Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold
Kultur Stories

Editorial: Et sinn ëmmer déi aner Schold

De Verfall vun der tierkescher Lira ass „dramatesch“, an awer

angrydislike
Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch
Kultur Stories

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

De Paräisser Fussballclub PSG (Paris St.Germain) bezilt fir den Transfert

cool
Wéi gutt kenns du eis Geschicht?
Kultur Stories

Wéi gutt kenns du eis Geschicht?

Lëtzebuerg ass net sou al wéi aner Natiounen an Europa.

Unbreakable Kimmy Schmidt geet zolidd an déi véiert Staffel

Unreakable Kimmy Schmidt huet am Ufank vun Netflix senger Offensiv, fir eegen Contenuen ze schafen, fir vill Opmierksamkeet gesuergt. Dat war nëmmen normal, ware vill Leit deemools gespaant, op den Streaming-Déngscht seng selwer gesaten qualitativ Niveau weider kéint anhalen. D’Serie huet net enttäuscht gehat a vill hunn se schnell an hiert Häerz geschloss, schonn eleng wéinst hirem deelweis extrem absurden Humor. D’Erwaardungen un dës 4. Staffel gesinn nach emol anescht aus: Zum engen, well se an zwee Deeler kënnt an zum aneren, well et di lescht wäert sinn.

Eng Saach am viraus: Déi éischt Halschent vun dëser Staffel hält mat engem klengen Cliffhanger op. Wien et also souwisou scho léiwer huet, eng Serie un engem Stéck ze kucken, huet gläich eng duebelt Motivatioun, an dësem Fall bis Enn Januar ze waarden. Deen Ament nämlech soll den zweeten Deel vun dëser Staffel eraus kommen.

D’Handlung profitéiert vu vill Ofwiesslung

De Plot geet gläich do weider, wou déi drëtt Staffel opgehalen huet. D’Kimmy huet en neien Job an enger IT Firma (bei där net genau gewosst ass, wat se eigentlech mécht), den Titus schafft sech vun Schauspillerjob zu Schauspillerjob an d’Jacqueline ënnerstëtzt en dobäi. All Episod konzentréiert sech mol éischter op deen een oder aneren Personnage, während am Hannergrond de Plot ronderëm de Reverend eng nei Dimensioun gewënnt. An engem Dokumentarfilm (dee vun Houseflix, enger Netflix-Parodie produzéiert ginn ass an dankbarerweis ganz an enger Episod ze gesinn ass) kritt deen nämlech seng Vest erëm reng gewäsch. Wat dem Kimmy net gefale kann, wëll hat dach am léifste, datt hie fir de Rescht vu sengem Liewen am Bing sëtzt.

Déi wuel bescht Momenter vun dëser Staffel sinn an deenen Zeenen ze fanne, wou d’Serie sech selwer referenzéiert. Wéi erwäänt ass den Dokumentarfilm iwwert de Reverend an enger Episod enthalen an eng herrlech Parodie of Netflix selwer. En anert Highlight ass och, wann den Titus probéiert, en Theaterstéck mat enger Schoulklass ze féieren, dëst allerdéngs avantgardistesch Proportiounen unhëlt. Insgesamt ass d’Mëschung vu Situatiounskomik kombinéiert mat den deels immensen Dialogen an de gutt etabléiert Figuren och an dëser véierter Staffel nees en absolute Gewënn! Leider musse mer eis nach eng gutt Zäitche gedëllegen, bis mer de Schluss kënne gesinn.

Fotoen: Eric Liebowitz/Netflix

Nächsten Artikel Virrechten Artikel