heusgen Paroli gebueden hat. „Déi lescht Rakéit déi ofgeschoss ginn ass, huet 30 Meter virun deem Haus ageschloen andeem ech menger Kanner opzéien“.

Datt et ënnert dësen Ëmstänn net einfach ass iwwert Resolutiounen ze diskutéieren, ass emotional novollzéibar, dréit awer net zum Opfanne vu Léisunge bäi. Un de syreschen Ambassadeur gewannt huet den Danny Danon gemengt: „Wou waart dir dann, wéi är Regierung Faassbommen op dat eegent Vollek geworf huet?“, a bei dësem en zolitten Adrenalinausstouss bewierkt huet.

Sécher dem Bashar Jaafari seng ganz Opmierksamkeet ze hunn, huet den israeleschen Ambassadeur erkläert, datt d‘Golanhéichte fir all Zäiten zu Israel gehéieren. Alles an allem awer ee schlechte Message, deen op e neits der Weltcommunautéit virun Ae féiert, wéi schwaach de Sécherheetsrot ass. Et wäert also nees beim politesche „Blabla“ bleiwen, zu Sanktioune kann et net kommen…

mat indymedia/nyc

Ähnlech Sujeten Christoph Heusgen, Golanhéichten, Israel, Syrien, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel