Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen
International Neiegkeeten

US-Bierger mussen am iranesche Prisong bleiwen

E Samschdeg huet den Iran d’Demande vum Wäissen Haus, d’Amerikaner

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider
International Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Personalkarussell dréit sech weider

Den US-President huet e Mëttwoch onerwaart, dofir awer wéi gewinnt,

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut
International Neiegkeeten

Gérard Anzia: „Näischt maache kënnt net an d‘Tut

Am Kontext vun der Bloalge-Pescht um Stauséi an zu Wäisswampech,

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela

De Nicolas Maduro geet net op den Ultimatum aus Europa an

Den UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Venezuela

Am UN-Sécherheetsrot ass d‘Weltgemeinschaft wéi gewinnt un enger gemeinsamer Positioun gescheitert. Véier europäesch Länner hunn dem Nicolas Maduro en Ultimatum gesat, an d‘USA vergräifen sech un de „Geldquelle“ vum Venezuela.

D‘Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot war vun den USA initiéiert ginn, dat mat néng Stëmmen. Dat ass den absolute Minimum deen erfuerderlech ass, an huet schonn am Virfeld drop higewisen, datt et net zu enger gemeinsamer Positioun komme konnt. Den Ausseminister vum Venezuela, Jorge Arreaza, huet dësem dann och nach déi rhetoresch Fro virgeluecht, wou an der venezuelanescher Verfassung stoe géif, datt sech eng Persoun zum President proklaméiere kann.

„Weist mir et! Weist mir et“, huet de Jorge Arreaza de Membere vum UN-Sécherheetsrot entgéint gejaut, fir schliisslech ze soen: „De Numm vum President ass Nicolas Maduro“. Hien huet dann och nach der Fuerderung vu Neiwahle bannent aacht Deeg, déi vu véier europäesche Staaten als Ultimatum un déi venezuelanesch Regierung gaangen ass, eng däitlech Ofso zoukomme gelooss.

Am Venezuela ass et de Leader vun de Sozialisten, Diosdado Cabello, deen d‘Wuert ergraff huet. Hien huet sech direkt un de spuenesche Ministerpresident, Pedro Sanchez gewannt. Dee sollt sech am Bezuch op „Demokratie“ eppes an der Gitt halen. Hien hätt d‘Muecht schliisslech och nëmmen ergräife kënnen, wëll de Virgänger e Mësstrauensvott verluer huet. Gewielt wier och hien net. Hie wier dat denkbar schlechtste Beispill, an ganz kloer net déi Persoun déi Uweisungen ze ginn huet.

Déi europäesch Quadripartitte

Virun der Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot, haten Däitschland, Frankräich, Groussbritannien a Spuenien annoncéiert, datt si de Leader vun der Oppositioun am Venezuela, Juan Guaido, als neien Interimspresident vum mëttelamerikanesche Staat géifen unerkennen, falls de Nicolas Maduro net bannent aacht Deeg Neiwahlen ausrifft. Dat huet och zu Bréissel zu enger Reaktioun gefouert.

UN-Sécherheetsrot

D‘EU-Kommissärin vir Aussepolitik, Frederica Mogherini, huet déi „eesäiteg“ Initiativ vun dëse Länner wuel net wiertlech begréisst, mee ze verstoe ginn, datt och Bréissel dësem „Spill“ net laang nokucke kann. Si sot: „Kënnt et net zu Neiwahlen, wäert d‘EU weider Moossnamen ergräifen, wei d‘Unerkennung vun der venezuelanescher Féierung no Artikel 233 vun der venezuelanescher Verfassung“. Eng Gemeinsam Erklärung vun den 28 befënnt sech nach an der Ofstëmmung.

Fir de Juan Guaido, ass d‘Haltung vun der EU am ganzen, d‘Positioun vun de véier genannte Länner am besonneschen: „Haart, ganz positiv a produktiv fir de Venezuela ausgefall“. Hien ass iwwerzeegt, datt den Drock aus Europa, och de Beamten an Zaldote Motivatioun genuch sollt sinn, fir sech zu engem Enn vum Muechtmëssbrauch duerchzeréngen an de Regimm zu Fall ze bréngen.

D‘Spillverdierwer

Elo ass awer net déi ganz Welt géint de Nicolas Maduro. China a Russland hunn och e Wuert matzeschwätzen an de russeschen UN-Ambassadeur, Vassili Nebenzia, huet ze verstoe ginn, datt „déi aggressiv Aktioun vun den USA an hiren Alliéierten, de gewielte President vum Venezuela ze verdreiwen“, vu Moskau net wäert ënnerstëtzt ginn. Washington géif hei e Staatsstreech stëtzen, wat den Tatbestand vun der Amëschung an intern Ugeleeënheete vun engem souveräne Land erfëllt.

