Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?
Neiegkeeten

Fortschrëtt an der Migratiounspolitik?

Beim EU-Sommet vun den Inneminister zu Malta huet et ee

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder
Neiegkeeten

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder

Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd
Neiegkeeten

What the Fakt – New York kritt säin éischt Tram, an zwar mat Päerd

Um 26. November 1832 gëtt am Big Apple déi alleréischt

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

UNEL: Méi Kommunikatioun an Zesummenaarbecht

Den 28. An 29. Dezember huet d‘UNEL säi Joreskongress zu Bouneweg ofgehalen. Si hunn op e beweegte Joer 2018 zréckgebléckt. E vun den Haapttheme waren d‘Stagen, wou si am Fréijoer d‘Regierung beschëllegt hunn, déi prekär Aarbechtsverhältnisser vu jonke Mënschen ze institutionaliséieren. Iwwert de leschte Weekend gouf de Punkt gemaach, an 2019 geplangt.

Fir d‘Kelly Kosel, déi austriedend Spriecherin vun der Studentevereenegung UNEL, war et wichteg drop hinzeweisen, datt ee sech 2019 konkrete Projete wëll zouwennen. „Mir hunn eis entscheet eis no Projeten ze organiséieren, an net wéi bis ewell an ënnerschiddlech Aarbechtsgruppen“, erkläert d‘Kelly Kosel. Esou gëtt et en internationale Grupp, deen d‘UNEL op internationalem Niveau soll vertrieden.

Dat beispillsweis bei der ESU (Europäesche Studenteverband) oder dem OBESSU (Organising Bureau of European School Student Unions). Enorm wichteg, eleng scho well de Problem bis ewell net konnt zefriddestellend behandelt ginn, de Grupp dee sech mam Dossier „Stagen“ muss ausenanersetzen. Hei läit nach villes am Uergen, an iergendwéi wëll d‘Regierung hei d‘Patronat bevirdeelegen an d‘Studente bei d‘Lisette loossen.

Erhale bleift och de Grupp, dee sech mam Logement ausenanersetzt. Déi bekannt Problemer an de politesche Wëlle vun der Regierung, passen net zesummen. Hei muss een derhannert bleiwen, an ëmmer nees d‘Verantwortung vun der Politik afuerderen. En neie Grupp, ënnert der Bezeechnung „Liewen / Gesellschaft“ muss nach gegrënnt ginn.

Am Kontext vum Kongress, ass och en neie Koordinatiounsgrupp gewielt ginn. Dësen ass am Géigesaz zu fréiere Jore méi kleng, a besteet aus der Sekretärin Sophie Née, der Tresorière Estelle Née an der neier Spriecherin, Vicky Reichling. Eng reng Dammenequippe, déi sech operluecht huet en „neie Wand“ an d‘Studentevereenegung ze bréngen.

„D‘Tatsaach datt de Koordinatiounsgrupp 2019 eppes méi kleng ausfält, bitt eis an der UNEL nei Opportunitéiten. Eis ass et wichteg, datt mir dëst Joer eng verbessert Kommunikatioun opstellen. Dat esouwuel am interne wéi am externe Beräich“, esou d‘Tresoriere vun der UNEL. „Mir wëllen aus 2019, d‘Joer vun der Zesummenaarbecht mat de verschiddenen Acteuren zu Lëtzebuerg maachen, a mir freeën eis op all zukünfteg Kollaboratioun“, ënnersträicht d‘Spriecherin.

Ähnlech Sujeten ESI, Estelle Née, OBESSU, Prekariat, Sophie Née, Stagen, UNEL, Vicky Reichling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel