Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!
International Neiegkeeten

Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!

De Wahlkampf kënnt ëmmer méi an d’Gäng. Dat heescht och,

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken
International Neiegkeeten

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober UKIP, ass

love
Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs
International Neiegkeeten

Tätowéierinne solidaresch am Kampf géint de Broschtkriibs

Mat der „Ladies Tattoo Convention“ an den Hale vun der

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg ugekënnegt, datt d‘USA „mat aller Konsequenz“ hire Veto géint de Resolutiounsprojet, de vum Kuwait beim UN-Sécherheetsrot virgeluecht ginn ass, wäerten aleeën.

Bei der Resolutioun geet ëm de Schutz vun de Palestinenser zu Gaza an der West-Bank. De Vott zur Resolutioun war fir en Donneschdeg virgesinn, soll awer elo um Freidegnomëtteg stattfannen. Fir d‘Nikki Haley, ass den Text dee vum Kuwait – dat déi arabesch Länner vertrëtt – virgeluecht ginn ass: „eng unilateral Approche déi moralesch dekadent ass, an eenzeg dozou bäidroe kann, all déi vill Efforten ze zerstéieren, déi fir de Fridden tëscht Israelien a Palestinenser opgewannt goufen“.

Esou verwonnert et och net, datt d‘USA hiren eegene Resolutiounsprojet ronderëm goe gelooss hunn. D‘Nikki Haley gëtt der Hamas d‘Verantwortung fir déi rezent Ausenanersetzungen zu Gaza, a fuerdert och vum islameschen Dschihad „all Aktioune vu Gewalt a Provokatioun, och laanscht d‘Sécherheetsbarrière, anzestellen“. Mee och dës Resolutioun dierft e méigleche Vott an der haideger Sëtzung net iwwerstoen, wëll et dofir net genuch Ënnerstëtzung gëtt.

Internationale Schutz fir Palestina

De Resolutiounsprojet vum Kuwait war scho virun zwou Woche virgestallt ginn. Zu deem Zäitpunkt war eng international Schutzmissioun fir d‘Palestinenser gefuerdert ginn, nodeems Dosenden ënnert hinnen am „israelesche Feier“ op der Grenz tëscht Israel a Gaza hiert Liewe verluer haten. An der finaler Versioun vum Text, rifft de Kuwait op „Mesuren ze consideréieren déi d‘Sécherheet an de Schutz vun de palestinenseschen Ziviliste garantéiert“.

Et ass och vum UN-Generalsekretär verlaangt ginn, datt dësen e Rapport soll virleeën, an deem d‘Méiglechkeet vun engem „internationale Schutzmechanissem“ behandelt muss ginn. Zanter Enn Mäerz sinn wäit iwwer honnert Palestinenser duerch d‘Kugele vun der israelescher Arméi zu Dout komm. Déi meescht dovunner laanscht der sougenannter Sécherheetsbarrière. Israelie sinn dogéint keng bei Ausenanersetzungen zu Schued komm.

Um Dënschdeg war et zu Gaza a senger „israelescher“ Ëmgéigend zur gréisster militärescher Ausenanersetzung tëscht béide Fraktioune komm, säit dem Krich vun 2014. D‘Hamas a säin Alliéierten, den islameschen Dschihad, hate Rakéiten a Mörsergranaten op Israel ofgeschoss. Israel huet reagéiert a seng Loftwaff engagéiert, déi militäresch Positiounen, Atelieren an aner Ziler vun den „Organisatiounen“ zu Gaza bombardéiert huet.

D‘US-Argumentatioun

A sengem Communiqué, wéist d‘US-Ambassadrice Nikki Haley drop hin, datt „d‘Resolutioun rifft Israel op, direkt seng Verdeedegungsmoossnamen anzestellen, mee ernimmt net déi aggressiv Aktioune vum Hamas géint déi israelesch Sécherheetskräften an Zivilisten“. Si mécht dann och däitlech, datt d‘USA mat aller Konsequenz hire Veto géint d‘Resolutioun vum Kuwait aleet.

Domadder ass et dann och schonn den zweete Veto vun den USA am Kontext vum israelesch-palestinensesche Konflikt. Am Dezember haten d‘USA gebrauch vun hirem Vetorecht gemaach, fir enge Mesure néierzeschloen, déi vu 14 Membere vum Sécherheetsrot gedroe gi war, mee sech géint d‘Entscheedung vum Donald Trump gewannt huet, deen den Transfert vun der US-Ambassade op Jerusalem zréckgewisen hat.

Laut dem Nikki Haley géif all Land, dat den Text vum Kuwait géif ënnerstëtzen, däitlech maachen, datt et net Amstand ass u kredibele Friddensverhandlungen tëscht béide Parteien deelzehuelen. Fir ugeholl ze ginn, misst dann och d‘Resolutioun 9 vun de 15 Stëmmen am UN-Sécherheetsrot fir sech gewannen, woubäi da kee vun de „permanente“ Memberen (Groussbritannien, Frankräich, USA, Russland a China) dierft vu sengem Vetorecht gebrauch maachen.

mat AFP

Foto: Nach e schnelle Bléck op d‘Coiffure sëtzt, an scho konnt d‘US-Ambassadrice Nikki Haley bei der Drénglechkeetssëtzung vum UN-Sécherheetsrot alle kloer maachen, datt d‘USA der Resolutioun vum Kuwait, mat deem de Schutz vun der ziviller Bevëlkerung a Palestina (Gaza a West-Bank) gefuerdert gëtt, mat hirem Veto wäert blockéieren. © Eduardo Munoz Alvarez/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten Israel, Kuwait, Palestina, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel