Search

You may also like

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus
Meenung Neiegkeeten

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt,

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich
Meenung Neiegkeeten

D‘Eisebunnergewerkschaft hält d‘Fauscht héich

Am Bouneweger Casino, Sëtz vum Landesverband FNCTTFEL, haten sech d‘Salariéeën

Kenns du d’Buergermeeschtere vun dëse Gemengen?
Meenung Neiegkeeten

Kenns du d’Buergermeeschtere vun dëse Gemengen?

[onionbuzz quiz-id=151][/onionbuzz] No de Gemengewahlen huet sech a ville Gemengen

Fir eng ëffentlech Unerkennung vum e-Sports

Fir eng ëffentlech Unerkennung vum e-Sports

Lëtzebuerg, e Land mat Zukunft? Onbedéngt! Eng Méiglechkeet eist Land zukunftsfäeg ze maachen, stécht hannert dem Begrëff e-Sports. An Zäite vun der Digitaliséierung an fortschreidender Technologiséierung boomt et virun allem hei: Eng villfälteg Branche, déi sech rasant séier entwéckelt an als Hobby, Beruff a Leidenschaft vu vill gëllt.

Mir schwätzen eis dofir kloer dofir aus, e-Sports offiziell als Sport unzëerkennen an ze fërderen. Am Groussherzogtum etabléieren sech elo scho Strukturen, déi sech maassgeeblech mat e-Sports befaassen. Fir déi Mënsche wou an dësem Beräich täteg sinn, wier eng ëffentlech Unerkennung onabdingbar, fir de Grondstee fir eng weider eescht ze huelend Entwécklung ze leeën.

Als Beispill heifir sief déi éischten e-Sports League zu Lëtzebuerg erwähnt, déi de 27. September vun „11F Gaming“ a „POST“ veranstalt ginn ass. Folgend Zuele schwätze fir ee Land, dat déi néideg Ressourcen a virun allem den Interessi huet sech als e-Sports Standuert ze verwierklechen: 8.000 Zuschauer bannent 18 Stonnen, 500 Spiller wärend der Qualifikatiounsphas an ee ganz geréngen Impakt op déi momentan sanitär Kris.

Denkt een dës Zuelen onofhängeg vun der aktueller Situatioun, kann een ofschätze wéi vill Nofro op lëtzebuergeschem Buedem besteet. Och d‘Grënnung vun der „Luxembourg Esports Federation“ (LESF) kann als kloert Signal dofir wouergeholl ginn, datt dem e-Sports méi Opmierksamkeet an Unerkennung zougeschwat sollt sinn.

Iwwerhaapt kann am Joer 2020 eng staarkt Entwécklung vum e-Sports Beräich zu Lëtzebuerg observéiert ginn. Ëmfrowäerter weisen, datt 85% vun de Gamer zu Lëtzebuerg méi jonk wéi 34 a 15% eeler wéi 35 Joer sinn. Zuelen déi ervirhiewen, datt et nëmmen nach eng Fro vun der Zäit ass, bis mir eis endgülteg mat der Unerkennung vum e-Sport ausenanersetze mussen.

D‘Kritären, no deenen eng Aktivitéit als Sport unerkannt gëtt, sollten och zu Lëtzebuerg dem Zäitgeescht Rechnung droen. Ofgesi vun der physescher Aktivitéit erfëlle e-Sports wichteg Kritäre wéi beispillsweis den Team-Building an d‘Konkurrenzfäegkeet. D‘Zukunft wäert weisen a wéi engem Mooss, déi virtuell Realitéit och déi physesch Aktivitéit am Beräich vum e-Sport nach verännere wäert.

Och déi ekonomesch Perspektiv biergt Elementer, déi sech zugonschte vum Land entwéckele kéinten: e-Sports gi manner vum Wieder an dem Wiessel vun de Joreszäite beaflosst. Grouss Sponsoren hätten hei also d‘Méiglechkeet, ganzjäreg ze investéieren. Net zulescht kéint och den Tourismus vun e-Sport Veranstaltunge profitéieren.

Eng ëffentlech Unerkennung vum e-Sports ass den noutwennege Schratt, wa Lëtzebuerg sech weiderhi Perspektiven an de Beräicher Sport an Digitaliséierung ophale wëll.

Matgedeelt vum Nationalbüro vun de „jonk Sozialiste Lëtzebuerg“, ënnerzeechent vum Samira Merenz, Dylan Ferreira a Georges Sold – fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser.

Illustratioun: © Ella Don / unsplash

Related topics Digitaliséierung, e-Sports, jonk Sozialiste Lëtzebuerg, JSL, LESF
Next post Previous post