Search

You may also like

T’kann een se net all an en Dëppe geheien
International Neiegkeeten Stories

T’kann een se net all an en Dëppe geheien

Wärend den Tourismusminister Lex Delles der Lëtzebuerger Bevëlkerung an de

Shutdown: Eng presidentiell Offer
International Neiegkeeten Stories

Shutdown: Eng presidentiell Offer

Zanter elo gutt véier Wochen ass de „Shutdown“ (Haushaltsspär) a

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?
International Neiegkeeten Stories

Zäitspuerkonte fir de Privatsecteur: Strikt Konditiounen?

Nodeems 2018 d‘Sozialpartner sech eenege konnten Zäitspuerkonte (CET) fir den

UN-Weltklimabericht: Och du bass Schold!

D‘Mënschheet danzt um Stierfbett vun hirem eenzege Planéit, a schaaft sech selwer of…

UN-Weltklimabericht: Och du bass Schold!

Et gëtt erwisenermoossen einfach ze vill Krise gläichzäiteg, woubäi se gemeng hunn, datt alles vum Mënsch ervirbruecht, jo reegelrecht provozéiert gëtt. Et wier gescheit an zuweilen och – zumindest wann déi Generatiounen no 2050 och nach „liewe“ wëllen – ubruecht, wann een d‘Erkenntnis, datt et ee grondleeënde gesellschaftleche Wandel brauch, elo géif ëmsetzen.

Dat wäert net geschéien: Klimawandel, Äerderwiermung, Aartestierwen, Ëmweltverschmotzung, verspriechen e puer wéineg privilegiéierten ee Liewen am Luxus, an hir biologesch „Auer“ garantéiert, datt si den Ënnergang net erliewe wäerten. An all déi aner hunn den Ament just Ae fir d‘Covid19-Kris an déi unhänglech Wirtschaftskris. De Mënsch, en intelligent Wiesen? „JaEin!“

Et sinn d‘Fakte bekannt: de Planéit wäert sech – dat léist sech net méi verhënneren, net emol wann ab muer kee CO² méi géif ausgestouss ginn – ëm mindestens 3°C erwiermen. Aktuell si schonn eng Millioun Aarten am Begrëff auszestierwen, bis 2030 wäerten iwwer dräi Milliounen Aarte vum Ausstierwe bedreet sinn. Bei ronn 8 Milliounen Aarten insgesamt, kee Grond beonrouegt ze sinn.

Säit mindestens 20, wuel éischter 30 Joer, sinn d‘Problemer déi duerch de „Plastik-Offall“ entsti bekannt. Et gëtt Alternativen zum Plastik, déi awer anscheinend net genuch „Profit“ fir ee puer wéineger generéieren. An dat gëllt fir villes, woubäi och den zwanghafte Konsum a Wuesstem, hei eng droend Roll spillen. Nohalteg produzéieren a konsuméieren, ass net wirtschaftlech interessant.

Alles hänkt zesummen

Bei der Duerchsiicht vum UN-Weltklimabericht léist sech erkennen, datt all déi vum Mënsch geschafe Problemer zesummenhänken, a sech wuel och nëmmen zesumme léise loossen. Also zumindest an der Theorie. Um südamerikaneschen Tropebësch, léist et sech liicht erklären: gëtt massiv Ofgeholzt (dat ass säit Joren de Fall, a wäert nach iwwer Jore weidergoen) gelaange grouss Quantitéite CO² an d‘Atmosphär. Dat duerch Brandrodung déi och den Ënnergrond beschiedegt.

Dann erwiermt sech de Klima, wat nees en Impakt op de Waasserhaushalt huet. Jo et kléngt verréckt, mee nëmmen en intakte Reebësch ka genuch Fiichtegkeet an d‘Loft ofginn. Lues awer sécher entsteet am Amazonas eng Savann, a mam Bësch ginn dausenden Aarten, egal ob Déieren- oder Planzewelt, verluer. Als Léisung geséich een d‘Uplanze vu Beem, nohalteg Landwirtschaft a generell méi Natur- an Ëmweltschutzoplage fir all Industrieformen. Dat awer geschitt leider net.

