Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
survivalist prepper dating totally accurate battlegrounds matchmaking long

dyspraxia dating site

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht

dating websites embarrassing
survivalist prepper dating totally accurate battlegrounds matchmaking long

Monsanto hat ee ganz besonnescht A op seng Kritiker

Déi däitsch Bayer AG, déi den US-Chimiekonzern am Summer 2018

Éisträich wielt „schwaarz-brong“
survivalist prepper dating totally accurate battlegrounds matchmaking long

Éisträich wielt „schwaarz-brong“

Den äerzkonservative Chrëschtdemokrat vun 31 Joer, Sebastian Kurz huet d‘Parlamentswahlen

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea

China a Russland fuerdere mat enger Resolutioun d‘Lackerung vun de Sanktioune géint Pyongyang

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea

Tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-un herrscht Äiszäit. D‘Gespréicher, déi zu enger Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel féiere sollen, sinn an enger Sakgaass ukomm. Fir déi nees ze relancéieren, hu China a Russland e Resolutiounsentworf am UN-Sécherheetsrot abruecht, mat deem eng Lackerung vun de Sanktioune géint Nordkorea gefuerdert ginn.

Et ass ee gewote Schratt deen d‘Chinese mat de Russen, an déi festgefuere Friddensgespréicher tëscht den USA an Nordkorea, gemaach hunn. Si fuerderen an hirer Resolutioun, datt déi géint Nordkorea verhaange Sanktioune solle gelackert ginn. Am Entworf dee béid Natiounen zu New York dem UN-Sécherheetsrot virgeluecht hunn, gëtt et eng Rei gutt Argumenter.

De chineseschen UN-Ambassadeur Zhang Jun huet drop higewisen, datt et zwéngend noutwenneg ass „déi humanitär Situatioun an Nordkorea ze verbesseren“ an den diplomatesche Prozess nees opzehuelen. China ass den „natierlechen Alliéierten“ vun Nordkorea, firwat ënnert den Diplomate keen dovunner ausgeet, datt déi agereechte Resolutioun am UN-Sécherheetsrot ugeholl ka ginn.

Ageschränkten Export zouloossen

Am Resolutiounsentworf heescht et, datt een Nordkorea nees sollt erlabe Kuel, Eisen an Textilien ze exportéieren. Och déi erzwonge Réckféierung vu nordkoreaneschen Aarbechter am Ausland, déi nach viru Chrëschtdag soll ëmgesat ginn, sollt opgehuewe ginn. Dat wäerten d‘Amerikaner éischter net zouloossen, mee d‘Resolutioun dierft den Debat betreffend Nordkorea nees ustoussen.

De chineseschen UN-Ambassadeur Zhang Jun: „Mir schwätzen alleguerten iwwer Mënschlechkeet a mënschlecht Liewen. Da musse mir och eppes maache fir déi grondsätzlech Bedierfnesser ze erfëllen“. China wëll keng Konfrontatioun tëscht Washington a Pyongyang, mee geséich et gären, wann sech béid Säiten nees openaner géifen zoubeweegen. Domatter dierft Peking net eleng sinn…

Elo gëtt awer d‘Resolutioun vu China a Russland vu villen Diplomaten och kritesch begleet. Mat dësem „Pabeier“ gëtt d‘Unanimitéit vum UN-Sécherheetsrot bei de Sanktioune géint Nordkorea opgehuewen. Hei géif et drëms goen Drock op d‘USA auszeüben, wat mat engem Donald Trump als US-President wéineg Aussiicht op Erfolleg huet. Deen ass bekanntlech eppes onberechenbar.

Nordkorea bleift sech trei

Erënnere mir nach emol drun, datt déi lescht Entrevue tëscht dem Milliardär an dem „Béise Jong“ zu Hanoi (Februar) kläglech an de Gënns gaange war. D‘Amerikaner ware sengerzäit net bereet, am Géigenzuch zur Schléissung vun enger Rei Atomanlagen all d‘Sanktioune géint den autokratesche Regime opzehiewen. Zudeem hunn d‘USA mat hire „militäresche Manöver“ och eppes provozéiert.

Zanterhier hunn d‘Nordkoreaner nees mat Rakéitentester d‘Géigend onsécher gemaach an och soss, weider um ballisteschen Arsenal gebastelt. An de leschte Wochen huet sech den Toun dann och nees tëscht Washington a Pyongyang verschäerft. Déi „kommunistesch“ Regierung huet kierzlech mat engem „neie Wee“ gedreet, sollt Washington net viru Joresenn net Virschléi virgeluecht hunn.

Wat Pyongyang genee mat dësem „nei Wee“ gemengt huet a wéi et opgeholl gëtt, ass net wierklech kloer. Verständlech dogéint d‘Bedenke vu Südkorea – déi zwar ouni Récksprooch mat den USA wéineg ze mellen hunn – wou gefaart gëtt, datt den „Noper“ nees seng Versich mat Atombommen a Laangstreckerakéite kéint ophuelen. An esou wäert et och 2020 nach vill doriwwer ze soe ginn.

mat indymedia/nyc

Foto: Et ass net dovunner auszegoen, datt déi gemeinsam Resolutioun vun de Chinesen an de Russen ugeholl gëtt. Et kann awer derzou bäidroen, datt den Debat zur Denukleariséierung vun der koreanescher Hallefinsel nees neie Schwong kritt. (Sëtz vun der UNO zu New York – Pixabay)

Ähnlech Sujeten China, Nordkorea, Resolutioun, Russland, Sanktiounen, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel