Search

You may also like

Viren als Waff asetzen
Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

De Premier weiderhin zouversiichtlech
Neiegkeeten

De Premier weiderhin zouversiichtlech

An der Mëttegstonn, kuerz virun der Chamberssëtzung, hunn de Premierminister

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
Neiegkeeten

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

UN-Weltklimakonferenz enttäuscht Lëtzebuerg

UN-Weltklimakonferenz enttäuscht Lëtzebuerg

Déi 25. UN-Weltklimakonferenz (COP25) ass gëschter am Nomëtteg no villen ermiddende Palaver ouni Resultat zu Enn gaangen. Fir d‘Carole Dieschbourg, lëtzebuergesch Ëmweltministesch, hätt et awer en equilibréiert Resultat ginn. Et wier ee viru komm, net wéi geduecht an awer…

Interessant, datt d‘Ministesch entgéint allen Expertemeenungen an Awänn vun de Klimaaktivisten, et fir begréissenswäert hält, datt sech d‘Länner „politesch“ drop eenege konnten, den Niveau vun hiren Ambitiounen 2020 unzehiewen. Also eigentlech sollt genee dat scho bei der COP25 passéiert sinn, fir datt een endlech den Zilsetzunge vum Paräisser Accord eppes méi no kënnt.

An esou ass dann och d‘Revisioun vum internationale „Warschau-Mechanissem“ begréisst ginn. Dee bezitt sech op d‘Verloschter an d‘Perten am Zesummenhang mam Klimawandel. Bedauert gëtt de Fait, datt den Artikel 6 vum Paräisser Accord, bei deem et ëm d‘Festleeung vun de Reegele fir den Emissiounshandel net ofschléissend konnt behandelt ginn. Dat obwuel déi meescht et wollten.

COP25Et hätte wuel eng grouss Majoritéit vun den Delegatioune ganz ambitiéis Positiounen ageholl, déi awer vun e puer renitente Staaten zréckgewise gi sinn. Esou huet Brasilien beispillsweis mat zwee Féiss op der Brems gestanen an eng Positioun ageholl déi net mam Paräisser Accord vereenbar ass.

Bei dëse schwierege Verhandlungen huet déi Lëtzebuerger Delegatioun ënnert der Leedung vum Carole Dieschbourg bis zur Lescht fir en ambitiéist Resultat gekämpft – esou de Communiqué vum Ëmweltministère. D‘Koalitioun vun de Länner déi sech zu Paräis (COP21) gebilt huet an vu där Lëtzebuerg e Grënnungsmember ass, war sécherlech motivéiert, mee et schéngt net duer ze goen.

D‘COP25 geet mat deem schlechtste Resultat op en Enn zanter et déi UN-Weltklimakonferenze gëtt an et ass schonn eppes gewot dat als en „equilibréiert Resultat“ ze verklären. D‘Jugend fuerdert et, d‘Wëssenschaft huet d‘Fakten op den Dësch geluecht, mee Politik a Wirtschaft – also 1% vun der Weltbevëlkerung – hunn aus deels eegenen, mee och finanziellen Interessen, net wëlles ze handelen.

Foto: D‘Carole Dieschbourg bei der COP25 zu Madrid. © MECDD

Related topics COP25, Fridays for Future, Greta Thunberg, Madrid, UN-Weltklimakonferenz, UNFCCC, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post