Vu Gier an Egoismus

Villes kléngt „léisbar“ mee keen, esou wierklech absolutt guer keen, ënnerhëlt eppes dat sech géif als „hëllefräich“ oder „bewäert“ duerchsetzen. Déi vereenzelt Mesure vun enger Rei Länner sinn einfach verpufft, hunn trotzdeem Millioune kascht. Bleiwe mir nach en Ament beim Amazonas: hei géife Schutzgebidder gutt doen, an et misst d‘Ofholzung bestrooft, statt subventionéiert ginn.

Eng Aufgab déi den Amazonas-Staaten zousteet, an déi dës awer ënner kengen Ëmstänn wäerten ugoe well „et ass ee jo aarm“ oder „et kann ee sech net géint Konzerner duerchsetzen“. Hei gëtt nees drop gewett, datt déi „räich Natiounen“ dat benéidegt Geld zur Verfügung stellen, fir kosmetesch „Ëmweltreparaturen“ virzehuelen. Fir de Recht geet et riicht esou weider wéi elo.

Wann dann och gewosst ass, datt mir net eng Sekonn dorobber verschwenden, fir eise Konsum an de Grëff ze kréien, versteet sech eigentlech vum selwen, firwat Soja aus Südamerika, Palmenueleg aus den asiatesche Länner, asw. nach eng grouss zerstéieresch Zukunft virun sech hunn. Mir sollte generell manner ewechgeheien, a wuel och manner Fleesch iessen, dat ass awer net wirtschaftlech.

En interessante Fakt gefälleg? Wann een sech all d‘Zuelen, bezunn op d‘Subventioune fir fossil Energieträger, Ofholzung, intensiv Landwirtschaft a Fëscherei, Ausbeutung vu Ressourcen an natierlech déi sëlleche Konflikter weltwäit, zu Gemitt zitt, sinn et ronn 5.000 Milliarden Euro déi Joer fir Joer, eenzeg an eleng zum Zweck vun der „Vernichtung vum Planéit“ agesat ginn.

Eigentlech längst ze spéit

Dat dierft däitlech maachen, datt net een eenzegt Land (Lëtzebuerg schonn emol guer net) déi selwer gesaten Ziler erreeche kann. Dat ass politesch och net gewollt, hei gëtt just versicht den Anstand ze woren, also ze maache wéi wann. De Paräisser Klimaaccord huet absolutt näischt bruecht. Esouguer déi wou en éierlechen Androck gemaach hunn, sinn erwisenermoosse Ligener.

Och vun de Vereenten Natiounen (UN) kann ee sech realistesch betruecht näischt méi erwaarden. Eidel Phrasen, verlugen Engagementer an net een eenzege Politiker oder Technokrat fir dergéint unzegoen. Am Mee treffen sech Staats- a Regierungscheffen zum Biodiversitéit-Sommet, an am November zum Klimasommet. Schued hei: dës Treffe schuede méi wéi se hëllefe sollten.

Zanter Kyoto (dat war d‘Virspill zum Paräisser Ofkommes) verspriechen déi ofwiesselnd Politiker a Wirtschaftsacteuren eppes ze ënnerhuelen. An tatsächlech ass villes ënnerholl ginn: Vu Kyoto iwwer Paräis, ass et den Natioune gelongen, d‘Äerderwiermung, d‘Ëmweltverschmotzung an d‘Zuel vun der Konflikter zolidd ze erhéijen. Dat ass esou wann d‘Zukunft hannert engem läit.

mat indymedia/gva/nyc

Illustratioun: „Wien net kämpft huet scho verluer“… esou ee Sproch, deen een derzou animéiere sollt, endlech aktiv ze ginn. Wat beim Covid19 méiglech erschéngt (well d‘Wirtschaft entspriechend Drock op d‘Politik mécht) ass beim Klimawandel ondenkbar. Do bréicht et jo och do „Uewen“ en Ëmdenken, mee déi hu just Ae fir den eegenen Nuebel. © Jackie Hope / unsplash

Related topics IPCC, Klimawandel, Paräisser Ofkommes, Subventiounen, UN-Weltklimabericht, Wirtschaft
Next post Previous post