D‘USA, déi offensichtlech engem bewaffente Konflikt net ofgeneigt sinn, werfen dem Maduro-Regimm vir, d‘Vollek ze ënnerdrécken. Datt et d‘US-Sanktiounen an aner Moossname sinn, déi Venezuela an d‘Wirtschaftskris gedriwwen hunn, dat gëtt galant ausgeblend. De Mike Pompeo, US-Ausseminister mengt, datt d‘Weltgemeinschaft sech fir déi eng oder aner Säit ze entscheeden hätt.

Fir de Mike Pompeo kann et dann och nëmmen eng Entscheedung vun der Weltgemeinschaft ginn: d‘Astellung vun de Finanztransaktioune mat Venezuela. De John Bolton, sot: „Mir konzentréieren eis aktuell dorop de Maduro-Regimm vu senge Geldquellen ze trennen. Dëse Prozess ass immens komplizéiert an et gëtt grad gepréift, wéi esou eppes realiséiert ka ginn“. Dat meescht Geld staamt aus den Einnamen aus dem Pëtrolsgeschäft, dat sech d‘USA gäre géifen uneegnen.

Resolutioun fir d‘Kaz

Déi vun den USA virgeluechte Resolutioun, eigentlech eng Erklärung zur Ënnerstëtzung vum Juan Guaido, ass un der Oppositioun vu China a Russland gescheitert. Dat war och net anescht ze erwaarden, béid Natioune gehéieren zum haarde Kär vun de Länner, déi dem Nicolas Maduro de Réck nach net zougewennt hunn. Mat Kuba, Bolivien, Tierkei an dem Iran, gëtt et e Géigegewiicht.

Washington hat am Text bestëmmt, datt den UN-Sécherheetsrot där vum Maduro entmuechten Nationalversammlung déi voll Ënnerstëtzung zougesteet. D‘Nationalversammlung géif sech fir d‘Widderhierstelle vun der Demokratie an der Rechtsstaatlechkeet am südamerikanesche Krisestaat asetzen. Et gëtt am Text och festgehalen, datt de Nicolas Maduro net de legitimme President ass, an datt all d‘Aktioune vun de Sécherheetskräfte géint Demonstranten e Verbriechen duerstellen.

UN-Sécherheetsrot

D‘Russen hu sech net laang mat den Amerikaner gestridden. Si hu kuerzerhand all dës Passagen aus dem amerikaneschen Entworf gestrach. Um Enn ass et an der Resolutioun nach just duer gaange fir den Opruff zum Dialog oprechtzeerhalen. Dat huet den Amerikaner natierlech net gefall, an no Récksprooch mat Washington, hu se hiren Text an de „ronnen Dossier“ verfracht.

De politesche Schachzuch

Mee et sinn net nëmmen d‘Amerikaner déi dëst politescht Spill beherrschen. An de Nicolas Maduro déi seng „Supporter“ elo och net mam Réck zur Mauer opstelle kann, huet schonn emol eppes Waasser a säi Wäi geschott. Déi amerikanesch Ambassade ass wuel „offiziell“ zou, mee et muss kee méi d‘Land verloossen, an et soll och iwwert d‘Interessevertriedunge verhandelt ginn. Zumindest huet de venezuelanesche President dat esou op der Tëlee annoncéiert.

Heibai handelt sech net ëm eng diplomatesch Missioun, mee effektiv nëmmen ëm „Vertriedungen“ mat engem minimum u Personal. Et gëtt sech dobäi op de kubanesche Modell bezunn, dee laang Joren zefriddestellend funktionéiert huet. Mee mat Washington verhandelen, ass mam 45. US-President komplizéiert ginn. U Verspriechen oder schrëftlech Accorde fillt sech deen net gebonnen.

Interessant: de Militärattaché an der venezuelanescher Ambassade zu Washington, Jose Luis Silva, huet e Samschdeg erkläert, datt hien den Nicolas Maduro net méi als Staatschef unerkennt, a fuerdert vu senge „Bridder“ déi voll Ënnerstëtzung fir de Juan Guaido. Seng Haltung wier zudeem „am Aklang mat der Verfassung an de Gesetzer vum Venezuela“. De Juan Guaido, soll sech dann och scho mat Regierungsvertrieder, dorënner dem Diosdado Cabello, getraff hunn.

Foto: De Nicolas Maduro: ass hien elo, oder ass hien net de legitimme President vum Venezuela? Eng Fro iwwert déi d‘Weltgemeinschaft entscheede wëll. Dobäi sollt et de Venezuelaner gegënnt bleiwen doriwwer ze entscheeden. Mee mat der Amëschung vu Washington, der Bedreeung duerch weider Sanktiounen, dierf ee bezweiwelen, datt et den USA ëm „fräi Wahlen“ geet. © Oficina de Gestión Comunicacional de la AMB

Ähnlech Sujeten Juan Guaido, Nicolas Maduro, Petrol, UN-Sécherheetsrot, USA, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel