Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei däitsch Verdeedegungsministesch brauch (méi) Geld
International Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-northamptonshire/

D‘Saarlännerin Annegret Kramp-Karrenbauer – am Volleksmond AKK genannt – huet

triple dating ideas
International Neiegkeeten

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)
International Neiegkeeten

Wahlmanifest vun den „déi Konservativ“ (eng Analys)

Esou richteg schéngt keen se ze kennen an esou ass

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

2018 waren 62 Millioune Mënsche vun Extrem-Wieder betraff

UN-Weltklimabericht: Weltmierer kuerz virum iwwerlafen!

Bei geneeër Betruechtung vun den Zuelen déi d‘UN elo virgeluecht huet, sollt engem verständlech ginn, datt sech dobaussen eppes deet, dat wäit iwwert eisen Horizont an eist Wëssen erausgeet. De Mieresspigel ass weltwäit méi staark geklomme wéi erwaart a Ronn 62 Millioune Mënsche waren extreme Wiederkonditiounen ausgesat.

Aus dem aktuelle Klimabericht dee vun der Weltwiederorganisatioun (WMO) ass wéineg Guddes ze enthuelen. Villes muss een als Besuergnesereegend bezeechnen, zumindest wann een de Conclusioune Rechnung dréit. Esou beispillsweis beim Mieresspigel, dee laut der WMO 2017 ëm 3,7 Millimeter geklommen ass. Nee mir hunn eis net verschriwwen, an et klengt och net bedreelech.

Leider sinn déi „3,7 Millimeter“ awer kee Spaass, a fir wie betraff ass, eng seriéis Bedreeung. Hale mir och fest, datt de Mieresspigel am globale Mëttelwäert säit Jore klëmmt, an et schéngt dann elo erwisen, datt et 2018 nach emol däitlech méi war, wéi an de Jore virdrun. An och wann een net un de Klimawandel gleeft oder et engem egal ass, déi genannten Zuelen, sollten eis ze bedenke ginn.

Esou waren déi véier lescht Joer, déi wäermst zanter datt d‘Wieder „opgeschriwwe“ gëtt, an 2018 huet déi duerchschnëttlech Temperatur weltwäit ronn 1°C iwwert dem Referenzwäert vun der sougenannter „virindustrieller Zäit“ geleeën. Dat sollt eis zumindest driwwer nodenke loossen, ob een et de kommende Generatiounen operleeë soll, sech mat dëser Problematik ze befaassen.

Maximale Profit viru Klimaschutz

Wann e bedenkt wéi laang Fuerscher, Institutiounen an esouguer déi Vereenten Natiounen op ee reelle Problem hiweisen, a wat net alles „versprach“ an „ënnerschriwwe“ gëtt, fir zumindest den Androck ze hannerloossen et wier e beméit eppes ze ënnerhuelen, muss ee sech der Evidenz stellen an agestoen, datt et eigentlech weder Alternativen nach Optiounen zum ëmdenke gëtt.

An awer huet dem UN-Generalsekretär Antonio Guterres seng Ausso: „Et ass keng Zäit méi fir ze zécken“ en Impakt op de Mënsch wéi eng fett Méck déi bei Tempo 230 op de Kühler vum Auto trëfft. Et gesäit net gutt aus, mee et schued dem Gefier och net. Also gëtt weidergemaach wéi wann näischt wier, a do wou eppes ënnerholl gëtt, dinn se gutt Uecht datt d‘Kapital verschount bleift.

Wann 2018, 62 Millioune Mënsche vun extreme Wiederbedingunge betraff waren, an dovunner eng 2 Millioune viru Katastrophen hu misse flüchten, da hunn dorunner och leit Geld verdéngt. Woubäi et mëttlerweil jo och net méi eenzeg déi Aarm Mënschen trëfft. Déi si wuel nach ëmmer am stäerkste bedreet, mee och déi privilegiéiert genéissen elo d‘Auswierkunge vum Klimawandel.

Op eng Dréchent oder Iwwerschwemmungen, mee och Stierm – wéi jéngst den Zyklon Idai – sinn der Wirtschaft net zoudréiglech. An engem Zoch ware vum „Idai“ 3 Länner (Malawi, Mosambik an Simbabwe) vun enger vun den déidlechsten Naturkatastrophen heemgesicht ginn, déi de Südoste vun Afrika erlieft huet. Et gëtt gehollef a bedauert, mee eng Léier dorausser gëtt net gezunn.

Ähnlech Sujeten #FridaysForFuture, Klimawandel, UN-Weltklimabericht, WMO, Youth for Climate
Nächsten Artikel Virrechten Artikel