Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?
Neiegkeeten

SNCA a Contrôle Technique: Wat muss ee wëssen?

Duerch d’Moossnamen vun der Regierung, fir d’Ausbreedung vum Coronavirus COVID-19

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!
Neiegkeeten

ILNAS: Zwee E-Bikes sinn komplett duerchgefall!

Viru kuerzem huet ILNAS, déi sech ëm Qualitéit, Sécherheet a

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech
Neiegkeeten

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber

„Under Climate Pressure”: Protest virun der Chamber

Den 29. November wäert Youth for Climate (YFCL) virun der Chamber d’Aktioun Under Climate Pressure organiséieren. Zil ass et d’Politiker ënner Drock ze stelle fir e Klimagesetz ze stëmmen, dat ambitiéis Ziler an Initiativen enthält. Dës solle schnell ëmsetzbar sinn fir mam séieren Tempo vun der Klimakris matzehalen.

Um internationalen Niveau huet d’FFF Beweegung zum 4. Global Strike for Climate opgeruff, an zwar den 29. November. Zu Lëtzebuerg huet YFCL decidéiert, e méi fokusséierte Protest ze gestalten zum neie Klimagesetz, un deem d’Regierung momentan dru schafft. Och den Nationalen Energie a Klimaplang (NECP) muss um Enn vun dësem Joer der Europäescher Kommissioun presentéiert ginn.

Under Climate Pressure

Den 29. November um 15.00 Auer rifft YFCL dofir d’Studenten op, fir sech virun der Chamber ze versammelen. De Grupp bleift virum Gebai, wou d’Messagen eriwwer bréngen, andeems Rieden gehale ginn. „Dëst ass eis lescht Chance fir de Politiker an der Regierung ze soen, datt si e Klimagesetz maache mussen, dat eis Zukunft an d’Liewen op dësem Planéit schützt“, erkläert YFCL.

D’Regierungspolitik a besonnesch dëse Plang wäert entweder eis Zukunft op dësem Planéit zerbriechen oder opbauen. „Et muss e bedenken, dass d’Regierung den NECP bis den 31. Dezember bei der Europäescher Kommissioun muss ofginn hunn. D’Zäit leeft, an d’Bierger mussen sech Gehéier verschafen.“

Um Enn vum Dag ass d’Klimakris eng sozial Kris a mir mussen dogéint kämpfen. Wann si net richteg behandelt gëtt, wäert virun allem d’Jugend de Präis bezuelen.

Ähnlech Sujeten Chamber, Klimagesetz, Klimakris, Klimawandel, NECP, Protest, Under Climate Pressure, YFCL, Youth For Climate Luxembourg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel