Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken
International Neiegkeeten

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec

dislike
Verspillte Massen
International Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen
International Neiegkeeten

Vulkanausbroch am Guatemala: 73 Doudeger an 192 vermësste Persounen

Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?

Iwwer 2 Milliarde Mënschen hu keen dauerhaften Zougang zu propperem Drénkwaasser

UN-Weltwaasserbericht: Geet eis d‘Drénkwaasser aus?

Dës Nuecht ass den UN-Weltwaasserbericht offiziell verëffentlecht ginn, an d‘Nouvelle sinn net erfreelech. Den éischte Fazit: iwwer 2 Milliarde Mënschen op der Welt hu keen dauerhaften Zougank zu propperem Drénkwaasser. Besonnesch bedenklech an awer iergendwéi „normal“, esouguer an Europa, mee och an Nordamerika, hu Milliounen Haiser keng Waasserleitung.

Et sinn dann och net déi „räich“ deenen et kéint opfalen. Et si wei ëmmer déi Mënsche betraff, déi zu de souwisou op iergendeng Aart a Weis diskriminéiert Gruppen a Communautéite gehéieren. Eppes méi däitlech: Benodeelegt gi Mënsche wéinst hirem Geschlecht, Alter, sozioekonomesche Status, Ethnie an/oder reliéiser Zougehéieregkeet. Dat betrëfft d‘Hallschent vun der Mënschheet.

UN-Weltwaasserbericht

Nach emol 844 Millioune Mënschen op der Welt, mussen all Dag mindestens eng hallef Stonn opwanne fir iwwerhaapt emol u Waasser erunzekommen. Eng Situatioun déi net eleng, mee besonnesch op Flüchtlingen an/oder verdriwwe Persounen zoutrëfft. An et ass d‘Drénkwaasser net eleng. Och vu sanitären Anlagen, kënnen iwwer 2 Milliarde Mënschen nëmmen dreemen.

Afrika bleift am Fokus

Interessant eng Feststellung déi esou guer net wëll zum 21. Joerhonnert passen. De Mënsch ass technesch amstand op de Mound an nach vill méi wäit ze fléien, an dofir ass och iergendwéi ëmmer Geld do. Wéi kann et da sinn, datt an de Stied (weltwäit) nëmmen 2/3 vun der Bevëlkerung e Waasseruschloss hunn? Am ländleche Beräich sinn net emol 10% vun de Leit, déi een hunn…

Net wierklech verwonnerlech, Afrika ass de Kontinent wou d‘Situatioun am schlëmmsten ass. Südlech der Sahara huet grad emol all véierte Mënsch Zougank zu Waasser, en Drëttel notzt sanitär Anlagen, déi se sech net mat aneren deele mussen. Déi ultimativ Perversioun: wat d‘Leit méi aarm sinn, wat se méi fir Waasser bezuele mussen. Bis zu dat 20faacht géintiwwer Wuelsituéierten.

Gewosst ass elo och, datt iwwer 50 Natioune vum sougenannte „Waasserstress“ betraff sinn. Dat si Länner an deenen iwwer 25% vun den erneierbare Waasserressource genotzt ginn. 31 Natiounen – dorënner China – verbrauche bis zu 70% vun den erneierbare Waasserressource, a bei 22 Länner geet et wäit driwwer, wéi beispillsweis a Pakistan. Et sollt ee keng Froe stelle mee panikéieren…

UN-Weltwaasserbericht

Info: De Weltwaasserbericht gëtt all Joer fir UN-Water duerch d‘UNESCO an där hirem „World Water Assessment Programme“ (WWAP) erstallt. Den 22. Mäerz ass Weltwaasserdag. Fir déi interesséiert, hei den integrale Bericht an englescher Sproocha Léisungsusätz

Ähnlech Sujeten Drénkwaasser, UN-Weltwaasserbericht, UNESCO, Waasser, World Water Assessment Programme
Nächsten Artikel Virrechten Artikel